Faking Love and Death sou niewebäi

Dolls

d'Lëtzebuerger Land du 08.05.2003

Iergend eng Kéier misst een awer ufänken, eng Statistik iwwer d'Zuel vu Läichen op de Lëtzebuerger Theaterbühnen an engem Joer opzestellen. Beim neien Nico-Helminger-Stéck, Faking love [&] death esou niewebai zum Beispill sinn et der véier: zwou op der Bühn an zwou, vun deenen erzielt gët. Beim Nico Helminger stierwen d'Leit ëmmer op ongewinnten, meeschtens schrecklech grausam Aart a Weis (ee gliddecht Eisen duerch de Kierper, e kléngt Meedchen, dat vu senger Mamm mat gliddechem Waasser iwwerschott gët...) A bei him geet meeschtens och nach iergendwou vun enger Vergewaltegung Riets. E bësse schingen déi vill ongewéinglech Doudeger an all déi Grausamkeete jo nët nëmme seng Interpretatiou vun der Schäinhellegkeet an enger falscher Gesellschaft, mais ëmmer och eng Verleenheetsléisung ze sinn, well den Auteur keen anere Kleimäx vum Béise fënnt.

Well wann een dem Nico Helminger senger Logik aus Faking... follegt, ass een um Enn doudsécher mam Jean-Claude Juncker d'accord, deen iergend eng Kéier nom 9/11 gemengt huet mussen offiziell ze déclareieren, dass "d'Spaassgesellschaft elo eriwwer" wier. Oder matt deer Béiermark, déi den Ament an den Zeitungen annoncéiert, dass sie ee "Béier wéi fréier" maachen, well haut alles d'Baach ageet (dat gesäit een un den Illustratiounen), an dofer froen: "Et si on refaisait le monde? Comme avant?" Déi eng nennen ët "réactionnaire", dei aner "kulturpessimistesch". An a sengem neie Stéck Faking love [&] death sou niewebäi, mat deem en 1999 den nationale Literaturpräis gewonnen huet, ass den Nico Helminger méi ewéi kulturpessimistesch.

D'Geschicht erzielt vum Denni (Mike Tock) a vum Barbie (Milla Trausch), déi 5 000 Euro de Mount kréien, fir an engem 200 Quadratmeter groussen Appartement ze wunnen a sech dobäi an alle Lieweslagen filmen ze loossen. Déi Biller gin an hirer ganzer Banalitéit 24 Stonne op 24 iwwer den Internet geschéckt. Natierlech seet een sech: oh nee, elo hu mer dat Gekeims a Gejéimers iwwer den definitiven Ennergank vun der westlecher Kultur vun de Philosophen, Soziologen, Mediespezialisten, Kënschtler a wee weess ech fir d'éischt eng Kéier op Däitsch bei Big Brother an dunn op Franséisch bei der Loft Story iwwer eis mussen ergoe loossen, an elo, wou keen Hunn méi dono kréint an déi Reality Shows schon esou banal gi sinn, dass emol kee se méi kuckt, elo huet dann och ee Lëtzebuerge Auteur de Sujet entdeckt... 

Fir sech deem Virworf ze erwieren, erkläert den Nico Helminger am Programmheft, dass hien déi éischt Versiou vun deem Stéck schon am Ufank vun den 90er Joere geschriwwen huet, an 1993 esouguer och scho mat där däitscher Versioun, dat en als Hörspill schrouf, ënner dem Titel Kleinbettingen, den nationalen Literaturconcours gewonnen huet. Dono huet en et op Lëtzebuergesch adaptéeiert. An en erkläert: "hei ass d'fiktioun rëm eng kéier ganz séier vun der realitéit iwwerholl ginn, eng tatsaach, mat där e regisseur, deen dat stéck lo inszenéiert, sech sou oder sou muss auserneesetzen. well, wéi d'stéck geschriwwe gouf, ët nach keng vun deene live-trash-sendungen op der tele gouf, kann d'stéck och nët - wéi ët sech lo vläicht fälchlecherweis dem nokucker kéint ubidden - als reaktioun op déi sendungen verstane ginn..."

De Regisseur ass an desem Fall de Lol Margue (Joërgang 1965), dee joerelaang an den Dramaturgiescoursen vum Frank Hoffmann war, Inspizienz beim Théâtre national, virdrun Filmkritike fir Radio an Tele gemaach huet an elo Prof ass. Assistéiert gët hie vum Tom Hensgen (Joergang 1978), Kritiker bei RTL, Schauspiller, Regieassistent a selwer Kniwweler vun etleche Filmprojeten. Dës Konstellatioun ass wichteg, well sie allenzwee vum Bild kommen, dem Film, an allenzwee och esou un den Text erugoungen: richteg poppeg, ouni zevill ee grousse Respekt, mais bis an dee leschten Détail duerch choregraféiert. Den Auteur seet selwer, säi Stëck géng nët aus Szenen mais aus "Samples" bestoen, wéi an der Computermusek, esou kuerz Stécker, déi een och anescht kann unenanersetzen, an dorausser eppes Neies maachen. 

