Films made in Luxembourg

Ënnerierdesch

d'Lëtzebuerger Land vom 21.09.2018

Ënner de grousse Mythe vun der Lëtzebuerger Kultur geeschtert ëmmer erëm deen, dass et verkannte Genie mat Lëtzebuerger Wuerzelen am Ausland géif, déi hei leider ni Fouss ze faasse kritt hätten – wéi den Edward Steichen, zum Beispill, oder den Hugo Gernsback, a, méi no bei eis, de Michel Majerus. Dofir gëtt et ewell eng Kurs vun den Direktere vun de Kulturinstituter, fir deer „Genien“ ze fannen a se heiheem ze weisen, mat engem groussen „Tada!“ De Frank Hoffmann mécht dat reegelméisseg mat sengen Auteurs en résidence am Théâtre national, fir d’lescht mam Daniel Dumont, an de Guy Daleiden vum Filmfong kumm esou mam Marco Serafini geschlappt. Lëtzebuerger, 1956 gebuer, zanter de Siwenzecher Regisseur fir déi däitsch Televisioun, ënner anerem fir Krimiserië wéi Polizeiruf 110 – mee bis viru kuerzem kaum bekannt zu Lëtzebuerg (ausser am Filmmilieu). De Serafini sollt endlech heiheem unerkannt ginn an huet rezent mat Hëllef vum Filmfong de Longmétrage Toy Gun verbrach. An en huet et fäerdeg bruecht, deem nämlechte Filmfong an RTL 2015 ee Konzept vun enger Sitcom, dat en zanter fofzéng Joer am Tirang leien hat (wéi e selwer an engem Interview op der Telé sot), unzedréien. E guff, wéi och den Thierry Faber fir De Bësch, 2015 no engem Appel à projets, vun engem Jury zréckbehalen a säi Produzent Calach Films krut dono eng Hëllef vu je ronn 575 000 Euro vun RTL a vum Filmfong fir d’Serie ze realiséieren. D’Idee dohannert wir, och „jonke“ Schauspiller a Regisseuren (ënner aneren dem Yann Tonnar) eng Méiglechkeet ze ginn, fir esou klassesch Fernsehformater ze probéieren, housch et. Ugangs dës Joers guff gedréint an zanter de Rentrée gëtt se op RTL gesendt. A fir et direkt, jonk a kloer ze soen: et ass ënnerierdesch.

D’Geschicht ass déi vum Max Weber, dee vum onëmgänglechen, schrecklech glaten RTL-Star Tommy Schlesser gespillt gëtt, dee wëll Schauspiller ginn, mee näischt op d’Rei kritt an dofir säi Liewe verhonzt. Direkt an der éischter Episode, „Henri, de Psychiater“, verléisst seng Fra de Max an hien ass eleng an engem vill ze groussen, an haaptsächlech vill ze deieren Appartement. Seng opdrénglech Schwéiermamm (d’Fabienne Hollwege rett, wat ze retten ass), déi nach ëmmer bei him an- an ausgeet, wéi wa se doheem wir, réit him, dach e Sous-Locataire ze huelen, fir dass e selwer de Loyer ka bezuelen. Déi Astuce erlaabt et dem Dréibuch, an all Episode en anere komesche Kauz als Sous-Locataire anzeféieren an esou och all Kéiers déi neidech Clichéen a Witzer (Psychiater si selwer krank, Dokteren maachen den Job nëmme wéinst den décken Autoen...). Mee scho wann nëmmen no e puer Sekonnen déi éischt Laacher vum Band kommen – wei deemools beim Al Bundy, mee dat war an den Achzeger – stinn engem d’Hoer zu Bierg. De Max wunnt an engem Appartement, dat natierlech kee Schauspiller am Chômage sech kéint leeschten, an esou enger grousser Luxus-Schungkëscht matzen an der Stad – mee wahrscheinlech war dat de Bäidrag vun de Sponsoren (eng Immobilienagence an e Miwwelgeschäft). D’Dialoge si mat den Hoer erbäigezunn, d’Geschichte langweileg, fir ze stierwen, an den Humor mol net um Niveau vun der Lëtzebuerger Revue. Do kann ee sech natierlech soen: och pop-kulturell ass Lëtzebuerg eben ëmmer e puer Joerzéngten hannendran. Mä dat do Format ass just erfonnt ginn, fir Reklammen ze plazéieren, an et freet ee sech wierklech, firwat Steiersuen an esou eppes musse gestach ginn. Besonnesch wa kee Geld méi do ass, fir Filmer mat enger kënschtlerescher Ambitioun.

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land