Lëtzebuergesch Diphtongen

Standardiséiert Duebellauter

d'Lëtzebuerger Land vom 23.08.2013

Mat der Presentatioun vun de lëtzebuergeschen Diphtongen wëll ech haut och op eng Problematik agoen, op déi ëmmer nees mat de Begrëffer „Koi-né“, „Standardiséierung“ a „Mëttelsprooch“ higewise gëtt. Wéi sou dacks a menge Rubriken, geet et ëm dat praktescht Funktionéiere vun der Sprooch, awer an engems och ëm de wëssenschaftlechen Hannergrond, deen hei am Land – dat wësst Der jo – dacks vernoléissegt gëtt. Typesch Diphthongen, wou zwéi Vokalen zesummen als een eegene Laut (an net als separaten „Hiat“, wéi a Radi-o, Bo-a) ausgeschwat ginn, gëtt et der néng an der Perspektive vum Encodage (vun der Aussprooch op d’Schrëft) oder aacht am Bléckwénkel vum Decodage (vun der Schrëft op d’Liesen). Den Digramm „au“ steet nämlech an eiser Schreifweis fir zwéin Diphtongen, wat heiansdo vergiess gëtt an zum Beispill mat der Oppositioun vun der lexikalescher Minimalkoppel „haut“ = heute an „Haut“ = Haut ka begrënnt ginn. Hei eng Lëscht vun den Diphtongen mat all Kéier e puer Beispiller1. Ech follegen dobäi der rezenter Virstellung vum RTL.lu / RTL Radio (19.06.2013): Béier wéi fréier (Loscht op meng Sprooch, 6), enger Initiative vum Luc Marteling, déi och vum Professer Peter Gilles ënnerstëtzt gëtt2.

– éi: Stéier, Fréiseng, Réimech, éierlech, béis, méi, réiert, séier, wéi ...

– ei: Steier, Eisen, Weier, Bei, weisen, eis ... an

– ai: Gebai, Lais, Pai, schaimen ...

Den Ënnerscheed tëschen „ei“ (deier, teuer; Eil, Eule; Feier, Feuer; Scheier, Scheune; leien, liegen; weien, wiegen) an „ai“ (Daimchen, Däumchen; Haiser, Häuser; Mais, Mäuse; schaimen, schäumen) erkläert sech duerch den etymologesche Prinzip, dat heescht duerch d’Origine vum Wuert:

– äi: Äis, Paräis, Räis, Schäiss, Säit, Wäin, gräifen, näischt, wäiss ...

– ou: Brout, Kou, Wouscht, rout, zwou, wou, zou ...

– au: Bauch, Kraut, Maul, Schlauch, Brauch, lauschteren, faul ...

– oi: Moien a moies (ausgeschwat wéi Euro, enttäuschen; den oi gëllt net ëmmer als Diphtong;

– ie: bieden, Fieder, Giewel, Hiem … Deen Diphtong ass net ze verwiesselen a) mam franséische laange Suffix „ie“ /i:/ (Philosophie, Épicerie); b) mat dem däitsche laangen „ie“ meescht virun „r“: Regierung, Bier (Bär, Beere), Dier (Tür), Mier, awer mat engem eenzegen „i“ virum „r“ wéi am Däitschen: Bir (Birne), Gehir (Gehirn), Stir (Stirne), mir (mir), dir (dir), fir (für / um), vir (vorne); c) mat „i“ + Rëtschvokal „e“ virun „r“ + K (aplaz „ii“): Ierpeldeng, Kiermes, wierklech, Kierch;

– ue: Bueden, Fuesent, Knuet, Nuecht, Zuel; spue-ren (sparen), fueren, e puer, awer mat engem einfachen „u“ virum „r“ wéi am Däitschen: Spur, Sprangbur, Ursaach, stur, pur ... Net ze verwiessele mam „u“ + Rëtschvokal „e“ virun „r“ + K: kuerz, Tuerm, Buergermeeschter.

Den Digramm „äe“ (Päerd, äerdeg, fäerten ..., awer: Här, Märel, Stär, Zär ...) ass a sech keen Diphtong; e gëllt als „ä“ + Rëtschvokal „e“ virun „r“ an op d’mannst engem Konsonant.