Allerdéngs hun de Lol Margue an den Tom Hensgen sech awer nët richteg getraut, den Opbau vum Stéck och consequent an dekonstruktivistesch ze "zerfatzen", mam Schluss unzefänken oder Szenen ze widderhuelen, wéi d'Logik vum Sample et géng wëllen. D'Geschicht erziele si linear, mat enger scheiner Unitéit vun Zäit a Raum, wéi de klasseschen Theater dat esou wëll, vum Besuch vun den zwee Kollegen Hëng (Daniel Plier) a Carole (Laura Marxen) am Appartement u bis bei den tragesche Schluss, deen duerch ee "mysteriéise Friemen" (Tom Leick) kënnt. Hir Ausenanersetzung schéngt mei formal wei inhaltlech ze sinn.

Well de Keller vum Dierfgen den Ament ëmgebaut gët, hu si mussen, wéi schon d'Carole Lorang matt Ménage, dat klassescht Haus verloossen an hunn Asyl am Casino an der Enneschtgaass fonnt. Do spille si am Prouvé sengem Virbau, deen am Volleksmond "Aquarium" genannt gët. An dëst ass warscheinlech dei flottsten Idee vun där ganzer Productioun: d'Bühn steet an der Mëtt vum Aquarium, de Publikum um Casino senge roude Klappstill lénks a riets dovun, an och déi komplett "onbeleckte" Passanten an Touristen, déi um Boulevard Roosevelt laanschtginn, kënnen nach erastuerken a ginn da selwer eng Zort Voyeuren oder Spectateuren wéi bei de "Reality Shows". 

An da sëtzt een do an et waart een, dass d'Stéck ugeet an da spillt d'Band dat exotescht Vullegezwitschers, dass ee bal mengt, dem Bert Theis seng Installatioun Le domaine de Marcel et Joseph sting nach do. An - ass ett d'Aura vun der Plaz oder Abildung? - dem Trixi Weis seng super fake Miwwel aus gepresstem Kartong erënneren een op eemol un den Thomas Demand, deen d'ganz Welt a kartongs Maquetten nobaut an da fotografeiert. D'Fotellen, d'Tele, de Piano, mais esouguer och d'Glieser, d'Fläsch, d'Tëlleren an den Homar sin aus dees bronge Kartong. "Fake", falsch, ass déi Schäiwelt, ëm déi et hei geet.

D'Schauspiller bespillen och dee ganze Casino, och dat eng gutt Idee, ët gesait een se vu Sall zu Sall lafen, an esouguer aus den Toiletten oder aus dem schéine Wäikeller komme Biller op Video. Déi zwou Koppele si ganz flott, de Mike Tock als nombrilisteschen Schönling, dee sech iwwer sech selwer bretzt, an den Daniel Plier als "Denker" (mat Glatz - fir dass ee gesäit, wéi en denkt...), deen alles a Fro stellt. Besonnesch interessant sin aawer hei déi zwou "Mossen", incarnéiert vum Milla Trausch (Barbara) a vum Laura Marxen (Carole), zwou ganz jonk Schauspillerinnen, déi een nach kaum op Lëtzebuerger Bühne gesinn huet an déi hei ganz besonnesch frësch sinn. Deene véier hire Probleem, grad ewei dee vum Fränk (Friemen, gespillt vum Tom Leick) dono ass den Text: déi Leitt schwätzen net normal a banal, wéi all déi Leit am Loft oder esou, mä déi schwätzen déi ganz Zäit nëmme Metatext. "Gehouschts" génge Leit wéi dës Personnagen am Café dozou soen. 

Well den Nico Helminger wëll all dei Froen uschwätzen, déi him op der Zong luchen zu deem Sujet vun der "Représentatioun vum Ech" an dëser Mediegesellschaft: Éierlechkeet, "Posture", Aliénatioun, Realitéit, Banalitéit, Authentizitéit... all déi grouss Wierder wëll hien erabréngen, mais deen Discours kritt en net esou richteg abstahéiert, fir eng einfach a liicht Geschicht ze erzielen.

Fir sech vun esou vill Froen net erschloen ze loossen, mécht de Lol Margue mat senger Ekipp de Contraire: si ameséiere sech, hu Spaass beim opgedréinten Hin- an Hirlafen, op den Dëscher Danzen wei Poppen, Knutschen, sech Zecken - dat alles bei Moby, Bach, de Chemical Brothers - a ginn dann ëmmer neess "gefreezd", wéi e Standbild beim DVD-Player. Esou gët Faking... schlussendlech awer ee kurzweilegen, faarwegen a liichten Theaterowend.

 

Faking love an death sou niewebäi vum Nico Helminger, Regie: Lol Margue, assistéiert vum Tom Hensgen, mam Milla Trausch, Mike Tock, Laura Marxen, Daniel Plier an Tom Leick; Dekor a Kostümer: Trixi Weis; Video: Tom Hensgen, Lol Margue ass eng Coproductioun vum Dierfgen mam Casino a gët nach den 12., 14. a 15. Mee am Aquarium vum Casino an der Enneschtgaass  gespillt. Réservatiounen iwwer Telefon 222828 oder iwwer Internet: www.theatrecentaure.lu. Den Text ass als Amphitheater-Heftchen (nr 65) bei Phi erauskomm; ISBN: 2-87962-164-X

 

 

 

 

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land