Zoom op d’Sprooch

Vu Sproochkaart zu Sproochkaart

d'Lëtzebuerger Land vom 31.08.2018

An de leschten aacht Deeg huet mäin Handy méi dacks gerabbelt wéi an aneren übleche Summervakanzdeeg. Do wollt eng Post-Doktorandin fir d’éischt wëssen, wat ech vun der „intressanter neier Sproochvarianten-Initiativ vun e[i]ser UNI.LU“ (Lex Roth) géif halen, a besonnesch vun der App Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung. Déi misst mir als auslännesche – franséische – Linguist dach gefalen, well et eng „originell Realisatioun“ wier, déi „dat sproochlecht Material an der Recherche dach endlech mol kéint erneieren“.

Tatsächlech – sou hunn ech hir geäntwert – wär ech zefridde mat der App, déi et erlaabt, déi geschwate Sprooch an alle Facetten opzehuelen an ze dokumentéieren. Leider awer géif ech bedaue-ren (als Linguist mat der duebeler Lëtzebuerger a franséischer Nationalitéit a besonnesch als Native speaker), datt dës App – pejorativ – Schnëssen genannt gi wär an datt dëst Geschnëss mam pompösen Numm Sprooch fir d’Fuerschung versi gi wär. Dat stéing am Widdersproch mat der Erklärung vum Institut vun der Uni, dat natierlech wënscht, datt d’Lëtzebuerger Sprooch méi Unerkennung am Alldag kritt, fir net als manner wichteg Niewesächlechkeet („als intressante Folklore“, seet de Lex Roth am Text „Sprooch-Filter“ op RTL.lu, 06.07.2018) niewent deen anere Sproochen ofgestempelt ze ginn1.

En zweete Widdersproch besteet dann a mengen Aen doran, datt dee ganz niewesächleche Folklore mat all senger Schnësserei sech eigentlech nëmme mat eelere bekannte Perspektiven, Problematiken a Resultater zefridde gëtt. Huele mer d’Beispill vun der „neier“ Kaart: „Das Insekt mit großen bunten Flügeln! – Eine Wortkarte von der deutsch-luxemburgischen Grenze“ (Infolux, 16.05.2016, Maike Edelhoff).

Den Artikel an d’Wuertkaart sinn am Fong just „nei“ wéinst deene 50 Lëtzebuergesch-Spriecher plus 28 däitsch Déisäits-Spriecher aus 63 Uertschaften diesseits und jenseits der deutsch-luxemburgischen Staatsgrenze. D’Regioun, aus där déi Befrote stamen, ass zimlech breet, mee strukturéiert duerch déi lëtzebuergesch-däitsch Staatsgrenz.

De Point-de-vue vun der Verfasserin ass explizitt an implizitt dee vum Afloss vun der Staatsgrenz op d’Sproochen (Lëtzebuergesch an Däitsch) an op déi fränkesch Musel- a Rhäin-Dialekter. D’Lëscht vun den dialektale Varianten ass scho laang bekannt (cf. LWB: Päipel a RhWB: Peipel), a gewosst ass och, datt op däitscher Säit d’Standardwuert Schmetterling ass an op lëtzebuergescher Säit de Päiperlek oder
vläicht dach de Päipel2.

Richteg schued ass et, datt d’Maike Edelhoff keng vun de „lëtzebuergeschen“ Ëmfroe men-
tionnéiert (wéi zum Beispill déi vun RTL.lu a Lex Roth: „Eis Ëmfro, wow!“ an: „Vive de Päiperlek!“, 19. a 26. November 2013). Déi lëtzebuergesch nationalsproocheg Perspektiv vun engem Henri Rinnen oder Lex Roth ass, datt Schmetterling „dat däitscht Wuert ass, fir dat et e sëlleche Nimm op Lëtzebuergesch gëtt: Päipel, Päiperlek, Pippel. Dernieft gëtt et dann nach eng Hällewull Lokalausdréck“, seet den Heng Rinnen weider3, während Schmetterling fir d’Maike Edelhoff gläichzäiteg dat däitsch Standardwuert ass an dat dialektaalt Schmetterléng vun der däitscher Staatsgrenz.

