Zoom op d’Sprooch

Déi jonk Fra an déi kleng Kanner heemelen dat wäisst Päerd

d'Lëtzebuerger Land vom 14.09.2018

Bei deenen intressante Froen am InfoDesk vun der Uni Lëtzebuerg (Infolux – Fuerschungsportal iwwert d’Lëtzebuergescht) kënnt et vir, datt eng ganz Rëtsch iwwert dat selwecht Thema grondsätzlech Problemer opwërft. Sou wäert a mengen zwéin nächste Zoomen d’Roll vun den Artikelwierder am lëtzebuergeschen Nominalgrupp behandelt ginn, a fir d’éischt soll déi traditionell Reegel vun der lëtzebuergescher Grammaire iwwer de Gebrauch vum bestëmmten Artikel a senger accentuéierter (betounter) Form versus desaccentuéierter (onbetounter) Form an den Nominalgruppen (Adjektiv+Nominalbasis) ënner d’Lupp geholl ginn.

Dës Oppositioun „betount Form“ (deen, dat, déi, déi …) versus „onbetount Form“ (den, d’, d’, d’ …) vum bestëmmten Artikel ass e klassescht Thema vun eiser Grammaire (och an der Schreifweis!), dat ech iwwregens schonn an engem Zoom iwwer de kliteschen onbetounten Definitartikel („Déi kleng Kanner oder d’kleng Kanner?“, d’Land, 8.5.2015) behandelt hunn. Am zweete Zoom kommen dann aner semantesch Problematike vum lëtzebuergeschen Nominalgrupp derbäi. D’Fro fir haut ass also déi vum Ashwin Jean Schumann: „Wéini kann ee virun der Kombinatioun (Adjektiv+Nominalbasis) de bestëmmten Artikel a senger desaccentuéierter Form benotzen, a wéini muss een déi accentuéiert Form gebrauchen?“

An der Grammaire de la langue luxembourgeoise (MEN 2005, S.98) kann ee liesen: Wann en Adjektiv virun enger Nominalbasis am Feminin, Neutrum oder virun enger Nominalbasis am Plural virkënnt, da gëtt déi betounte Form (forme tonique) vum Definitartikel gebraucht. Dat eppes topegt Beispill, dat zitéiert gëtt, déngt hei och als Iwwerschrëft vum ganzen Zoom.

D’Reegel ass bestëmmt net sou ausnamslos wéi een et vun enger Schoulgrammaire erwaart. Zum Beispill fënnt een an engem Text vum InfoDesk (Sam Mersch: ënnert aller Klarinette): d’Klarinette ass och schonn zimlech séier an d’klassescht Orchester opgeholl ginn – an dat klassescht Orchester hätt en anere Sënn. Oder: Interessant sinn d’sinnbildlech Parallellen, déi een an anere Phrasemer fënnt, notamment ënnert aller Sau, op däitsch unter aller Sau, awer och unter aller Kritik – wat géif d’Ëmschreiwung déi sinnbildlech Parallelen um Sënn vum Saz änneren?

Och wann déi desaccentuéiert Form vum Definitartikel haut virun (Adjektiv+Nominalbasis) net sou heefeg ass1 an dacks an der Sprooch kontextuell diskutabel bleift2, dann ass si dach am Gebrauch, an d’Studenten hu Recht, wann si no enger allgemenger (och semantescher) Erklärung sichen3.

Den Henri Müller hat déi Reegel schonn a senger Léiermethod 1. Lëtzebuurgesch wéi ech et schwätzen (1965, S. 5) nuancéiert: „Devant un adjectif, l’article défini employé au féminin du singulier, au nom.-acc. ou au pluriel est ordinairement (sou sot hien) remplacé par le démonstratif correspondant (déi pour le fém. nom.-acc. sing. et pour le pluriel et dat pour le neutre nom.-acc. sing.“ – dat den Auteur iwwregens vergiess hat!). D’Adverb weist op keng absolutt Reegel hin, mee op eng Preferenzreegel, wat och an den Explikatioune vum Nadine Entringer de Fall ass: „Et ass effektiv esou, datt am Lëtzebuergesche virun der Kombinatioun Adjektiv+Substantiv schwaach Artikelen dispre-feréiert a staark Artikelen (definit oder ondefinit) preferéiert ginn.“ Preferéiert gëtt awer vum H. Müller – jo, Dir hutt richteg gelies – de betoun-ten Demonstrativ an net déi betounte Form vum Definitartikel, vun deem an der Grammaire vum MEN an an de Explikatioune vum Nadine Entringer rieds ass.

