Spielmann, Christian: Das Bettemburger "Le Paris"

En Eisenbunner am Kino

d'Lëtzebuerger Land du 09.12.1999

Op sénger Schaff am richtege Liewen muss de Mann um Stellwierk drop oppassen, datt d'Zich laanschtenee kommen. Am Kino kritt de Filmkritiker aus dem Lëtzebuerger Journal gär flott Geschichten erzielt. Filmer, an deene vill geschwat, mä näischt gesot gëtt, kënnen hien net begeeschteren. D'Biller sinn him méi wichteg. An dofir zielt de Woody Allen op kee Fall zu senge léifste Realisateuren.

Et muss een net ëmmer an iwwert alles mam Christian Spielmann d'accord sinn, mä wann een onbedéngt Sträit mat him sicht, da brauch een nëmmen ze behaapten, datt de Klassiker Goldrush kee gudde Film ass an den Charlie Chaplin e schappege Schauspiller. Da spréngt de soss éischter gemittlechen, zu Wolz gebuerenen Escher nawell séier aus der Këscht.

Op e gewësse Carlo Zennen ass hien och net gutt ze schwätzen, mä dat ass eng ganz aner Affär. Verbonne mam trauregste Kapitel an der Geschicht vum Betebuerger Kino an dem Ciné-Club Le Paris. De Christian Spielmann huet se niddergeschriwwen. An engem méi wéi dräihonnert Säiten décke Buch: Das Bettemburger "Le Paris". Eng Zort Chronik. Eng Zort Ofrechnung mat all deene Leit, déi de Betebuerger Kino a säi Ciné-Club net ënnerstëtzt hunn. Vill Erënnerungen. Vill Privates. E puer lëschteg Anekdoten. An de komplette Kinosprogramm vun de leschten 42 Joer.

Eng batter Rechercheaarbecht. Mä wien d'Wullmaus Christian Spielmann kennt, dee weess, datt hien sech net sou liicht geschloe gëtt, wann et drëms geet, en Datum, en Numm oder e Filmtitel gewuer ze ginn. Wéivill Entréesticketen an den éischten Deeg fir e Film wéi To Hell and back vum Jessie Hibbs verkaaft goufen a wéi d'Leit all geheescht hun, déi d'Billjeë gerappt, d'Glace verdeelt an no der Virstellung den Tapis plain gebotzt hunn, dat huet hien allerdéngs net erausfonnt.

Fir de Rescht awer hëlt de Christian Spielmann et zimlech eescht mat sengen Opzielungen. Donieft profitéiert hie vun der Geleenheet, fir hei an do eng méi spatz Bemierkung ënnerzebréngen. Iwwert d'Gréisst vun de Popcornbecheren am Utopolis, zum Beispill. Oder iwwert de Lëtzebuerger Schoulunterrecht. Wann et no him géif goen, dann... mä dovu wëllt d'Ministesch bestëmmt näischt wëssen.

Wien Das Bettemburger "Le Paris" liest, de weess um Enn allerdengs Bescheed. Virun allem iwwert dat, wat zu Betebuerg tëscht 1956 a 1998 am Kino lass war. Et war eng schéin Zäit, huet een d'Gefill, och wann et fir de Ciné-Club (deen d'lescht Joer säin 20. Gebuertsdag gefeiert huet) dacks net einfach war. "Schnuddeler si mär vernannt ginn", iergert sech den Auteur. Dat ass elo vergiess. Bliwwen ass e Bierg Pabeier.

Christian Spielmann: Das Bettemburger "Le Paris". Die Geschichte eines Kinos. Der Ciné-Club Le Paris. 314 Säiten. D'Buch kritt een, wann een 800 Frang op den CCP 54864-59 vum Auteur iwwerweist.

Gabrielle Seil
© 2018 d’Lëtzebuerger Land