De Gebrauch vum "e"

Léiwen „e“, da weis eis dach, wat s de kanns!

d'Lëtzebuerger Land du 09.08.2013

D’Iwwerschrëft ass en didakteschen Trick aus der flotter a gescheiter Presentatioun Mir léiere lëtze­buergesch schreiwen. E Schreif- a Liesbuch fir Grouss a Kleng, déi de Cactus fir „d’ Leit vu 7 bis 77 Joer“ erausginn huet (3. Oplo : 2005). Tatsächlech ass de fënnefte Buschtaf „e“ vun eisem ABC an der lëtzebuerger Schreifweis polyfunktionell, dat heescht, datt en – jee nom System, an deem e funktio­néiert – verschidden – an an dräi Fäll souguer iwwerhaapt net – ausgeschwat gëtt. Deemno ass de Gebrauch vum „e“ och schwéier ze beschreiwen. Zënter zwee Joerhonnerte sinn d’Regele schonn e puer Mol geännert ginn an haut sinn se nach ëmmer net déi einfachst1. Ënnerscheede muss ee fir d’éischt véier spezifesch Lauter: 1. de laangen /e:/ betount a seelen onbetount °Eenheet, °Regel; 2. de kuerzen /e/ betount an onbetount: °glécklech; 3) de kuerze be­tounten an onbetounten /ә/ oder /oe/ °Bëls, °Bëtong, °struwwelen2; 4) de kuerzen /ae/ Bett, hell, Häll respektiv de kuerzen a laangen /ε/, /ε:/ nämmlecht, nämlech, gären, wäerd, mä. Dobäi kommen déi dräi Fäll, wou dem geschriwwenen /e/ eigentlech kee Phonem géintiwwersteet : 5) de fakultativen onbetounte Silben-/ә/ vun (e)lo, mock(e)leg; 6) de franséischen e ‘muet’; 7) de sougenannte Rëtschvokal. Dat sinn also zesumme siwen Ënnerscheeder, vun deenen der véier un eng speziell Aussprooch gebonne sinn an déi aner schrëftlech mat „e“ neutraliséiert sinn, dat heescht keng explizitt Markéierung fir d’Aussprooch hunn.

Fänke mer mam laangen /e:/ un, also mat der sougenannter Quantitéitsregel. An der leschter Rubrik gouf erkläert, datt den /a:/, /o:/, /u:/, /i:/, wann se an enger betounter Silb laang ausgeschwat ginn, prinzipiell 2X geschriwwe gi viru méi wéi engem Konsonant an 1x virun engem oder kengem (Ø) Konsonant, also (V=Vokal, K=Konsonant): 2VV + KK…, 1V + K ; 1V + Ø. Beispiller: aalt, al, si; moolt, molen, gro. Bis 1999 war dat och de Fall beim laangen /e:/. Haut gëtt dëse laangen /e:/ awer ëmmer „ee“ geschriwwen, egal wéi vill Konsonanten duerno kommen: also 2VV + K (bei deen anere Vokaler ass et 1V + K), 2VV + KK…, 2VV + Ø (bei den anere Vokalen ass et 1V + Ø) an dat a betounte Silben (‘Zeechen, ‘Been, ‘zwee, da’jee) wéi an onbetounten (zum Beispill -heet/-(eg)keet: ‘Dommheet, ‘Klengegkeet). D’Ännerung vun der Quantitéitsregel vum /e:/ huet zënter 1999 ënner anerem zwou wichteg Konsequenzen: 1) eng Onmass vun „ee“-en, déi engem séier kënnen op de Su goen (zweeeeëg Zwillingen); 2) eng Hällewull vun Ausnamen, déi duerch den onkloere kontrastiv-etymologesche Prinzip justi­fiéiert ginn, datt et „däitsch oder aner friem Wierder (sinn), déi an deene Sprooche mat engem einfachen ‚e‘ geschriwwe ginn, an déi mer onverännert iwwerhuelen“ (Text 1999). Kuckt een sech awer déi eenzel Beispiller un, da mierkt een, datt den einfach geschriwwenen „e“ an dëse Friemwierder entweder net laang ass (Se’rie,The’ater, Demokra’tie, De’tail, ‘Meteo, ‘Zebra) oder am Fong keen /e:/ ass: Pho’nem, kon’kret, ‘Banquier, ‘Gilet [’Jilli], ‘Bouquet [‘Bucki], ‘Emil, ‘Edith, oder als neutraliséiert kann ugesi ginn, wéi an der Sequenz: -eg-, déi [ej] ausgeschwat gëtt: ‘Regel, ‘Segen, be’wegen, Be’wegung, ‘Fegfeier.

