Komplex Adjektiver

Ural a fuschnei

d'Lëtzebuerger Land du 12.08.2010

Eng Léierin aus enger Primaireschoul huet mech gefrot, ob ech net kuerz op d’Thema vun de komplexen Adjektiver – si seet Eegeschaftswierder – kéint zréckkommen. Si hätt terminologesch Problemer gehat, déi si awer séier geléist hätt, mä och Schwieregkeete fir déi verschidde semantesch Operatiounen auserneen ze halen, vun deenen an de Rubricken „D’Wieder gëtt méi mëll, awer nach net besser“ (Land 27/11/2009) an „Positiv oder Komparativ“ (Land 08/01/2010) Rieds war. Maja, léif Joffer! Ärem Wonsch kommen ech gären no. Ouni d’Termino­logie ze vermeiden an déi verschidden Analyseperspektiven ze vernoléissegen, schloen ech Iech eng kleng Promenade mat zwee Beispiller vir.

Ural a fuschnei si komplex Adjektiver: dat ass kloer – wat och ëmmer syntaktesch ënnert dem Wuert Adjektiv verstane gëtt1. Komplex sinn déi zwee Beispiller, well se allebéid aus zwee formelle lexikaleschen Elementer zesummegesat an zesummegeschriwwe sinn: engersäits ur+al, anerersäits fusch+nei. Al a nei sinn einfach Adjektiver, déi als Basis ­(Knuet) vun de komplexe Wierder funktionéieren. Ur- a fusch- sinn haut onverännerlech Präfixen, déi am komplexe Wuert meescht betount ginn.

Eng éischt Analyseperspektiv, déi mir zënter dem 19. Joerhonnert gewinnt sinn, ass déi vun der historescher Sproochwëssenschaft. Lauthistoriker freeën sech, wann se d’Entwécklung vu lexikaleschen Elementer phonologesch (lautlech) a systematesch (duerch allgemeng Regelen) erkläre kënnen. Ur- ass ewell am Alhéidäitschen eng Partikel, déi (wéi och us = aus) op eng Originnsrelatioun hiweist; si kënnt haut mat Substantiven (Urawunner, Urenkel, Urknall, Urmënsch, Ursaach, Urspronk) an Adjektiver (ur­eegen, ursprénglech) vir.

Dogéint schéngt fusch- am Lëtzebuergeschen en Unicum ze sinn, well et nëmme mat nei kombinéiert gëtt. Dat mengt wéinstens an enger kuerzer Notiz de Peter Gilles: „wat genee ass fusch? Carrement ausschléisse kann een, dass et a Bezéiung zu fuschen (LWB) steet“2. D’Äntwert op seng Fro fënnt hien am Artikel frisch vum Rheinisches Wörterbuch3. Do gëtt fusch als eng Metathes-Variant ernimmt zu Prüm (en ale Lëtzebuerger Territoire) a Malmédy. De Professer Gilles resuméiert déi verschidden Entwécklungsprozesser a véier Etappen: a) frisch [gt] früsch (Rundung) b) früsch [gt] frusch (Entrundung) c) frusch [gt] fursch (Metathes: r hannert de Vokal) d) fursch [gt] fusch (Ewechfale vum r). Dat ass bestëmmt eng gutt Hypothes fir déi diachronesch Entwécklung, mä fir eng komplett Analyse vu fuschnei geet et net duer.

