Richtungsfunktioune vu Präpositionalgruppen

Zu Esch an an Esch

d'Lëtzebuerger Land du 05.09.2014

Enn 1947: fir d’éischt war ech an der Vakanz zu Esch bei der Mamm vun engem zukënftege Schwoer. D’Bomi – sou hu mer all déi léif Witfra genannt – huet net wäit vun der Eisebunn gewunnt a vun hirer klenger flotter Stuff aus, konnt een héi­eren, wéi d’Lokomotive laanschtgezischt sinn. Ech wier nawell gär iwwer déi blénkeg Schinne mat gejauft, erof an Esch bis op d’Gare, an da bis an d’Stad an an all déi onbekannt Länner op der Welt. Mä ‘t war mir streng verbuede ginn, d’Dier vun der Wunnecht opzemaachen, an heemlech erop op déi fräi Bunn ze kloteren. Esou gëtt de Kanner leider d’Loscht op Abenteuer ausgedriwwen!

An dëse puer Zeile kënnt den Numm Esch (ouni Artikel) mat zwou verschidde Präpositioune vir: zu an an. Déi zwee Wierder, d’Präpositioun an den Nominalgrupp-Member mat sengem Kasus (zu Esch, an Esch), bilden e Präpositionalgrupp, wou déi syntaktesch Basis (zu, an) e semantesche Parameter vum raimlechlokale Repère ugëtt. De raimlechen, hei geographesche Repère ass d’Stad Esch (Uelzecht), d’Präpositioun mat hirem hei net markéierte Kasus weist op de betraffene Parameter ‘Zouuerdnung/ Kopräsenz’ fir zu (+ feste Kasus Dativ) hin an op de ‘Banneparameter’ fir an (+ selektiven Akkusativ).

An der Schoulgrammaire ginn déi zwéi Präpositionalgruppe meescht am ‘System vun de Positiouns- a Richtungspräpositioune bei den Nimm fir Länner a Stied’ ënnerbruecht1. D’ Referenz an d’Klassifizéierungscritèrë si selbstverständlech semantesch-funktionnell: si hunn als Bedeitungsträger (= Signifiant) net nëmmen d’Oppositioun vun de lexikalesche Sproochzeechen (vun de Präpositiounen zu an an), mä och d’ Oppositioun vun de grammatesche Kasussen (Dativ/Akkusativ). Meescht ginn déi zwou Zorte vu Sproochzeechen awer net ënnerscheet, sou datt an der Beschreiwung leider och d’ Bedeitunge selwer (d’Signifiéen) verwëscht ginn. Dat ass z. B. de Fall, wann de Peter Gilles a sengem Beitrag vun der Richtungspräpositioun zu schwätzt2. Ech si mer net sécher, ob een dat dynamescht zu + festen Dativ – souguer terminologesch (cf. Richtungspräpositioun!) – aus der däitscher Grammaire einfach esou an déi lëtzebuergesch iwwerhuele kann: dofir awer hu mir, wéi am Däitschen, e statescht zu + festen Dativ. Déi zwee (dat dynamescht, dat d’ Richtung ugëtt an dat statescht, dat op d’Positioun hiweist) dierfen net verwiesselt ginn.3

Dat däitscht dynamescht zu + festen Dativ (trotz der Richtungsfunktioun vum ganze Präpositionalgrupp) gëtt am Lëtzebuergeschen ënnerschiddlech iwwersat jee nom semantesche Beräich vum nominale Member. Z. B. soe mir bei + Akkusativ wann d’ Richtungszil e Mënsch ass (bei eise Monni), e Numm vun enger Firma (e geet bei Zenners schaffen), vun engem Beruff (bei de Metzler, bei den Dokter, bei den Notär, bei d’Zaldoten4). Geet et awer ëm en anert Richtungszil, da benotze mer meescht op + Akkusativ, eng Struktur, déi offensichtlech déi einfach dynamesch Direktiounsrelatioun aus­dréckt: zum Beispill hin op gesellschaftlech Ariichtungen, Festlechkeeten oder Gebaier (op d’Post, op de Maart, op d’Gare, op d’Gemeng, op d’Spuerkees, op d’Fouer, op d’Hochzäit, op d’ Fëscherfest), Waasserleef oder Waasserflächen (op d’Musel, op de Stauséi, op de Weier, op de Buer), Inselen (op Madéira, op Kreta). Am Verglach mam Däitschen, wou d’Richtung op Stied- an Dierfer ouni Artikel mat nach + Dativ markéiert gëtt, benotze mer och eist lëtzebuergescht op + Akkusativ5: nach Berlin/ Brüssel/ Heidelberg = op Berlin/ Bréissel/ Heidelberg. Dogéint gëtt d’ Positioun awer bei de Stied- an Dierfernimm mam däitsche stateschen zu (+ festem Dativ) ausgedréckt: nach Berlin vs. zu Berlin. Dës statesch Positioun gëtt och am Lëtzebuergesche mat zu (+ festen Dativ) bei de Stied- an Dierfernimm ouni Artikel markéiert: si liewen zu Berlin/ Bréissel/ Heidelberg.

