CD Unscarred? vum Pol Feltes

Kanner, Kanner, wat eng Welt

d'Lëtzebuerger Land du 13.03.2003

De Pol Feltes ass där een, deen se ëmmer de "Geheimtipp" nennen. Et gesäit een e wéineg an den SMS-Emissiounen, en huet keng trendy Home-Page, e räpt net a spillt och keng Fuesmusék. Dat ass déidlech fir am Lëtzebuerger Show-Business zu eppes ze kommen. Opgewuess um Bridel, huet en do séng éischt  Optrëtter  am Jugendzentrum  ge-maach, an elo huet de "Geheimtip" eng wonnerschéin, plazeweis e bësse mysteriös CD fäerdeg bruecht, di beweist, dass  et dem "Lëtzebuerger  Songwriter" awer nach net sou gaangen ass, wéi dem Dynosaurier oder dem Archeopterix. 

Seng Tzeedee Unscarred? ass "typesch Songwriter". Den Text an d'Arrangement, all eenzel Zeil, all eenzelnen Toun si nach gutt traditionellt Handwierk an aus engem eenzegen, riichte Goss. D'Opnahm am Studio vum Thierry Kinsch ass sou asketesch, wéi se nëmme ka sinn, an dat  bréngt en ongeheiere Charme, eng richteg Poesie an de ganzen Album. Dobäi ass de Pol Fettes mat enger minimaler Besetzung auskomm, fir seng  poetesch  Messagen eriwwerzebréngen, als e kreativt "Ganzt". 

Dat fundamentalt Gefill vum post-moderne Lëtzebuerger Bard, Lidderpoet oder, wéi der wëllt, multidisziplinären Kreativ-CD-Knéchler, kënnt, no de laange Jore vun der Rebellioun, am Familienalbum un. "I wish I could crawl to the sheltering lap of my mother's fertile bosom." Dat  ass wéinstens konsequent. Sou Sätz muss een op Englesch sangen, wëll am Lëtzebuergeschen giff een se op eng ganz brutal Aart a Weis verstoen. Si hätten "d'Atmosphäer" net méi. Et ass also guer net sou wichteg, ob een elo Unscarred? mat engem oder mat zwee "r" schreift, wichteg ass d'"Gefill",  wat ee beim Nolauschteren huet, oder vläit och nëmme projezéiert.

Fir Rationalisten ass des CD also net ze recommandéierten, mä di Leit wësse jo och net, wat hinnen entgeet. Mär huet jiddefalls enorm gefall, wou ech bei deene méi "ireschen" Balladen op eemol un de Bob Dylan erënnert gi sinn, allerdéngs ouni deen enormen, (onéierlechen) politesche Message, ouni de Kanal voll ze hunn an ouni Polypen. Op der Mondharmonika bréngt de Pol Fettes et ouni weideres fäerdeg, deen ale Guru super nozemaachen. Aner prominent Reminiszenzen sinn dann och di schéin Akkorden aus Pin Ball Wizard vun den Who.

"I wanna leave the city for a while, I need to see some gentle countryside", séngt de Pol Feltes an e mécht dat op sou eng elegant a genësserlech Manéier, dat et eng Freed ass ,nozelauschteren an an der Phantasie duerch d'Grings ze hëppelen. Mä et soll ee net mengen, dass e nëmme beim traditionelle Folk stoe bliwwen ass. Et si besonnesch déi mi nei Lidder, déi an der Orchestratioun an an den Iddien wierklech kreativ an originell sinn. 

Déi schiel an awer exuberant Geie vu Prisoner of my Needs, dem Andros Athanassiou seng "World-Eskapaden" an der Gitare-Begleedung schafen nei Atmosphären, déi ee wäit vun der Nostalgie ewech féieren. Dat Lidd, wat mer am beschte gefall huet op dëser Tzeedee, ass Owe to a Runover Bird. Op esou wonnerbar musikalesch Baaschterten flippen ech eben aus, och op d'Rengheet  an déi enorm Expressioun vun enger u sech "banaler" Liebesballad wéi The Cut. Anerer gi bestëmmt geckeg, wann se Fools Tales héieren, dovu sinn ech iwwerzeegt. Unscarred? bréngt et fäerdeg, z'iwwerraschen an ze faszinéieren. Heiansdo nëmmen e Puer Zeilen Text, ganz einfach gesongen, dann erëm  eng "Intro", déi wéi en Teppech aus dem Orient  souverän an d'Oweswolléken eraflitt. Addy Här Dylan, Moie Pol Feltes, kann een do jüst soen.

 

 

 

 

Jean-Michel Treinen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land