Déi zweet absolutt néideg Perspektiv ass nämlech déi semantesch. Meescht gëtt bei komplexe lexikaleschen Ausdréck déi global Bedeitung graff mat Iwwersetzunge skiz­zéiert: ural engersäits (wéi am Däitschen), funkelnagelneu anerersäits fir fuschnei (LWB, S. 426). Mä Iwwersetzungen ëmschreiwen d’Bezeech-nung (d’Referenz, d’Denotatioun); si erfaasse seelen de vollstännege Sënn oder déi ganz Semantik. Dozou gehéieren och d’Strukturen a besonnesch d’Konnotatiounen mat de Gebrauchtsbedingungen. An eisen zwee Beispiller ass d’Struktur determinativ (an net zum Beispill kopulativ4). Dat heescht, datt dat lexikalescht Element a (ur- a fusch-) d’Basis b (-al a -nei) bestëmmt (präziséiert), an dat Ganzt en neie Begrëff fir eng semantesch Ënnerklass zur Verfügung stellt. An dësem Begrëff spillt dat éischt Element seng wichteg Roll: et liwwert den Haaptcritère vun der Ënnerklass a funktio­néiert och an engems als Astufungselement iwwert de Qualitéits- oder Intensitéitsgrad. Ur- a fusch- kënnen als „Graduéierungselementer“ opgefaast ginn an dat ass och implizitt de Fall, wann deen éischte Formativ metaphoresch oder bildlech gemengt ass (z.B. schluetwäiss a schnéiwäiss, äiskal a saukal; cf. Land 08.01.2010).

Eng drëtt semantesch a pragmatesch (och stilistesch genannten) Analyseperspektiv muss zum Schluss extra betount ginn, well d’Konnotatiounen an d’Gebrauchsbedingungen vun de lexikaleschen Elementer hei am Land meescht wéi Stéifkanner behandelt ginn. D’Haaptfro ass: firwat gëtt an engem Kontext d’Wuert ural gebraucht an net zum Beispill aleg (absolutte Superlativ) oder méi al/ eeler (relative Grad I) oder den Adjektivgrupp ganz al? Eng einfach Äntwert gëtt et warscheinlech net op dës Fro. Fir ural awer beweise vill Beispiller, datt de Composé, an engem subjektiv mar­kéi­er­te Regëster, éischter fir den Aus­drock vun enger verkläerter Märchen- a Mythewelt funktionéiert, also zu engem kulturell méi héije Regëster gehéiert: „Mir erfuerschen d’Schluchten an d’Hiele vum Mëllerdall, siche verstoppte Waasserleef a versichen en uraalt Rätsel ze léisen.“

Déiselwecht Konnotatioun schéngt d’Adjektiv fuschnei ze hunn, wann een et mat senge Synomyme vergläicht, wéi fonkelnei, fonkelnoolsnei, nollsnei, fonkelnotznei, splënternei. Vill Lëtzebuerger hunn hei dee gelungene Reflex, dee scho joerelaang vun der Actioun Lëtzebuergesch encouragéiert gëtt5. „Eises“ (dat heescht Stacklëtzebuergescht) wier nëmmen dat, wat mir eleng hunn an net an anere Sproochen ze fannen ass! Fusch­nei – vläicht och splënternei – gëtt esou zum „richtege Lëtzebuergesch“ erhuewen, wärend déi aner Ausdréck als méi oder wéineger „(schlecht) Däitsch“ ugekuckt ginn. D’Dualitéit „Eises / Friemes“ ersetzt da leider all aner Gebrauchtsbedingungen, ënner anerem déi vun de Sproocheregëster. D’Kon­se­quenz ass e Purismus, dee vill lëtzebuergesch Wierder re-comman­déi­ert, déi am praktesche Gebrauch vun der Sprooch vun haut bal ni virkommen a vill anerer als „friem“ refuséiert, déi um Terrain geleefeg sinn. Fir d’Lëtze­buerger Sprooch wier bestëmmt méi eng pragmatesch Haltung wënschenswäert a méi nei, wann net fuschnei: dat Aalt, an domat bestëmmt och dat Uraalt, soll net weider privilegiéiert ginn.

1 Syntaktesch ass d’Adjektiv en Element, dat am Nominalgrupp als Epithète tëscht dem Artikel an dem Substantiv funktionéiert: déi gutt Leit. Déi meescht Adjektiver kënnen och a Verbalgruppen als Adverb oder als Prädikativ gebraucht ginn (Schlooft gutt! Dé
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land