D'Fatzbeidelen

Wéi d’Sëndflut iwwer den Theater koum

d'Lëtzebuerger Land du 16.10.2015

Den Norbert Weber (1925-2007) wor e klengen, onopfällege Mann mat engem grousse schwaarze Brëll. De gréissten Deel vu sengem Liewen huet hien am Ministère des Arts et des Sciences geschafft, wéi de Kulturministère am Ufank housch. Niewelaanscht wor hien Dramatiker. Hien huet Theaterstécker fir Kanner a Grousser, Radiosspiller a Lëtzebuerger Revuë geschriwwen. Dobäi huet hien en neie Wand an den Theater op Lëtzebuergesch bruecht, deem seng Ambitiounen bis dohinner knapps iwwer den Duerftheater erausgoungen.

Méi wéi eemol am Liewen huet den Norbert Weber sech ongerecht behandelt gefillt. Wéi hien zwangsrekrutéiert gouf a sollt fir d’Preisen an de Krich zéien. Oder wéi en Zozialist Kulturminister gouf an ouni hien déi klerikal Kulturpolitik moderniséiere wollt. Als Iechternacher Lokalpaterjott konnt hien et net verquëssen, datt dat aalt Lëschenhaus ofgerappt gouf.

Ma verrode kënnen ëmmer nëmmen engem seng eege Leit een. Ënnen am Wort nieft dem Editorial hat den Norbert Weber bal Dag fir Dag an enger Rubrik „lénks geluusst“ aus der CSV-Oppositioun eraus den Uz mam DP/LSAP-Guwwelement gemaach. Als Merci huet de Pierre Werner hie fale gelooss no enger hysterescher Kampagne vu liberolen a lénke Kulturkämpfer an enger mëssgléckter Revanche u sengem Virgänger, engem anere Weber.

Voller Roserei a Spott huet den Norbert Weber an där Zäit en Theaterstéck geschriwwen, mat deem hien déi ganz Lëtzebuerger Theaterliteratur an d’Lut gesprengt huet: d’Fatzbeidelen. Fir 294 Schauspiller, Elefanten, Walfësch an aner Déieren, dat fënnef Stonnen, 143 Minutten an 314 Sekonnen dauere soll. Um Enn vum Stéck soll de ganzen Theater mam Publikum am Mier ënnergoen, esou wéi schons d’Fatzbeidelen am Alen Teschtement mat der Sëndflut gestrooft goufen. Mat där Mëschung aus absurdem Theater, visueller Poesie a Grillfest ass dee rouegen, treie Staatsbamten no Feierowend hannert senger Schreifmaschinn zu engem riechtsen Anarchist ginn an huet dat radikalsten Avantgarde-Stéck geschriwwen, dat et bis haut op Lëtzebuergesch gëtt.

Natierlech zabotéiert d’Stéck och sech selwer, well et net opzeféieren ass. A fir sécher ze sinn, hat de Norbert Weber och nach verbueden, fir et ze spillen, esou laang déi Fatzbeidelen, déi hien um Napp hat, un der Muecht woren. Hien hat d’Stéck iwwer „dat Land wou all Fatzert an all Beidel kann alles won dee groussen Zoo dee mir esou déif an onse Boxen dron“ (S. 161) just getippt a kopéiert.

Ma no 35 Joer huet dee jonke Regisseur Tom Dockal elo probéiert, fir d’Fatzbeidelen dach nach opzeféieren. Am meeschten iwwerrascht, wéi wiertlech hien dem Norbert Weber säin Text hëlt: D’Wierschtercher fléien duerch de Sall, Schaum reent vum Plaffong an eng Feiersprëtz kënnt eragefuer, genee, wéi et do geschriwwe steet. Nëmme Klengegkeete si geännert, mat engem Video gëtt e Bëssen Ambiance aus den Achtzeger Joere geschaf an dertëscht gëtt als intellektuellen Alibi eppes wéi Guy Debord op Däitsch (!) virgelies. De Marc Baum an de Pol Hoffmann jäizen, birelen a brëllen de Fatz an de Beidel, déi och eng Zort Vladimir an Estragon kéinte sinn, als opgedréinte Klunnesen.

Ma wann den Tom Dockal probéiert, fir dem Norbert Weber säin destruktive Klamauk eent zu eent z’illustréieren, bleift hien am selwechte Widdersproch wéi den Auteur gefaang: tëscht enger radikaler Form an engem konventionelle Contenu, där onpolitescher Ausso: alles korrupt.

D’Fatzbeidelen (1980) vum Norbert Weber, Regie Tom Dockal, mam Marc Baum a Pol Hoffmann am Théâtre national. Nächst Virstellung de 5. Juni 2016 am Mierscher Kulturhaus.
Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land