D'Konjunktioun well

Du weess dat net, well du waars net do

d'Lëtzebuerger Land du 05.08.2011

Vläicht hutt Der beim Entdecke vun der Iwwerschrëft spontan dru geduecht, et géing mir haut ëm de ‚Kontaktiv‘ well goen, deen esou opfälleg massiv vun den Anglophone benotzt gëtt. O neen, mech intres[-]séiert hei net den englesche Konnekter well, an – iwwregens – och net dat lëtzebuergescht Adjektiv wëll (wild, sauvage) nach d’Indikativform vum Verb wëll(en) (wollen, vouloir). No de Konjunktiounen awer a ma/mä (d’Land, 01.07.2011) geet et mer einfach dorëm, déi lëtzebuergesch Konjunktioun well an hirem Gebrauch z’ënnersichen. Dëse Sazkonnekter gëtt kausativ genannt, well e semantesch op eng Begrënnung oder Ursaach hiweist. D’Analyse vum Konnektiouns- a Verbindungselement well (op Däitsch: weil/da oder denn; op Franséisch: parceque/puisque/comme oder car; op Englesch: because oder for) ass awer guer net esou einfach, wéi ee mengt. Dat huet den Alain Atten ewell a sengem Radiosgespréich bewisen, dat een op de Säiten 246-247 vun De Sproochmates (Schortgen, 2010) noliese kann. Mä d’Recherche gëtt nach méi kriddeleg, wann een, niewent den diachronesche Perspektiven, och déi méi rezent Approchë vun der Textlinguistik, der Pragmatik an, dës Kéier och, vun der LaF-Didaktik mat abezitt.

Ganz exakt ernimmt den Alain Atten niewent den Aussproochvarianten1 och de geschichtleche Pefferkär, ob ewell am Sënn vu schonns/bereits (en ass ewell do) datselwecht Wuert ass wéi d’Konjunktioun well (= weil). Trotz der warscheinlech gemeinsamer Wuerzel wîla/weile (cf. englesch while) mengt den Auteur, déi zwee Elementer – ewell (allweil) a well (weil) – dierfte keemol iwwert ee Leescht gezu ginn, och wa kontextuell, amplaz well dacks ewell gesot gëtt an, amplaz ewell oder nawell, einfach gekierzt well. D’Wörterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906 hält déi zwou Fassonge vu well auserneen an dann och d’Bedeitunge vun ewell (ewèll av., 1. jetzt; 2. denn; 3. bereits; wèll conj., weil). Am LWB vu 1950 ginn déi zwee Elementer och an zwéi verschiddenen Artikele behandelt (I, 290). Engersäits d’Adverb e°well mat der méi[-]glecher Kuerzform well a mat dräi Bedeitungen 1. jetzt; 2. schon, bereits; 3. na(ch e)well = eigentlech, doch wohl, trotzdem. Anerersäits d’Konjunktioun ewell, déi meeschtens an der Kuerzform well virkënnt 2. Am LWB gëtt well awer nëmme mat weil iwwersat, an dat ass natierlech eng Lacune, well eis Konjunktioun well (wéi den Dictionnaire vun 1906 et schonn undeit) an engems parataktesch (= bäiuerdnend) an hypotaktesch (= ënneruerdnend) gebraucht ka ginn. De Sproochmates formuléiert dat esou: „Als parataktesch Konjunktioun entsprécht se, dem Sënn no, deem schrëftdäitschen denn (also deem franséische car) an als hypotaktesch Konjunktioun geet se zesumme mam houdäitsche weil (a mam franséische parce que)“ (S. 246). Beispiller sinn = Du weess dat net, well s de net do waars (= hypotaktesch); Du weess dat net, well du waars net do (= parataktesch). Den Alain Atten bemierkt dobäi: „‘t ass just d’Wuertstellung, déi changéiert, net de Sënn“ an, fir d’Bäiuerdnung: „‘t ass wéi wann nom Wuert well e Komma sting an de Saz ging erëm ufänken“. Zum Schluss constatéiert de Sproochmates: „Do ergëtt sech an eiser Sprooch dach en Ënnerscheed mam Schrëftdäitschen, deen derwäert ass.“

Aus enger méi rezenter diskursiver Perspektiv missten dem Alain Atten seng Observatioune och mat anere Kategorien erfaasst ginn. Ob vun engem Wuert oder vun zwee Wierder Rieds ass (ech mengen och, et wären där zwee: d’Partikel ewell engersäits an de Konnekter/ d’Konjunktioun well anerersäits) – am Fong hu mer et mat verschiddene Funktiounen ze dinn.