Mee ass den Demonstrativ semantesch fonktionell datselwecht wéi déi betounte Form vum bestëmmen Artikel an der Grammaire vum MEN? D’Nadine Entringer an hire Remarquë mengt, entgéint enger laanger Tradition, datt nëmmen eng eenzeg Rei Formen als Demonstrativparadigma unzehuele wier an zwar Nom./Akk.: dësen, dëst, dës, dës / Dat.: dësem, dëser, dësen.

Bon. Da wier dat jo dann am Fong och nëmmen eng Definitiounssaach. Demonstrativ am Sënn vun hiweisend misst net nëmmen deiktesch op d’Aussosituatioun (hei/do) bezu ginn, mee och op de Virtext (Anapher) an op den Notext (Katapher). Op d’Situatioun, op d’Deixis oder op de Kontext (Vir- oder Notext) hiweisend bedeit also, datt den accentuéierten Artikel op eng existenziell situéiert, determinéiert an identifizéiert Existenz (a keng Essenz) referéiert.

Am nächste Zoom wäert ech op dës erneiert sproochwëssenschaftlech méi aktuell Definitiounen zréckkommen, déi enger méi aktueller a méi semantescher Struktur vum Nominalgrupp entspriechen. Dat heescht, datt ech dem R. Bruch a sengem diachron orientéierten Précis de grammaire luxembourgeoise (1955, 1968, 1974, S. 47) zoustëmmen, wann en am § 16, 1, fir d’éischt de bestëmmten (definiten) Artikel a senger desaccentuéierter Form definéiert an dann eréischt a sengen accentuéierten (betounten) Formen4. „Ursprünglich“, schreift de R. Bruch, „spielen diese betonten Formen die Rolle des Demonstrativums und werden namentlich mit Substantiven gebraucht, die durch ein Adjektiv näher bestimmt sind. 5

An eiser Lëtzebuergesch Grammaire (Schanen/Zimmer, Schortgen, 2012), déi eng modern strukturalistesch, synchron an net diachron orientéiert Gruppegrammatik ass (cf. Zoom: „Wat fir eng Syntax fir eis Sprooch?“, d’Land, 3.7.2015), iwwerhëlt de § 171 dës allgemeng Thees vun de bestëmmten Artikelen d’ an den als forme désaccentuée vun de betounten Demonstrativartikelen (§ 172). Am
§ 173 gëtt dann explizitt op de kliteschen desaccentuéierten Definitartikel higewisen, dee semantesch formell den accentuéierten Artikelen an Demonstrativartikele géintiwwer gestallt gëtt.

Déi zwou Konstruktiounen déi kleng Kanner vs. d’kleng Kanner ginn als funktionell semantesch Oppositioun interpretéiert. Dobäi ginn déi klassesch diachron Erklärungen, déi d’Nadine Entringer eppes konfus resüméiert, onnëtzlech, net well se falsch sinn, mee well déi klassesch historesch a vereelzt Definitiounen dem Nominalgrupp am aktuelle Lëtzebuergeschen net méi gerecht ginn. D’Weeër vun der diachronesch eklektescher Bonner Dialektologie engersäits an der struktural synchron semantescher Syntax vun haut anerseits ginn hei einfach auserneen.

1 Duerop weisen an eiser Grammaire „quasi-
obligatoire“ am § 173 a „généralement“ am § 261 hin, Ausdréck déi den Ashwin Jean Schumann stéieren.

2 Cf. déi diskutéiert Beispiller am Zoom „Déi kleng Kanner oder d’kleng Kanner?“ (d’Land, 8.5.2015). Cf. och Nadine Entringer: „dowéinst geet engem deen alen Hues [mat staarkem Artikel] och einfach iwwer d’Lëpsen, d’aalt Päerd oder d’al Kou [mat schwaachem Artikel] allerdéngs manner“.

3 Erklärungsfroen, wéi déi vum Ashwin Jean Schumann sinn ëmmer gerechtfertigt. Mee d’Schwiregkeet bleift, soulaang déi semantesch Struktur vum Nominalgrupp (mee net onbedéngt dat dräifacht Flexiounssystem vum Aldäitschen!!) iwwersi gëtt.

4 Cf. d’Beschreiwung vun den desaccentuéierte an accentuéierte Forme vum bestëmmten Artikel, S.47.

5 Wat ech am § 173 mat „adjectif épîthète sélectif“ präziséiert hunn. Mee dës semantesch Problematik vun der Oppositioun accentuéiert/désaccentuéiert gëtt vun der Bonner Dialektologie total iwwersinn.

François Schanen
© 2018 d’Lëtzebuerger Land