Rusty Boys

Zigaretten an eng eege Meenung

d'Lëtzebuerger Land du 20.01.2017

Wéini ass e Film relevant fir Lëtzebuerg? Wann en op Cannes, op Berlin oder op Venedeg op en A-Festival geet, well seng Schauspiller oder Realisateuren international bekannt sinn an en esou an engems eng Zort Nationbranding mécht? Wann en eng avantgardistesch Ästhetik huet, wei vill Filmer vum Bady Minck, an esou an enger Niche seng Plaz fënnt an e vläicht Generatioune vu Kreative wäert influenzéi­eren? Oder wann en, sëff et als Documentaire oder als Fiktioun, eng Lëtzebuerger Realitéit opgräift an thematiséiert an esou Froen iwwer eis Gesellschaft stellt? De Comité de sélection vum Film Fund muss sech déi Prinzipiefro an all Reunioun stellen, wann erëm vill méi Demanden erakomm si, wéi Suen do sinn, an e muss entscheeden, ob en engem klenge lokale Projet eng Chance gëtt an dofer vläicht eng fett international Koproduktioun verwerft.

Mam Andy Bausch huet de Filmfong scho méi laang e gestéiert Verhältnis, haaptsächlech wéinst sengem Projet, de Superjhemp ze verfilmen, deen de Fong einfach net wollt ënnerstëtzen, well en d’Dréibuch net gutt genuch fonnt huet (eng ganz aner Adaptatioun vum Roger Leiner a Lucien Czuga hirem Superheld gëtt den Ament bei der Samsa gemaach). Bei anere Projeten huet de Fong dem Andy Bausch da proposéiert, dëst oder dat u sengem Zeenario ze änneren. Beim Grouss Gefiller, deen d’nächst Woch als Rusty boys an de Kino kennt (Produktioun: Paul Thiltges), hate se him gesot, e sollt mat engem Auteur zesummeschaffen, fir d’Dréibuch nach ze iwwerschaffen. Hien huet sech mam Frank Feitler zesummegedoen, zesummen hu se d’Ideeën, d’Figuren an haaptsächlech d’Dialogen nach affinéiert. Si kruten dofer eng kleng Aide à l’écriture an dono 1,9 Milliounen Euro Steiergelder, fir dee Film ze dréinen. An och wann de Sujet – eng Comédie iwwer Aler – Angscht mécht, ass d’Resultat méi ewéi relevant. An dat souwuel vun der Form wei vum Fong hier.

De Fong, dat sinn d’Sujeten. Rusty boys ass d’Geschicht vun enger Band zesummegewierfelter Aler iwwer 65, déi, obwuel se vum Wiesen a vum sozialen Hannergrond hir ganz verschidde sinn, iergendwéi zesummefannen an hirem Refus vun der totaler Iwwerwaachung an engem Altersheem. Den Nuckes (Änder Jung), dee Surveillant am Altersheem ass an do vun deer neier, sprocker Direktesch (Fabienne Hollwege) entlooss gëtt, kënnt mat der Idee: wéi wir et, wa mer eist Liewen erëm selwer géngen an d’Hand huelen an eng „autonom Kommune“ opmaachen – wéi deemools d’Hippien. D’Kollegen, all och Pensionnairen aus dem Altersheem – bis op de Jängi (Fernand Fox), schonn iwwer 80, dee mat senger Rabbelkäppegkeet nach an engem Gaardenhaische bei sengem Schrebergaart wunnt – sinn eigentlech zimlech begeeschtert. Mais bei deem enge feelt de Courage a bei deenen aneren de Goss.

Rusty boys verzielt mat vill Fangerspëtzegefill eng Geschicht vun eiser Gesellschaft. Eng Gesellschaft, wou d’Leit keng Zäit oder keng Loscht hunn, fir sech ëm hier al Elteren ze këmmeren. Oder ze geierzech sinn: knapps hu si d’Haus iwwerschriwwe kritt, ginn d’Elteren an d’Heem gespaart, wou se mat anere Leit, déi och en Hörapparat oder e Rollator hunn, déi net méi ganz bei Kapp oder net méi ganz dicht sinn, an enger Ofhängegkeet gehale ginn, an deer se lues a lues gaga ginn. Eng Gesellschaft och, wou déi jonk Generatioun awer net eens gëtt, och finanziell: wou d’Kanner, schonn erwuessen a selwer Elteren, nach bei hier pensionéiert Elteren heesche komme, well se soss d’Enner net zesumme kréien.

Wéi de Pitt (Pitt Simon) an d’Maisy (Myriam Muller): hien aus guddem Haus, Fils vum Zänndokter Lull (Pol Greisch), huet Theater studéiert mais kann net dovu liewen, dofer geet en als Clown an d’Altersheimer, d’Leit e bëssen animéieren (allerdéngs erniert dat säi Mann och net). Dofer muss hatt, d’Maisy, Duechter vum Prolet Fons (Marco Lorenzini), als Taxichauffeuse schaffen a probéieren, hir zwee Kanner ze ernieren. Tëscht dem Fons an dem Lull allerdéngs gëtt et eng gutt Portioun Sozialnäid a Mépris, deen éischte fënnt deen zweeten arrogant, deen zweeten deen éischten ignorant. Och wann déi Figuren heiansdo e bësse séier a mam décke Bic gezeechent sinn an d’Geschicht e bësse graff Ficellen huet, sou ziele se dach eppes vu Lëtzebuerg, dat kaum diskutéiert gëtt: datt d’Liewen hei fir vill Leit, net nëmme kleng Leit, mais och deer aus der Mëttelklass, munnechmol ganz schwéier ass.

