Theoretesch Implikatiounen a Positiounen

Praxis a Fachexplicatiounen

d'Lëtzebuerger Land vom 15.07.2010

Deslescht hunn ech an enger Zeitung gelies, datt d’Lëtzebuergescht „vrun allem Hëllef bräicht, déi op d’Praxis ausgeriicht wier“. Laang a komplizéiert (a selbstverständlech dréchen!) Fachexplicatiounen – sou mengt den Auteur – géifen nëmmen eppes brénge fir Leit, déi sech ‚fachlech‘ domat wëllen auserneesetzen, „wat dat och ëmmer heesche soll“, setzt de Redakter am Zweiwel derbäi1. An der Rubrik vun haut wëll ech weisen, datt grad Fachexplicatiounen eng adequat Hëllef si fir d’Sproochepraxis.

Datt eng Sprooch Praxis braucht, läit op der Hand. Mä de Begrëff Praxis gëtt leider och, wéi opgeblosene Knätschgummi, op Initiativen (Pardon Aktiounen!) gepecht, déi heians­do einfach déckt ideologescht Ge­téins sinn a meescht net vill mat der Sprooch selwer ze dinn hunn. Dobäi ass den Distinguo vun der (selbstverständlech néideger!) Praxis an der (natierlech onnëtzer theoretescher!) Fachexplicatioun en alen Trick: d’Pra­xis ass fir vill Leit e Riddo, hannert deem se kammoud hir theoretesch Onwëssen a Mängel kënne verstoppen. Fir mäin Deel halen ech mech streng un d’Sprooch selwer ouni all ‚dat Gedeessems oder Geschmëss ronderëm‘, verstinn awer och, datt dat deem engen oder anere Lieser, deen net vill vu Linguistik hält, op de Stréch ka goen. Iwwregens ginn ech zou, datt, wa vun der Sprooch Rieds ass, dat stännegt Insistéieren op d’‚Pra­xis‘ an d’‚Gewunnecht‘ mir op d’Ner­ve geet, speziell wann et an e populisteschen Diskurs agepaakt ass, deen, fir Fachleit, Wëssenschaft, Method, Recherche a méi déif Iwwerleeunge net vill iwwereg huet. Et gëtt keng Praxis ouni theoretesch Implikatiounen a Po­sitiounen. Wann eng Pra­xis net iwwerluecht, begrënnt an er­kläert gëtt, leeft se Gefor, inkoherent oder absurd ze ginn. Dat ass haut de Fall, wann et ëm déi vereenzelt Deel­be­schrei­wunge vun eiser Sprooch geet. Hei zwee Bei­spiller, déi ech mir aus engem ‘prakteschen’ Dokument iwwert eis Schreif­weis2 erausgefëscht hunn.

Fir d’éischt fënnt een ënnert dem Titel: Wat ass net méi an eiser Schreif­weis? den ‚Dehnungs-h‘: „den h han­nen a bannen ass ewech, wann een e bei ‚integréierte‘ Wierder net héiert; net : Weiher – Kéier (sic!) – Droht – Kouh – wouher – Johr, mä: Weier - Kéier - Drot - Kou - wouer - Jo(e)r“. Dat ass gutt gesot. Mä: ass et praktesch a praktikabel? Net sécher. Wat ass dann eigentlech en ‚integréiert‘ Wuert a firwat ass d’Adjektiv dann tëscht Gänseféissercher?3 An engem eeleren Text vun der Aktioun Lëtzebuergesch gëtt gesot, et géif am Lëtzebuergeschen „keen h, wann en net ex­tra geschwat gët, also keen däitschen ‚Dehnungs-h‘“. Dës Positioun iwwer­hëlt einfach déi vum Robert Bruch4. Zënterhier awer ass d’Regel nees vun ane­re Sproochmatessen a Fro gestallt ginn a mat enger Rei vu vagen Ausname versi ginn: „Wann den net ausgeschwat gëtt“ – mengt de Josy Braun5 – „da gëtt en a lëtzebuergesche Wierder net geschriwwen“. Mä: „Wierder, déi mir aus dem Däitschen iwwerhuelen, behalen den dacks bäi. Heibäi kréien däitsch Wierder mat och keng zwéin . Et kann awer och d’Toleranzregel fir al­ternativ Schreifweise gëllen“. Dat ass, ironesch gesot, kee Witz: Den däitschen ‚Dehnungs-h‘ gëtt et net a lëtze­buergesche Wierder, mä an däitsche Wierder, fir déi jo och eng duebel Schreifweis erlaabt ass! Sic. Da sot mer mol elo, ob dat praktesch a praktikabel ass? D’Regele kënnen nëmmen erkläert ginn, wann ee vun de Sproochformen, déi d’Längt vun de vokalesche Lauter signaliséieren, ausgeet an net vun der Originn vun de Wierder.6 Esou eng pleonastesch Formulatioun kann dach nëmmen eng Brems si fir Leit, déi d’Sprooch schreiwe wëllen.