Nom laangen /e/ hu mer dann de kuerzen /e/, dee mam diakriteschen Accent aigu „é“ versi gëtt, wann en an enger betounter Silb virkënnt virun „ch“ [ç], „chs“ [ks], „ck“ [k], „ng“ [ŋ], „nk“ [ŋk], „x“ [ks]. Beispiller: sécher, Sécherheet, du méchs; Béchs ; déck, Stéck, Bréck; Réng, Péng; Wénkel, drénken; féx. Ausnamsweis kréien awer déi heefeg gebrauchte Pronomen ech, mech, dech, sech a Possessivwierder meng, deng, seng mat hire Composée wéi ‘mengetwegen, ‘sengerliewen, sengersäits, dengesgläichen keen Accent aigu. Selbstverständlech kritt de kuerzen /e/ keen diakritescht Zeechen an den onbetounte Suffixsilben -echt, -(l)ech, -eg, -ek, -eng. Dogéint gëtt en a franséischen Transferte just a meescht distinktiven Ennsilbe bäibehalen: Tiercé -> Tierce, Traité -> Traite.

Den „ë“ mat Trema oder Tëppelcher steet fir den accentuéierte kuerzen /ә/ (respektiv /oe/): ënnen, fënnef, nëmmen, frësche Fësch, Dëppchen, och als Pendant vum däitsche kuerzen „ö“: ëffentlech, Bevëlkerung, vëlleg. Steet den /ә/ awer an enger onbetounter Silb, an de Grammemen den, dem, der, e(n) (Artikelen): em, en, er, es, et, se (Pronomen), ze (Prepositioun), net (Negatioun) an an de Suffixen -ef (hallef), -el (Schlëssel), -em (Manktem), -en (Familljen), -es (owes), -esch (lëtzebuergesch), -e, -em,-en, -es (Flexiounsmorphemer), dann ass den /ә/ schrëftlech neutraliséiert, dat heescht e kritt keen Trema. D’Tëppelcher kommen dogéint op den „e“, wann en am Kontakt mat aneren „e“ an enger onbetounter Silb prononcéiert gëtt: agëengt, anzëengen, gëeelzt, Alleeën, dat kënnt geleeën, Clienteën, oder am Kader vun der Eifeler Regel op en ausgeschwatene Flexions-„e“ hiweist, deem säin „n“ ewechgefall ass: d’Poubellë rausdroen, déi vill Point-de-Vuë iwwer d’Chancëgläichheet, e beigë Mantel.

Wann een den duebelen „ee“, mam „é“, mam „ë“ a mam accentuéierten einfachen „e“ vergläicht, da steet dëse leschten ouni diakritescht Zeechen a betounte Silbe viru KK… fir de kuerzen /ae/ (P. Gilles), respektiv /ε/ : Bengel, ellen, Wett, Fett, prett, hell, Deckel, Blech, Zenner, Respekt. Den „e“ ass an deem Fall déi onmarkéiert Schreifweis, well en (fir de Laut /ae/ oder /ε/) duerch „ä“ ersat gëtt, wann en a lëtzebuer­geschen oder friemsproochege Stämm engem „a“, „ä“, „o“ oder „ö“ entsprécht: Bäcker (baken), Träppleck (Trap), Käpp (Kapp), Kräsi (crassier), Fräsch (Frosch), Schwämm (schwammen), tässelen (tasser) Häll (Hölle). Den „ä“ als markéierten Terme ass begrënnt ­duerch de kontrastiv-etymologesche Prinzip.

Déi véier Schreifweisen, spezifesch a betounte Silben, ginn an onbetounte Silben allgemeng3 duerch „e“ neutraliséiert. Zum Beispill Regel, De’tail, schrecklech, Bengel, ‘Wirschtercher, mä ‘Misär. Betount hu si eng wichteg distinktiv Funktioun: kéngkeng, kléngenklengen, fléckFleck; streckenstrécken ; HeelHällhell … Onbetount muss d’Neutralisatioun „e“ vun deen aneren „e“-en ënnerscheet ginn, déi eigentlech kee Phonem duerstellen, mä als lautlechen Deel vun der Verschrëftung vun engem komplexe Laut opzefaasse sinn. Sou den „e“, deen deelweis a fakultativ Konsonante silbéiert:(e)leng, Timb(e)ren, krabb(e)len, héi(e)ren, oder de franséischen „e“ muet: eng Partie Belote oder dee gelungene Rëtschvokal an deene richtegen (monophonemateschen) a falschen (biphonemateschen) Duebellauter. Dat sinn zesumme siwen Ënnerscheeder, vun deenen der véier un eng speziell Aussprooch gebonne sinn an déi aner schrëftlech neutraliséiert sinn.

1 Cf. LL 05/09/2008 in: Lëtzebuergesch Sprooche-rubriken, Schortgen, 201, 92-94: De laangen “ee”. An enger Bibliographie iwwert d’Schreifweis musse selbstverständlech d’Destinatairë mat berécksichtegt ginn. Cf. http://www.al.lu/index.php/departements/letzebuergesch/331-letzebuergesch-richteg. Eng Beschreiwung vun der Orthographie fir d’Uni a fir d’Recherche (cf. F. Schanen / J. Lulling: Introduction à l’orthographe luxembourgeoise www.cpll.lu [2000-2003]) ass net datselwecht, wéi der Action Lëtzebuergesch hiert Blat vun 1999, dem J. Braun säin Heftchen oder der Ch. Ehlinger hiert Bichelche fir erwuesse Nativespeaker, oder dem Yuppi säi flott Schreif- a Liesbuch fir Jonker am Cactus-Verlag.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land