All Dag, esou géint 5 vir 12

Nach e Schotz Kaffi?

d'Lëtzebuerger Land du 27.02.2003

Zevill Léift ass och keng Léisung. Well d'Nicole esou frou ass matt senger Sëschter, deem méi jonke Lisi, huet et sech säi Liewe laang fir hatt geaffert, huet wolle säi ratéiert Liewen duerch dem Lisi säin internationalen Erfolleg erëm gutt maachen a souzesoen dorun deelhuelen. Nom fréien Dout vum Papp a gläich drop der Mamm huet d'Nicole fir déi zwee geschafft an dem Lisi Studien zu Bréissel finanzéiert, fir dass hatt géng an Amerika bekannt ginn. Mir léieren déi zwee allerdéngs schon zimlech um Enn vun hiere Liewe kennen, wann et biergof geet matt hinnen. Nodeem se 15 Joer laang all Kontakt ofgebrach haten, gesinn déi zwou Schwëstere sech erëm, an aus hierem Huis-Clos gi mir hir ganz tragesch Geschicht gewuer.

Dat alles geschitt am Inouï zu Réiden, wou dem Serge Tonnar säin éischt Theaterstéck e Mëttwoch Première hat. All Dag, esou géint 5 vir 12 ass zwar net dat éischt Stéck, dat de Rockmusécker a -Komponist schreift, mais allemol dat éischt, wat vun him opgefouert gëtt. Der Patronne aus dem Inouï, dem Schlomit Butbull seng asbl Thé Citron [&] Co huet et produzéiert, d'Christine Reinhold huet et inszenéiert an d'Mady Durrer an d'Monique Melsen spillen et. Nëmme Fraen fir e Stéck vun engem Mann. An et denkt een direkt un dem Jean-Paul Maes seng béisaarteg Schwësteren aus dem Mir gesinn eis...

Well jidder Auteur ëmmer säin eegent Liewesemfeld am beschte kennt an deemno am beschte ka beschreiwen, deet de Serge Tonnar d'Stéck am Theatermilieu spillen: déi zwou Schwësteren hunn allenzwee mat Theater ze dinn, oder besser Muséckstheater, oder besser nach: mam Dram vum Theater. D'Nicole, dat eelst, hat en Theater, mais well kee méi kucke kënnt, wunnt hatt elo op der Bühn, déi ett ëmmer souzesoe geruff huet. 

An d'Elisabeth sollt Musical-Star um Broadway ginn, mais et stellt sech eraus, dass hatt et net méi wäit bruecht huet wéi bei d'Reklamme-spriecherin. Dëse Kader erlaabt dem Auteur et, Iwwerleeungen iwwer de Statut vum Kënschtler, d'Fräiheet vun der Konscht an d'Konscht als Broutberuff op d'Bühn ze brengen. As een zum Beispill forcément schone Loser, wann ee Reklamme fir Miwwel vum Müller-Hoffmann sange geet, fir mam Geld de Loyer ze bezuelen? 

Mais di richteg Geschicht ass awer déi ëm d'Liewesligen vun dësen zwou Fraen, di einfach net méi matenee konnten, well dat eelst sech alles vum Mond ofgespuert huet fir seng Schwester, an dat dunn dem Drock, deer Erwaardungshaltung einfach net mei gewues war. Well et fënnt, dass him zevill Onrecht geschidd, verleiert d'Nicole eebe just daat, wat him esou wichteg war: de Bezuch zur Realitéit. Hatt dréit duech, gëtt Psychopathin. Seng possessiv Léift gët mäerderesch. An hei fënnt ee sëcherlech Parallele mam Annie Wilkes aus dem Stephen King sengem Misery.

Dat sin e puer interessant Usätz, an awer gët ee mat deem Stëck nët richteg waarm. Vläicht well ett zevill battereescht ass, et him eng Grimmel un Humor feelt - de Publikum ass all Kéiers esou dankbar, wann emol ka gelaacht ginn. Mais wahrscheinlech nach méi, well d'Christine Reinhold et a senger Inszenéierung ganz realistesch ugeluecht huet a quasi all Handlung ewech gelooss huet, an déi zwee quasi nëmme face-à-face schwätze léisst. Mais dofer sinn dann d'Dialogen net staark genuch. Oder vläicht och einfach zevill explizit, net abstrakt genuch. Alles get erkläert an doduerch leider streckeweis zerriet. Och vun de Schauspillerinnen huet d'Christine Reinhold verlaangt, dass si konkret spillen, wat da forcément heiansdo an hysterescht Gebläerts oofrëtscht.

Dobäi get et Szenen, dei sinn immens: dei futtis Fra, déi d'Mady Durrer déi éischt zéng Minutte spillt, ganz ouni Text, ganz ongeschminkt, nëmmen duerch seng Présenz, do huet hatt eng Dignitéit an eng Ausdrockskraaft, déi ee méi hätt wolle gesinn. An och d'Monique Melsen ass beandrockend, wann ett roueg an ouni Hysterie kräischt op der Bühn, wa seng Schwëster vum John schwätzt.

Esou oder esou ass et gutt a wichteg, dass ett esou eng Produktioun gët, dass engem jonken Auteur, deen ufaenkt ze schreiwen (op Lëtzebuergesch!) säi Stéck kann anzwouscht matt professionnelle Leit produzéiert ginn, dass et weiderhin eng "alternativ" Szeen zu den Institutiounen gët, an dass de Publikum an engem décontrakteierte Kader iwwer Land Theater mat Usproch gebuede kritt. 

 

All Dag, esou géint 5 vir 12 - E Familiendrama mat Happy End vum Serge Tonnar, inszenéiert vum Christine Reinhold, et spillen: Mady Durrer a Monique Melsen; Technik a Bühn: Patrick Colling, Produktioun; Thé Citron [&] Co. asbl. Weider Opféierungen nach haut den owend, an den 1., 4., 5., 6., 11., 12., 13.,18., 19., 20., 25., 26. a 27. Mäerz grad ewéi den 1., 2. an 3. Abrëll, all Kéiers um 8 Auer an der Brasserie Inouï zu Réiden; 57, Grand-Rue, L-8510 Rédange, Telefon fir ze réservéieren: 26620231 oder iwwer e-mail: inoui@pt.lu; www.inoui.lu

 

 

 

 

 

 

josée hansen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land