Hoffentlech gëtt an der Reiefolleg vun der Serie „Schnëssen“ op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg vum nach bis den 31.08.2018 [Pol Breser] dës lëtzebuergesch Perspektiv nees e bësse méi an d’Mëtt geréckelt; hei déi annoncéiert Reiefolleg: Päiperlek, Kéiseker, Puppelchen, verzielen, Poubelle, virwëtzeg, Villercher, Eeër, kaf/kaaft, Kaffiskichelchen, bitzen, Ënn.

Dobäi misst menger Meenung no och iwwer eng méi präzis Typologie vun de Sproochkaarten nogeduecht ginn. Jiddefalls misst gesot ginn, firwat d’Sproochelement op der Kaart typesch ass; zum Beispill Futtball, Fussball als Integratiounsbeispill vun engem „engleschen“ Composé
(Fuussball ass eng lëtzebuergesch Iwwersetzung).

Allgemeng Iwwerleeungen iwwer déi theoretesch Bedingungen a Critère vun dëser Typologie a Klassifikatioun kéinten d’Commentairë vun de Sproochkaarte beräicheren. Sou kéint d’Presentatioun vun dësem „neien“ Sproochatlas och zu enger neier Konstellatioun vun den Haaptcharakteristike vun eiser Sprooch féieren. De – pejorative, fir mech deelweis och demagogesche – Folklore vun der Schnëssen-App kéint da schliisslech dach, niewent de Gebrauchsprozentsätz, „neie“ Wäin an déi „al“ Schläich vun den Sproochatlasse bréngen.

Sproochkaarten opstellen ass e präzisen, methodeschen, fir Studenten intressanten, relativ flotten Exercice. En ass et ëmso méi, wann den Auteur d’Haaptdonnéen net selwer ze sammele brauch – dat mécht dann d’App Schnëssen fir hien – an seng Haaptaarbecht dora besteet, d’Äntwerten ze klasséieren an ze kommentéieren. Dobäi ass dës Synthees awer kengesfalls einfach, well d’Auteuren en dräifachen Hannergrond ni vergiessen däerfen: de systematesche linguistesche Kader4, dei kontextuell Ëmwelt vum „passive“ Wëssen5 an déi noutwenneg Standardiséierungsperspektiv6. Nëtzlech sinn dës Etudë schliislech dach nëmme, wann se an der heiteger lëtzebuergescher Synchronie verankert an interpretéiert sinn.

1 Cf. Zitat vum Peter Gilles um Site Infolux: Avis iwwer de Projet de loi à la promotion de la langue luxembourgeoise an iwwer den Aktiounsplang iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch: „Verbonnen domat ass, dass et eis néideg schéngt, dass d’Sprooch generell méi Visibilitéit an Unerkennung am Alldag kritt an d’BiergerInnen net d’Impressioun kréien (z.B. bei Formulairen, Internetsitten, Schëlter etc.), dass d’Lëtzebuergescht eng Niewesächlechkeet ass, déi manner wichteg niewent anere Sprooche matleeft.“ Wéi de Numm Schnëssen d’BiergerInne iwwerzeege kann, déi lëtzebuergesch Fuerschung méi eescht ze huelen, ass mir dach e Rätsel!

2 Päipel (op lëtzebuegescher Säit zum Beispill Schengen) ass Peipel op däitscher Säit. Cf. och d’Lëscht vun den dialektale Varianten ënner
Päipel (an net Päiperlek) am LWB a Peipel (an net Schmetterling/léng) am RhWB.

3 In Gutt gemengt (Kleng Notizen iwwer Changementer am Lëtzebuergeschen. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1998, S. 55, Notiz 152

4 Zum Beispill mussen se kloer uginn, a wat fir engem grammatesch-syntaktesche Kader (Wuert- oder Wuertgruppegrammatik) si sech beweegen.

5 Déi meescht Variante gehéieren zum „passive Wëssen“ vun de Kommunikatiounspartneren.

6 D’Fro nom Standariséierungsgrad ass net onbedéngt déi vun der Gebrauchsfrequenz.

François Schanen
© 2018 d’Lëtzebuerger Land