Beim zweete Beispill geet et ëm den ‚-n-Ausfall‘, deen de Lex Roth net Eifeler Regel nennt, well dat ze komplizéiert an ze bretzeresch wier7. Am Dokument vun 1999 steet: „den n bleift bannen am Saz vrun i-u-e-o-a an -h (dat reimt!). […] Am Geschriw­wene bleift den ‚n‘ vru Komma a Ponkt stoen“. Bon. D’Regel mat hirer Ieselsbréck ass schéi formuléiert (och wann d’Beispiller e bëssen topeg sinn!). Mä si ass bei Wäitem net komplett. Ass se dofir praktesch a praktikabel? Hëm, net grad. Fir Luxemburgophone geet se eventuell duer: Nativespeakere wësse jo, wou den ‚n‘, deen nëmme geschriwwe gëtt wann en ausgeschwat gëtt, ewechfält oder bleift. Awer am LaF (Lëtzebuergesch als Friemsprooch) zitt d’Formulatioun bestëmmt de kuerzen, well – an dat ass wichteg – den ‚n‘ bannen am Saz och vrun anere Lauter (vokaleschen, Diphtongen a konsonanteschen: zum Beispill Dentalen) an a betounte Schlusssilbe vu villen Transferten net ewechfält.8 Wat der Formula­tioun an der Haaptsaach feelt, dat ass, datt de Fait de langue am Fong onerkläert bleift. Den ‚-n-Ausfall‘ ass e phonologescht Liaisounsphenomen, dat net mat enger Lëscht vu Buschtawen erfaasst ka ginn, mä mat lautleche Begrëffer wéi Paus, Vokaler, Diphtongen, Konsonanten, betount Schlusssilben. D’Fach­explicatioun ass direkt néideg fir eng adequat Sproochepraxis.

An der Klack n° 159, no deenen zwéi Sätz iwwert déi (schrecklech!) Fachexplicatiounen an déi (beléift!) Praxis, seet de Lex Roth, d’Praxis géif an Zeitungsartikelen, Annoncen, Plakaten, perséinleche Schreiwereien, klenge Gedichter hir Goldgrouf fannen. Dat mécht d’Actioun Lëtzebuergesch jo och verdéngschtvoll zënter Joerzéngten. Mä d’Zäiten hunn sech geännert. D’Lëtzebuergescht gëtt wäit iwwer dës populär Ausdrocksformen ewech praktizéiert. D’Sprooch muss sech haut méi breet entfalen a fir den Enseignement LaF rëschten. Wichteg ass, datt den Horizont sech iwwert d’Nationalgrenze vum Land erweidert an d’Sproochepraxis fach­lech ënnersicht gëtt. Dofir si Professionalismus a Koherenz absolutt noutwenneg. Am Règlement grand-ducal vun 1999 an am Dokument vun der Aktioun Lëtzebuergesch iwwert d’Schreif­weis gëtt virgeschriwwen, datt d’Verb­forme sech nom lëtzebuergeschen Infinitiv an net nom däitschen solle riichten. Abee: Op der selwechter Säit kann een am Text fällt a behällt mat zwéin ‚ll‘ liesen. Tippfeeler? Neen, einfach Amateurismus an Inkonsequenz.

1 cf. Eng Klack fir eis Sprooch, n° 159 in Luxemburger Wort, 21.04.10. Och um neie Site vun der Actioun-Lëtzebuergesch Eis Sprooch.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land