Zoom op d’Sprooch

Zesummen- oder getrenntgeschriwwen ?

d'Lëtzebuerger Land du 03.11.2017

E puer Lieser hunn op de Zoom iwwer d’Stoff- respektiv d’Material-Konnexioun am Nominalgupp reagéiert1: Si hätten, soen si, spontan dat ondekli­néiert adjektivescht Element mat –s net getrennt geschriwwen, wéi dat am LOD de Fall ass. Esou zum Beispill hätten si e pabeiers Becher / Nuesschnappech, eng pabeiers Tut / Zerwéit, e plastiks Teller, eng lieders Posch wéi an den Nominalcomposéen Pabéiersbecher / -nuesschnappech / -tut / -zerwéit, Plastiksteller / Lieder(s)posch zesummegeréckelt, wéi een dat och an aneren Dictionnairen (Luxdico, dico.lu, DFL Saint-Paul) liese kann.

Ganz ofgesi vum Gebrauch vum Bindestréch (trait d’union), deen eng drëtt orthographesch Méiglechkeet duerstellt a vun deem an engem apaarte Zoom2 Rieds ass, komme mir dann op d’Regelwierk vum Zesummen- a Getrenntschreiwen ze schwätzen, dat am Lëtzebuergeschen – leider – nach net offiziell norméiert a formuléiert ass3.

An der Regelung vum Zesummen- a Getrenntschreiwen si prinzipiell zwee Facteure wichteg. Engersäits d’Definitioun vum graphesche Wuert: All autonom morphologesch Eenheet, déi aus engem Lexem mat eventuellen Affixen (Prefixen, Infixen an/oder Suffixen an/oder Endungen) besteet, huet d’Form vun engem linealiséierten zesummegeschriwwene Wuert: ruffen, riffs, geruff, Beruff, berufflech, Berufflechkeet. Anersäits gëllt de Postulat, datt d’Zesummeschreiwe vu Wierder d’Ausnam ass an duerfir och justifiéiert muss ginn. Bei dëser Begrënnung an Norméierung sinn dann déi syntaktesch Kriterien (Klassen, Expansiounen, Graduéierungen) méi wichteg wéi déi diskurssemantesch (phraseologesch, lexikalesch, metaphoresch) Aspekter, déi fréier decisiv waren. Kucke mer eis fir d’éischt mol e puer Beispiller aus verschiddene Verbklassen un.

Einfach Verben a Verbe mat ontrennbaren onbetounte Prefixe wéi be’zuelen, em(p)’fannen, ent’stoen, er’zéien, ge’brauchen, ver’zielen, zer’-
stéieren, mëss’brauchen, hanner’loossen, voll’ strecken, mat prefigéierte romaneschen Elementer (interpre’téieren, collabo’réieren, delimi’téieren, rezi’téieren) oder mat onbetount gebrauchte Mëschprefixe wéi duerch-, ëm-, ënner-, iwwer-, widder- (Schanen/Zimmer: Lëtz. Grammaire 2012, § 13: D’Police huet d’Haus duerch’sicht, mee net: ’duerchfueren: Mir sinn einfach ’duerch-
gefuer) gi mam eventuell modifizéierte Verbstamm zesummegeschriwwen, genee wéi e puer denominal Verbaliséierungen: Buschstaf → buschta’wéieren → buschsta’wéiert; Langweil → ’langweilen → ge’langweilt; ’nout- / ’tëschelanden → ’nout- / ’tëschege’landet.

Dogéint gi getrennt geschriwwen all Verbalwendunge mat finalem Infinitiv, besonnesch mat Verbalprädikaten, déi (och an der reforméierter däitscher Rechtschreiwung): 1) Prädikativ vu sinn oder ginn sinn: aus / do / dru / amstand / ëm sinn; hell / rout / rose / ge’wuer ginn; 2) mat engem Infinitiv oder Partizip II ee polylexikaleschen Ausdrock bilden: bestoe bleiwen, kenne léieren, sëtze bleiwen, verluer goen, gefaangen huelen, geschenkt kréien4; 3) mat enger figéierter Nominalbasis, déi meescht Objekt ass, groussgeschriwwe gëtt an e phraseologesche Prädikat duerstellt: Angscht hunn/kréien, Wéi dinn/doen, Leed dinn/doen, Schlaang stinn/stoen, Vëlo/Auto fueren, Merci/Awar soen. 4) E komplexe Verbalprädikat, deen aus engem Verb an engem Adverb besteet5. Dës Struktur fënnt een och dacks 5) mat engem getrennt geschriwwenen Adjektiv, dat an dësem Fall entweder mat -eg, -esch, oder -lech derivéiert ass (iwwereg bleiwen, auswenneg léieren, kritesch denken, grëndlech botzen) oder op d’mannst mat enger Gradpartikel wéi méi oder ganz bestëmmt ka ginn: bekannt maachen, séier fueren.

Dës Komplexer Adjektiv/Adverb + Verb hunn dacks eng sougenannt resultativ Struktur: bereet halen, brooch leien, dicht maachen, kal stellen, krank mellen, futti schloen, sech dout laachen. Heiansdo weess een awer net, ob d’Adjektiv oder d’Adverb net och als trennbaren Deel vun engem composéierte Verb muss klassifizéiert ginn: feststellen oder fest stoen? fräi ’schwätzen (improviséi-
eren) oder ’fräischwätzen (Urteel)?

