En zweete Fabeschfränz

E Liewe fir e Bucki

d'Lëtzebuerger Land vom 28.02.2002

Fréier, an der Belleepock, konnt e Bouf vu klenge Leit et nach éierlech an aleng zu eppes bréngen. Hie konnt Geld, Fraen an e Stéck vun der Welt gesinn, wa seng Wueden zolitt genuch woren, fir Kursen ze fueren. Dat wor, wéi d'Vëloen nach Pléi woren an d'Zyklisten  nach Zockerwaasser amplaz Houschtenzirupp gesoff hunn. 

Esou geet déi verluge Seechen. An e Jong hat se gegleeft, well e sech d'selwecht schreift ewéi de grousse Fabesch Fränz, deen 1909 den Tour de France gewonn hat. Ma gläich am Ufank vum  Hoerolds Pit sengem éischten Theaterstéck, En zweete Fabëschfränz, gesi mer, datt et nëmmen en Dram wor. Well den ale Fabesch Fränz (Marc Olinger) fiert nëmmen nach mat vill Gekeims op der Voiture balai, déi Zyklisten zesummerafen, deenen den Otem ausgoung.

Vill eeler Leit woren an den Theater komm, deenen den Numm Fabesch Fränz nach eppes seet. Well wann e Lëtzebuerger emol virbäi wor am Tour de France, da wor dat de paterjotteschen Houfert vum ganze Land - ee Jorhonnert laang. Dofir komme grouss Sportler a staark Männer aus deem klengen a schwaache Land ëmmer nees an der nationaler Literatur vir: de Roger Manderscheid gouf Rote Nelken für Herkul Grün, ass mam Velo bei d'Gëlle Fra gefuer, an de Greische Pol krut e Platten. De Stader Buergermeeschter huet sech dëst Joer esouguer ness den Départ vum Tour de France kaf.

Ma dat Paterjottescht vum Sport ass net esou dem Hoerolds Pit säin Uleies. Him läit dat individuellt Lous vum Zyklist méi uewen. Dee jonke Fabesch Fränz (Luc Feit) trainéiert seng Wueden a säi Franséisch an dreemt vun der sexueller Belounung fir all déi Méi op deene knubbelege Landstroossen a géie Koppen: dem Meedchen (Mathilde Guenard), dat mat engem Bucki an enger Bees op dee waart, deen d'Kurs gewënnt. Dertëscht kommen de Foxe Fern an den Hoffmanns Pol emol als Champion an als Barriärswiechter, als Schoulmeeschter an als Reporter fir kuerz Sketcher bis laanscht.

Vill geschitt iewel an deem Stéck net. An d'Peiffesch Josiane, dat fir d'éischte Kéier d'Regie mécht, ass och keng grouss Hëllef, wann d'Leit ronderëm stinn, fir hir laang Monologer opzesoen. Ma dofir gouf op d'manst net op den Dekore gespuert. Eng hallef Zitroengskamionett gët eragerullt, Videos- an Diasprojektioune gi gespillt, Vëloen hänke bis ënnert de Plaffong, d'Geliits fonkelt bombastesch, de Pilo Fonck liest mat senger landbekannter Nostalgiestëmm, a vum Band kommen déi selwecht dräi Museksklischeeën ewéi an all Schoultheater.

Ma ween huet um Enn fir richteg gewonn? Den éischte Fabesch Fränz bleift mat 28 Joer am Véierzengter Krich leien, deen zweete läit an der Voiture balaie "op där hourer 'arrivée', déi keng méi ass".

 

Kapuzinertheater, nach den 1., 2., 8. an 9. Mäerz owes ëm aacht Auer, Reservatiounen Tel. 22 06 45. - Pit Hoerold: En zweete Fabëschfränz. E Stéck fir e Mann an e Velo. Édition Textîle, Lëtzebuerg 2002, 76 S., 10 Euro.

 

 

 

Romain Hilgert
© 2017 d’Lëtzebuerger Land