Theater

Abgaaschtege Pak

d'Lëtzebuerger Land vom 12.10.2018

Wa si erakënnt, gëtt et kee Pardon. D’Meeschtesch vun der Hotelséquipe dirigéiert hir Leit ewéi um Schnéierchen, et gesäit een hirer Kierperhaltung of, dass mat hir net ze spaassen ass: riichte Réck, d’Nues an d’Loft gehal, strenge Bléck. Véier Leit Personal danzen no hirer Päif, bréngen deen opwännegen Dekor eran, zum Beispill vum „Café Blauschnee“. Dëscher mat rout/wäiss karéierten Nappen, en iwwerdimensionaalt Schwäizer Täschemesser, grad esou eng grouss Tablett Schockela, e Landschaftsbild mat de Schwäizer Alpen a Kéi drop. Iwwerdeems esou d’Szenebiller geännert ginn, gëtt entweder gejodelt oder ginn Alphorn-Melodien agespillt (Musik: Luc Hemmer & Joël Mangen). Um Enn vun dësem spezifeschen Iwwergang hellt di streng Meeschtesch – wonnerbar präzis an arrogant gespillt vun der Dänzesch Annick Schadeck, di och „Bewegungstrainerin“ ass – nach dräi Guckucks­aueren an hänkt se ganz genee an d’Ritzen vun deem wonnerbare wäissen Dekor, deen d’Anouk Schiltz sech afale gelooss huet. En Dekor, deen esou perfekt, mëll a geleckt, héich technologesch an an engems klaustrophob ass, dass e schon aleng d’Iddi vun deem Spill tëscht Wierklechkeet an Dram, Granz a Geck erëmgëtt, ëm deen d’Stéck anscheinend geet.

Leschte Samsden den Owend am Kapuzinertheater: Alles, wat en Numm an der Lëtzebuerger Literatur- an Theaterszeen huet, huet sech Rendez-vous ginn fir dee groussen Ouverturesspektakel vun der Saison 2018/19 vun den Théâtres de la Ville: eng lëtze­buerger Produktioun, net nëmme mat engem Text vun engem groussen nationalen Auteur, dem Guy Rewenig, mä och nach inzenéiert vun engem Urgestengs vum Theater, dem Charel Muller, deen hei seng éischt Regieaarbecht a sengem neie Liewen, no der Pensioun zu Esch, mécht. Begleet gëtt en dobäi vum Andreas Wagner an der Dramaturgie, an op der Bühn vun esou lokale Gréissten wei dem Jean-Paul Maes, dem Krëscht Rausch oder dem Pitt Simon an dem Brigitte Urhausen. D’Leit si komm, well se wollte laachen, einfach nëmme laachen. Well se d’Flemm mam Walkampf hätt, sot eng Fra vrum Stéck, well iwwerall just alles deprimant ass. Si wollten e Rewenig – a si kruten e Rewenig.

Mä et ass där een aus den Nonzeger. Obwuel d’Stéck Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen, op enger dialogescher Kuerzgeschicht vun 2015 baséiert, erzielt et neess dei al Leier vun den abgaaschtechen, onzefriddenen, an, jo, komplett mëlle Lëtzebuerger do weider, wou de Rewenig säi Psychogramm vun enger Natioun vrun 30 oder 40 Joer ugefaang hat. Also geet et natierlech ëm eng al Koppel di, natierlech vum Lamperbierg ass1, natierlech voll gefriess an natierlech jalous op all di aner Leitt. Natierlech hu se eppes ze verstoppen, an natierlech ass et e Geheimnis, dat beweist, dass eigentlech guer näischt an der Rei ass bei hinnen.

Si heeschen Henri a Félicie a fueren an d’Schwäiz an d’Kur. Hien, de Maes, ass melancholesch, an hatt, d’Krëscht Rausch, ass Hypochonderin (et ass him emmer „schëmmeleg“, flott Wuert). Hie laacht andauernd, souguer wann en anscheinend melancholesch ass, an hatt deet Kreesch, wann et schwätzt. Si sinn natierlech rassistesch, et ass jo Rewenig, an dee werft ëmmer all Mensch Rassissem vir, a ginn natierlech net eenz mat där moderner Technologie vum Hotel. An da begéine se nach enger jonker Koppel, dem Ricky an dem Bella, och Lëtzebuerger, „va Weelwerwoolz“, déi sech behuele wei wëll Béischten – normal, se si jo „Jonker“ (de Pitt Simon an d’Brigitte Urhausen maachen alt matt, mä schéngen net ganz iwwerzeegt vun hire Figuren).

Sou dass de Rewenig erëm säi grumpy old man gemeet huet mat engem Stéck, dat engem d’Gefill gëtt, dass den Theater zu Lëtzebuerg elo extrem professionell ginn ass, wat de Kader an d’Produktiounskonditiounen ugeet, mä de Contenu iergendwou am leschte Joerhonnert stieche blouf.

1 Wéi scho beim Helmingesch Guy séngem Performance, de Lamperbierg schéngt de Cliché vum guddbiergerlechen Horror ze sinn fir Schrëftsteller aus dem Süden.

Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen vum Guy Rewenig, inzenéiert vum Charel Muller, assistéiert vum Daliah Kentges, Dramaturgie : Andreas Wagner, Bühn & Kostümer : Anouk Schiltz, Musik : Luc Hemmer & Joël Mangen, mam Jean-Paul Maes, Nilton Martins, Krëscht Rausch, Pitt Simon, Brigitte Urhausen, Luc Hemmer, an, am Zëmmerzerviss : Manuela Giacommetti, Lorent Hajredini, Marko Mladjenovic, Paul Nossem an Annick Schadeck (Beweegungstrainerin), gëtt nach muer, Samsden, den 13. Oktober, am Kapuzinertheater gespillt, ir ët iwwer Land op Tournée geet ; www.theatres.lu.

josée hansen
© 2018 d’Lëtzebuerger Land