Eng wichteg Kategorie ass déi vun de composéierten trennbare Verben: Si ginn entweder an engem Wuert zesummen- oder an e puer Wierder getrenntgeschriwwen. De Prinzip ass einfach: A) zesummegeschriwwen am Infinitiv an am zweete Partizip an an de Verbalgruppe mat finitem Verb an „Ennpositioun“: uruffen, ugeruff, wann hien eis urifft / ugeruff huet/ géing uruffen; B) deen eventuellen ze am Infinitivgrupp an de ge am zweete Partizip stinn tëschen deenen zwéin trennbaren Deeler vum composéierte Verb (hei am Beispill °fort°fueren): Wéini fiers de fort? (V2) Da fueren ech fort / du sinn ech fortgefuer / da géif ech fortfueren (V2). Fir fortzefueren? Wéi mir fortgefuer sinn (VE).

Zu de betounten trennbare Verbpartikelen gehéi-
ert eng laang Lëscht vun ondeklinéierbaren Elementer: A) a(n)-, aus-, bäi-, duerch-, ëm-, ënner-, ent’géint-, fort-, géint’iwwer-, hei-, hier-, hi(n)-, iwwer-, laanscht-, lass-, mat-, nidder-, no-, of-, op-, u(n)-, vir-, viraus-, ‘viru(n)-, vru(n)-, weider-, widder-, zou; B) eng Rëtsch vu composéierte Partikele mat er- (däitsch: her oder hin), dat viru Vokal op r- reduzéiert ka ginn: (e)’ran-, (e)’raus-, er’bäi-, er’duerch-, (e)’rëm-, (e)’riwwer-, (e)’rof-, (e)’rop-, (e)’run-, er’vir; C) en denominaliséierte klenggeschriwwene Substantiv, deen als Basis vun engem fréieren Nominalgrupp oder als Member vun engem Prepositionalgrupp iwwereg bleift: ’deelhuelen, ’feelgoen, ’heemgoen, ’standhalen, ’wechgoen, ze’summefalen, ’zréckkommen; D) relativ seelen, e figéiert Adjektiv, dat keng syntaktesch Erweiderung méi zouléisst: schwaarzfueren, doutschloen.

An anere Kategorien (Adjektiv- a Partizip-, Nominal-, Konjunktional- a Prepositionalgrupp) gehéiert d’Zesummeschreiwen zum Ausdrocksprozess vun der „créativité lexicale“. Se referéiert op nei Begrëffer: himmelblo, onverhofft, liewenslänglech, villfaarweg, fangerbreet, knéidéif, batter­séiss, batterkal, doudellen, sauwaarm oder weist op d’Kategorieännerung vum lexikalesche Komplex hin: zur’zäit, bierg’op, daags’iwwer, all’kéiers, ’villmools, am’plaz.

1 Cf. „Eng Holz-Scheier, jo! Mee eng lieders Posch?“ (d’Land, 01.09.2017)

2 Cf. „Bindestréch“ (d’Land,19.08.2010). Am leschten Abschnitt fënnt ee Beispiller vun deene verschiddene quasi obligatoreschen Uwennungen: x-Been, Uno-Sécherheetsrot, déi 68er-Generatioun, eng Juncker-Rees, d’Hals-Nues-Ouere-Spidol, Point-de-Vuen, Roll-lueden. Mee fakultativ: Holzscheier oder Holz-Scheier. Mat engem Fugenelement wéi -s oder -en gëtt den Nominal-
composé allgemeng zesummegeschriwwen: Universitéitsprofesser, Bauerenhaff, Bauerefra.

3 Am Arrêté vun 1975 herrscht de Prinzip vum däitsche Muster: „Eis Ufanksbuschstawe sti grouss a kleng wéi am Däitschen. Eis Sazzeeche stin och d’nämmlecht, an d’Silbe gi grad sou zerluegt.“ Well déi däitsch Rechtschreibung och zënter 1996 reforméiert ginn ass, hätt de Règlement grand-ducal vun 1999 op d’mannst misse preziséieren, ob déi Reform matabegraff ass oder net. Am Texte coordonné (Schanen/Lulling vun 2003: L’introduction à l’orthographe op Lëtzebuergesch a Franséisch um Site vum CPLL) ass dee ganzen Deel vun de lëtzebuergeschen, net-alphabeteschen Orthographieszeeche mat der däitscher Amtliche(r) Regelung vun 1996 fir d’éischt an Aklang bruecht ginn. Cf. och F. Schanen / J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire (Schortgen 2012), Chapitre 24: „Attaché ou séparé“, §§ 478-497.

4 Egal ob am eigentlechen oder am metaphoresche Sënn: eng Schossel fale loossen; e Frënd fale loossen

5 Pronominaladverb wéi -enaner-, -eneen-: matenee schaffen, sech nonee maachen, ausernee goen; lokatiivt, respektiv direktiivt Raumadverb: dobäi, dofir, ënnen, uewenop, doheem, hannescht, no vir, no hannen; Modaladverb: eleng bleiwen / schlofen …

François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land