D’Partikel ewell weist an alle Fäll op de Kommunikatiounskader hin: 1) Zäitadverb am Sënn vum deikteschen elo: e°well/e°lo wësse mer dat; ech kann dat e°well/e°lo/den A°ment net maen ; 2) Subjektiv Aschätzungspartikel par Rapport zu enger kontextueller Erwaardung: et ass ewell/scho laang hier; ewell/scho(nns) an deer °éischter Halschent vum Joerhonnert; hien ass ewell/schonn do = éischter wéi erwaart; 3) Interaktiv Evaluatiouns[-]partikel: ‘t ass well/[nach e]well / nawell wouer; c’est, en tout cas/ma foi, vrai. Wéi d’Element mat senger Funktioun och genannt gëtt, den diskursive Kommunikatiounswäert vun ewell ass sécher. Net manner kloer ass awer och d’Feststellung, datt am Lëtzebuergesche vun haut dëst (e)well méideiteg an an deenen dräi Funktioune souguer verschwommen ass. Dofir wierkt et och vereelzt. Trotz der konservativer puristescher Sproochefleg, déi ëmmer nees vun der Actioun Lëtzebuerg gefërdert gëtt, ass et onvermeidlech, datt dat méidei[-]teg kommunikatiivt ewell haut [-]duerch déi méi eendeiteg elo, schonn(s) a nawell ersat gëtt.3

Dogéint awer ass et Schued, datt déi lëtzebuergesch Konjunktioun well mat hirem Funktionéieren haut nees op déi däitsch Subjunktioun weil reduzéi[-]ert gëtt. Dat ass ausdrécklech de Fall am Leitfuedem fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch an der Erwuessenebildung A2 vum Institut national des langues, deen als konkret Hëllefsmëttel konzipéiert ass fir e Cours opzebauen (cf. S. 4), leider awer, an der Terminologie wéi an der grammatescher Progressioun vill ze servil dem Profile Deutsch follegt. De Well-Saz (wéi de Wann- a Wéi-Saz) ginn do onglécklecherweis ageféiert, fir de korrekte Gebrauch vum konjugéierte Verb um Schluss ze festegen4. Well gëtt also dem däitsche weil gläichgesat a säi parataktesche Gebrauch gëtt ignoréiert. Dat ass ëmsou méi bedauerlech, datt déi rezent däitsch Textlinguistik a Grammatik d’Konstruktioun weil + V2 an der Ëmgankssprooch ëmmer méi als mëndlech korrekt ugesinn5. Hei gëllt et och, nei textuell Funktiounen z’entdecken an ze formuléieren. Esou hunn déi sougenannt parataktesch Konjunktiounen am Text eng wichteg Orientéierungsfunktioun: an seet nëmmen, datt eppes derbäi kënnt, awer datt d’Vernetzung vun den Erwaardungen iergendwéi adversativ ënnerbrach gëtt, oder datt e Choix méig[-]lech ass, well datt eng Begrënnung oder Ursaach kënnt. Mä beim Gebrauch vu well gëllt déi syntaktesch Restriktioun, datt ëmmer e Verbalgrupp mat enger konjugéierter Form duerno kënnt. Deemno ass well e ‚Sazkonnekter‘ mat enger einfacher ‚Steierungsfunktioun‘. Oder well ass déi lexikalesch Basis vun engem Konjunktionalgrupp, deen an engem anere Grupp – meescht Verbalgrupp – Kausalmember ass.

1 cf. D’Kaart 121 am Bruch sengem Luxemburgischer Sprachatlas (am Internet LuxSA)
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land