Lautverkettung

Bruch posthum

d'Lëtzebuerger Land du 04.09.2015

Jo, Dir mengt bestëmmt, dat alles wier guer net esou wichteg. Awer Leit, déi sech fir hir Sprooch intresséieren, freeën sech dach besonnesch, wann duerch ee Glécksfall eppes Onerwaartes an hirer Sproochlandschaft geschitt.

Viru kuerzem huet de Laboratoire (neien Numm: Institut1) de langue et de littératures luxembourgeoises op der Uni du Luxembourg fënnef Audioopnahme publizéiert, déi vum Sproochwëssenschaftler Robert Bruch (1920-1959), wuel an de 1950-er Joere, fir de Schwäizer Professer Rudolf Ernst Keller vu Manchester (1920-2014), den Auteur vun German dialects. Phonology and morphology (Manchester, 1961), gemaacht goufen. En décke Merci en passant un de Kolleg Martin Durrell, deen dem Peter Gilles eng Kopie vun dësen Opnahme ginn huet, fir datt eventuell aner Fuerscher mat deenen Dokumenter weiderschaffe kënnen.

Am éischten Dokument vun deene fënnef Opnahmen, hu mer eng Versioun vun den 42 Wenkersätz (mat 4 Zousätz vum Professer Richard Huss2): Si gi fir d’éischt vun enger Fraestëmm mat engem staarke lëtzebuergeschen Akzent op Standarddäitsch virgelies an da vum Robert Bruch mat senger zolidder Riednerstëmm op Lëtzebuergesch virgedroen. Selbstverständlech kënnen dës Opnahme mat anere méi spéide verglach ginn. Dat ass dunn och gemaacht ginn, mä d’Resultater vun dësem Verglach sinn sou karikatural mëssverstan ginn, datt e puer Explikatiounen néideg sinn.

Zweiwele wëll ech bestëmmt net um Bruch sengem konsequente Gebrauch vum palatale Frikativ [ç] fir (z.B. an iech [iǝç] - wéi am Däitschen) an och net u senger Tendenz, méi oppe Laangvokalen [ɛː] an [ɔː] wéi haut ze realiséieren, z.B. an [hɛːm] haut heem mat [e] an [ʃlɔːfən] haut schlofen mat [o]. Dogéint awer muss ech zouginn, datt eng Behaaptung, wéi „die spezifisch stadtluxemburgischen, offeneren Diphthonge, die man bei Robert Bruch erwarten würde, kommen nicht vor“ net stëmmt: den an dobaussen kléngt am Saz 38 typesch Stater.

Grad an dëse phonetesche Charakteristiken – [hɛːm] kënnt net am Text vir, mä Eeër/Äer steet am Saz 7 – gesäit de Peter Gilles eine ältere Form des Luxemburgischen. Selbstverständlech sinn d’Opnahmen – an dat wësse mer duerch Zeien – an de 1950-er Joere gemaacht ginn: d’Sprooch ass also objektiv eng eeler Form vum Lëtzebuergeschen. Mä aus engem anere Bléckwénkel gëtt dem Bruch seng Aussproch och einfach alt ältere Form ofgestempelt, well déi verschidde phonetesch Realisatiounen net deenen entspriechen, déi haut vum Peter Gilles a Jürgen Trouvain als Standard virgeschloe ginn. An do läit dann d’ Kromm an der Heck, well vill Leit, déi hir Sprooch konkret am Alldagliewen observéieren, hir Bedenke3 kréien, wann se mat abstrakte Kons­truktioune aus dem Laboratoire konfrontéiert ginn.

Ech hu mer den Text vum Bruch e puermol uge­héiert a besonnesch op [iǝç] an de Sätz 27 an 31 gelauschtert. Sou kloer ass de palatale Frikativ [ç] och net. A wann e scho beim Bruch virkënnt, da kann een dach och vun engem (bekannten ­Däitsch-)Professer unhuelen, datt en d’Oppositioun [ç]↔[ʃ] streng respektéiert, wann en als kompetente Spriecher Mustersätz  ophëlt, grad wéi d’Madame beim Virliese vun den däitsche Sätz sech als Léierin och ganz professoral behëlt, dobäi awer d’Oppositioun [ç]↔[ʃ] (wéi haut) verlëtzebuergescht. Éierlech gesot, pauschal Behaaptungen, wéi de Frikativ[ç] fir gëtt haut präpalatal4 oder postalveolar5 realiséiert, si menger Meenung iwwerspëtzt. Si si souguer kontradiktoresch, well wann een e Standardsystem wëll opstellen, da gëtt et eigentlech keng Alternative, et sief ‘t ried ee vun Allophonen6. Ganz bestëmmt fënnt een haut och nach am sougenannten Zentrallëtzebuergeschen ënnerschiddlech Realisatioune vum Frikativ [ç], wéi se schonn dacks a villen Diskussiounen ëm d’Oppositioun [ç]↔[ʃ] an am exzellenten LWB-Artikel iech ernimmt gouwen, vrun allem och an deem iwwerspëtzten hyperkorrekten [i:ǝrç]7.

Datt déi zur Zäit vum Bruch (also och a menger Jugend) méi laang Vokalen [ɛː] an [ɔː] sech haut éischter an [e] an [o] veränneren8 an den zouenen [ɛ] (<ä>) haut éischter als méi oppenen [æ] (<ä>/) kléngt – dat alles stëmmt wahrscheinlech … an den Eenzelresultater, déi de Peter Gilles a Jürgen Trouvain an hirem Laboratoire als zen­trallëtzebuergesch Standard-Realisatiounen (jee nom Choix vun deenen zwéi kompetente Spriecher) unhuelen, generaliséieren an normaliséieren wëllen9. Mä déi Tendenzen, niewent aneren, beweise keng systematesch diachronesch10 Evolutioun, och wann bei eenzelne Realisatiounen déi eng oder aner lautlech Verännerung ka festgestallt ginn. De Bruch, sou schéngt mir (ausser wann e vu Chand schwätz) gebraucht am Fong kee méi aalt Lëtzebuergescht wéi ech a vill anerer haut. Mä seng prosodesch Betounungs- an Intonatiounsketten ënnerscheede sech kloer vum gestresste presséierten Texterofliesen a souguer Texterofleieren an de Medie vun haut. Amplaz déi phonetesch Lautverkettung a Lautanalys ze komplizéieren an esou d’Léiere vun der Sprooch méi schwéier ze maachen, wier et vläicht un der Zäit, deem rhetoresche Kommunikatiouns-Kontext méi Gewiicht ze ginn.

1 Cf. Site Infolux – Fuerschungsportal iwwert d’Lëtzebuergescht. Ech perséinlech fannen et net schlecht, datt dëse Laboratoire, wéi, ufangs geduecht, Institut genannt gëtt, sinn awer dofir, datt dat ëm d’Joer 2000 projetéiert (National ?) Institut Robert Bruch net lues a lues autoritär als Monopol imposéiert gëtt.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land