Bannent deem Universum, deen den Andy Bausch an de Frank Feitler opgebaut hunn, an deen haaptsächlech vun deene geniale Seten aus dem Minette (verschiddener erkennt een, wei een Hommage, aus Troublemaker oder dem Club des chômeurs), deenen détailverleiften Décoren a Costumer  (Sylvia Kasel) sou wéi deene schéine Biller (Chef op’: Carlo Thiel), erzielen se do bannendran eng Comédie, déi Popformat huet – wei ëmmer beim Andy Bausch. Obwuel d’Figure gréisstendeels nuancéiert sinn (ausser d’Fraën), geet et net drëm, fir ze kräischen. „Iwwerhaapt net!“, wei de Fons geng soen. Et soll e Film sinn, an deem ee sech ameséiert.

An dat klappt och. Haaptsächlech bei deene Figuren, déi vun hiren Interprete gedroe ginn. Dat ass fir d’alleréischt de Jungs Änder als Nuckes, deem keen d’Waasser hei ka reechen. Den Nuckes ass ee verhënnerte Cowboy, huet ëmmer Cowboysstiwwelen un, eng Chevrolets Camionnette mat engem ge-airbrushte Sonnenënnergang drop, kuckt ëmmer Western a senger Kabaischen a schmuggelt leidenschaftlech Zigaretten an Alkohol fir seng Kollege Pensionnairen eran. Den Nuckes huet e grousst ­Häerz – vill ze vill grouss, wei sech wäert erausstellen – an ëmmer deen Dram vun der grousser Fräiheet. Just doheem ass näischt an der Rei: hien a seng Fra Henriette, déi Kazefigure sammelt, schwätzen, no 30 Joer Bestietnes, knapps nach mateneen. An da gëtt et d’Sabinn (Marie Jung), vun deem d’Henriette iwwerzeegt ass, et wier dem Nuckes seng „Freiesch“.

Do wou den Nuckes cool ass, am Muerkstricko ronderëmleeft an all Mënsch fir säin autonoomt Senio­renheem wëllt iwwerzeegen, ass d’Henriette awer och grad de Contraire a schrecklech verklemmt. Dee Personnage huet keng Konturen, d’Fra mécht soss näischt wéi kräischen a leiden – a leiden a kräi­schen (aarmt Monique Reuter). Och de Marco Lorenzini als Fons huet et schwéier, nieft dem Änder Jung, dem Fernand Fox oder dem Pol Greisch ze bestoen: well hie méi jonk ass wéi seng Figur, hu se him eng hallef Glatz geschuer, wat een op 100 Meter gesäit, an hie probéiert andauernd krampfhaft, „al ze spillen“, wat dacks widder Wëlle komesch ass. Dem Greische Pol hëlt ee par konter den eeleren, e bësse méi etepetete Intellektuellen of; ganz ­schéin och seng Amourettchen mam Nelly (Josiane Peiffer), dat sech, wéi hien, d’Fëmmen einfach net wëll verbidde loossen. De Foxe Fern ass einfach hie selwer, esou schrulleg a sengem Gaardenhaischen, wou en einfach de Fernseh an en Aquarium ëmgewandelt huet a sech virgeholl huet, datt, wann näischt méi geet an hien net méi do ka bleiwen (wéinst deem Bauprojet vun engem Supermarché zum Beispill), hien einfach „mat engem grousse Freedefeier“ wäert oftrieden.

Rusty boys ass beileiwen net deen éischte Film iwwert oder mat ale Leit: den David Lynch huet Straight story gemaach, de Clint Eastwood Space cowboys oder den Donald Petrie Grumpy old men, mam onvergiesslech Granzert Walter Matthau. Ëmmer goung et drëm, datt een och no 45 der Gesellschaft nach eppes ka bréngen, datt déi Leit wollten autonom liewen, sech näischt diktéiere loossen. Datt hiert Liewen anescht ass, wéi dat vun deenen, déi an der „Rush hour vum Liewe“ stinn, wei d’DP dat nennt. Ma datt, trotz Alzheimer an Inkontinenz, et schéin ass, mat de Kollege Musek ze lauschteren, sech ze verléiwen, ze fëmmen, selwer ze decidéieren an d’Welt kucken ze fueren. Rusty boys zielt dat alles ouni ze vill Pathos a mat immens witzegen Dialogen – „souvent, la maladie vous fait un trait par la facture“ seet den Nuckes op Franséisch. Deemno ass de Film, obwuel e ganz ville Leit näischt wäert soen (besonnesch Jonken net), absolut relevant a seng Steiersue wäert. Ënner anerem och, well e bal 40 lëtzebuerger Schauspiller richteg Rolle bitt. An net nëmme deeër vum drëtte Bam lénks, wéi a ville Koproduktiounen.

josée hansen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land