Getwitters

„Jidderee sicht, well en nach léiert“

d'Lëtzebuerger Land vom 26.09.2014

jh: „You are what you are reading right now“, schreift Dir op Ärem Twitter-Account a stellt da Wierder vir, aus alle Sproochen. En Dictionnaire?

LM: Jo, awer en zimlech arbiträren. Also éischter eng Luxus-Fräizäitbeschäftegung, eng kleng Passioun fir cool Wierder, iwwer déi ee sou fält.

jh: Dat ass ee spezifeschen Twitter-Projet, oder? Als Responsabele vun RTL.lu sidd Dir eréischt zimlech spéit op Twitter komm. Firwat?

LM: De Site geet vir, an RTL.lu twittert scho méi laang. Privat dierf een heiansdo e „Spätzünder“ sinn. Spezifesch? Jo, dofir sou mann Followers.

jh: Kann een an 140 Zeechen eppes soen? Och op Lëtzebuergesch? Vläicht muss een dann nach méi präzis sinn, oder?

LM: Dach, dat kann een – souguer op Lëtzebuergesch, wou een dacks ëmschreiwe muss. Übung hëlleft, Toleranz a Kreativitéit och. Wéi bei Titelen.

jh: Ett huet een d’Impressioun, an all Etude beleeën dat, dass déi sozial Netzwierker iwwerhaapt d’Lëtzebuerger Sprooch nei beliewen, oder?

LM: Dat ass och mäin Androck. Gesinn dat bei de Commentairen a Lieserbréiwer op RTL.lu an och a menger eegener Korrespondenz. A begréissen dat!

jh: Gëtt et dann en Ënnerscheed tëscht deene verschiddene Medien? Also Facebook, Twitter, Commentairen? Benotzen d’Leit do eng aner Sprooch?

LM: Vläit erméiglechen déi modern Kommunikatiounsmëttel, wat de Luther scho gefuerdert huet: „Ihr müsst dem Volk aufs Maul schauen“ ...

jh: ...matt alle Risiken, déi domatt verbonne sinn, wei zum Beispill eng gewëssen Aggressivitéit, Rassissem an esou weider a verschiddenen Texter.

LM: Dacks geet et vun der Long op Zong, dat ass mol gutt, mol schlecht. Ech si géint Pauschaliséierungen, ma verschidden Usiichten doe fäerten.

jh: Wei geet RTL da matt deene verschiddene Medien em? Wat ass är Strategie, fir déi ze vernetzen a maximal auszenotzen?

LM: Et wëll een do sinn, wou d’User sinn, an et wëll een, datt déi duer ginn, wou ee selwer ass. Crux = Attrait vun Offer, mat där ee fëscht ...

jh: Eng Enquête vu Quest weist, dass d’Lëtzebuerger haaptsächlech op Facebook sinn, an dass Twitter, matt nëmme 17 Prozent, ënnerentwéckelt ass...

LM: Wonnert mech net. Facebook besser fir sech matzedeelen an Twitter gutt fir eppes matzedeelen. A wat méi Kanäl, wat manner Iwwersiicht...

jh: Wei wichteg sinn déi sozial Netzwierker dann als Informatiounsquell fir Iech? Si se crédibel? Wei wichteg ass, wat op Twitter steet?

LM: Se si wichteg! Offiziell Twitter-Accounten halen ech fir credibel. Facebook kënnt drop un. Egal wéi gëllt: Audiatur et altera pars. Nofroen!

jh: RTL probéiert, d’Avantagen vun alle Medien ze combinéieren, ouni déi méi „al“, wei d’Telé an de Radio, ganz opzeginn... Wei kann dat goen?

LM: Ganz gutt! Déi al ginn deene neie Contenu an déi nei transportéieren déi al. A vice versa. Keng Medieforme verschwannen, och d’Zeitung net!

jh: Vläicht verschwanne se net, mails sie verännere sëch, sie passe sech un... Ett stellt ee fest, dass och dei klassesch Medien mei People gin.

LM: Wat maachen d’Lieser, ass déi eng, wat d’Annonceuren, déi aner Fro. Am Ament: Ëmbroch live! Jidderee sicht, wat am beschte passt. Panta rhei.Du kanns net net kommunikéieren! Deen Axiom gëllt weider: Wat déi aner maachen, beaflosst dech egal wéi – agéieren, reagéieren, ignoréieren.

jh: Jo, kommunikéieren ass ok. Mais bleift dann nach Zait fir nozedenken? Fir komplex Saachen an hiere Kontext ze setzen an ze erklären?

LM: Am Internet steet déi reng Informatiounsvermëttlung dacks un 1. Plaz. Erklärung a „Kontextualiséierung“ dono. Vläit vun anere Leit / Medien.

jh: Nieft Ärer Aarbecht bei RTL sidd Dir och Coéditeur bei Kremart a gitt Bicher eraus, ënner anerem Kannerbicher. Wei passt dat beieneen?

LM: Ech hu Pabeier nach ëmmer gär gehat, wëll bewosst mol séier, mol lues ënnerwee sinn. Bicher=Passioun. Heiansdo gëtt et awer net vill Schlof.

jh: Dat heescht, et ass d’Wuert dat wichteg ass, egal wei de Support ass?

LM: Absolut! Am Anfang war das Wort :-) Op d’Sënnvermëttlung kënnt et un. De Support ass (techneschen) Launen ënnerworf a soll „supportéieren“!

jh: Jo, mä „The Medium is the message“ soot de Marshall McLuhan. Jee nom Medium, der Form, heesche Wierder och eppes aneres, oder net?

LM: „...part of the message“ wier méi richteg. E Saz an der Zeit kann eppes aneres heesche wéi op Zeit.de oder op Facebook – muss awer net (méi)!

jh: A méngen Aen hunn déi sozial Medien haaptsächlech eng Acceleratioun mat sech bruecht: alles kënnt a verschwënnt esou séier... Och schéi Sätz

LM: Acceleratioun a Multiplikatioun mat als Konsequenz enger Inflatioun. Jidderee muss seng Mooss un Tempo a Quantitéit (=Qualitéit) sichen.Nieft dësem individuellen Challenge gëtt et ee gesellschaftlechen: Wa jiddereen alles wiele kann, wat geschitt mam wichtegen „tronc commun“?

jh: Ech hun d’Impressioun, dass duerch dei nei Medien d’Welt nett mei grouss, mais au contraire mei kleng gett. Jidderee sicht no sech selwer

LM: D’Welt als grousst/klengt Global Village: Si ass méi no komm, dank der Kommunikatioun! „Glocal“! A jidderee sicht, well en nach léiert.De Mënsch riskéiert, bei der Acceleratioun vun der Kommunikatioun net méi „das Maß aller Dinge“ ze sinn – cf. Transaktiounen op der Bourse.

jh: Muss een dat dann alles matmaachen? Oder gëtt et Alternativen? Erausklammen aus dem System zum Beispill?

LM: Alternativen? Fir een, deen an de Medie schafft? Ech gesi keng! Als Mënsch: Weeër sichen, Reiziwwerflutung z’evitéieren. Exit Hamsterrad ...

josée hansen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land