Och wann an dëser Presentatioun vu Loscht op meng Sprooch Verschiddenes duerchernee geroden ass (déi richteg monophonematesch Diphtonge gi mat de falsche biphonemateschen a mat den „e“-Rëtschvokal Diagrammen an een Dëppe gehäit3), dann ass et dach kloer, datt déi schrëftlech Ëmschreiwungen fir d’Duebellauter zum Deel „norméiert Standardiséierungen“ sinn. Dat heescht, datt d’Lautsequenzen konventionell, am Kader vun enger supposéierter Koiné (Gemeinsprache, Zentrallëtzebuergesch4) an trotz ënnerschiddlechen topologeschen oder soziale Realiséierungs-méiglechkeeten, zugläich phonologesch identesch a phonetesch variabel si kënnen. Ob mam internationalen Phonetikalphabet oder mat méi populäre Lautschrëften transkribéiert (cf. Guide, Assimil) – kënnen hir Duerstellungen zimlech wäit ausernee goen, wéi dat aus Vergläicher vun diverse Presentatiounen ervirgeet, wéi zum Beispill déi vum Alain Atten am Arrêté vun 1976, eisem Compromis an der Introduction à l’orthographie luxembourgeoise um Site vum CPLL.lu (Mataarbecht: Jérôme Lulling, 2003), eiser Beschreiwung am 27. Kapitel, §§ 413-421 an der Lëtzebuergesch Grammaire an engem Band (Mataarbecht: J. Zimmer, Schortgen 2012) oder déi puer ënnerschiddlech Versiounen, an deenen den Artikel vum P. Gilles a J. Trouvain 2013 publizéiert ginn ass.

Fir akademesch Phonetiker ass a bleift dat Wichtegst bestëmmt déi akribesch Beschreiwung vun de Lauter an hir genee Korrespondenz mat den API-Symboler a -Muster. Vokalen, Konsonanten an Diphtongen ginn akustesch präzis analyséiert, symboliséiert, systematiséiert an dacks mat anere Sproochen (besonnesch mam Däitschen) konfrontéiert. Mä dobäi gëtt och séier vergiess, datt d’Tableauë vun der Lautstruktur vum Lëtzebuergeschen, jee no den ausgewielte Spriecher an/oder Spriecherinnen a jee no hirem regio-nalen, sozialen an individuellen Idiom, zum Schluss ganz ënnerschiddlech kann ausgesinn. Ech si mir guer net sécher, ob eng Etude mat zwee Spriecher, vun deenen eis zum Beispill op der Uni gesot gëtt, si géifen zum Zentrallëtzebuergesche gehéieren, duergeet fir eng gutt lëtzebuergesch Aussprooch definitiv festzeleeën: sou eng systematesch Standariséierung schéngt mer fir de ganze Grand-Duché haut nach vill ze normativ, ze muttwëlles an ze … fréi ze sinn5.

Selbstverständlech mussen d’Recherchen, och an der Phonetik, weidergefouert ginn. Awer net all Enseignant, Formateur respektiv Amateur am Fach LaF muss e studéierte Phonetiker sinn. Dofir awer ass et onbedéngt néideg – menger Meenung no –, datt e genuch phonologesch Kenntnesser huet (am Sënn vum Trubetzkoi senger funktioneller Phonologie), fir déi minimal standardiséiert Phonemer ënnerscheeden ze kënnen, déi a lëtzebuergesche Minimalkoppelen Oppositioune bilden. Wichteg ass a bleift et, datt den LaF-Enseignant Bauch a Schrauf, bäi a Bei, Äis an eis, fräi a fréi, Scheier a Schéier kloer auserneen hält. Wéi dann vun dësem Standardlëtzebuergesch aus, de komplexen Ensembel vu „passiven“ Regional- a Sozialva-rianten am LaF-Cours kann dobäikommen, dat ass eng aner bis elo ongeléiste Fro, déi awer sou séier wéi méiglech misst gestallt ginn.

1 Den  „au“ kënnt do nëmmen eng Kéier vir, net awer den däitschen „au“ vun Auer, Bauer, Daum, Kaul, lauden, schlau, Schrauf, Stau …
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land