Am System vun de Positiouns- a Richtungspräpositioune bei den Nimm fir Länner a Stied kann een elo awer och op Problemer stoussen. Déi éischt besteet an der allgemenger Schoulregel, déi verlaangt, d’Lännerbezeechnunge wiere mat der Positiouns­präpositioun an + Dativ unzeginn, iwwerdeems als Richtungspräpositioun an + Akkusativ gewielt gi géif: Si wunnen an Däitschland, an der Belsch, am Liechtenstein vs. si fueren an Däitschland, an d’Belsch, an de Liechtenstein. D’Positioun gëtt bei de Stied an Dierfernimm ouni Artikel, wéi scho gesot, mat zu (+ Dat.) ausgedréckt an d’Richtung mat op (+ Akk.): zu Rio vs. op Rio.

Wéi ass et elo, freet de Peter Gilles (Foussnott 1), wann de Numm vun enger Stad an engems och kontextuell e Klengstat oder eng Insel oder en aneren Territorium bezeechent: z. B. Lëtzebuerg (als Land), Monaco / Andorra (als Fürstentum / Prinzipat), Malta (als Insel, net als Haaptstad Valetta). Seng Léisung ass déiselwecht, déi an der Grammaire vum MEN (2005, § 88) virgeschloe gëtt – an hien zitéiert och Beispiller – : als Richtungszil gëtt de Klengstat mat op (+ Akkusativ) + Numm ouni Artikel markéiert an d’Positiounspräpositioun ass de stateschen zu + Numm ouni Artikel. Gëtt de Klengstat also wéi eng Stad behandelt? Huet et historesch eppes mat der Gréisst ze dinn? Ech denke net! Den Här Gilles huet bestëmmt Recht, wann hie vum lëtzebuergesche Gebrauchsstandard zu als Positiounspräpositioun fir den Numm Lëtze­buerg schwätzt, awer an, wéi hien et selwer weist (a Lëtzebuerg an am Ausland, hei a[n der Stad]oder [am Land] Lëtzebuerg) ass net onméiglech, och fir d’Stad: si hunn e Quartier an der Stad Lëtzebuerg. An seet net onbedéngt, datt et sech ëm d’Land handelt, mä ëm de Banneparameter vu Lëtze­buerg, Land oder Stad. Dat ass dann och de Fall an de Beispiller: zu Esch (Positioun: einfache Zouuerdnungsparameter), erof an Esch (Richtung: Banneparameter), si wunnen an Esch (Positioun: Banneparameter), awer och mat anere Präpositiounen: bei/niewen Esch (Positioun), duerch/via /iwwer Esch (Qua-Relatioun), vun/aus Esch (Unde-Relatioun). Mat anere Repèrë bréngt all Element vun deene 14 Wiesselpräpositiounen och säi Parameter mat6. Richtung a Positioun ginn net duer. Och déi semantesch Parameter vun de Präpositioune musse matgerechent ginn.

Bei der Analyse vun de Präpositionalgruppen dierfen déi semantesch Parameter vun de Präpositiounen net vergiess ginn.

1 Cf.. MEN: Grammaire de la langue luxembourgeoise (2005), §§ 86-88 an z.B. méi spezifesch : Peter GILLES (31.07.2013 Internet),’zu Lëtzebuerg’ oder ‘a Lëtzebuerg’? – iwwert de Präpositiounsgebrauch (Infolux.uni.lu/ zu-letzebuerg/) oder méi komplett: Fr. Schanen (2004): Parlons luxembourgeois, Paris, L’Harmattan, chapitre XVI, pp. 183-186; Fr. Schanen / J. Zimmer (2012): Lëtzebuergesch Grammaire luxembourgeoise, Schortgen, chap 20. §§ 296-301.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land