Trennbar Verbecomposéeë mat lass

Alles, wat net ugestréckt ass!

d'Lëtzebuerger Land vom 02.09.2010

Wéi an alle Sprooche gëtt et am Lëtzebuergesche vill lexikalesch Elementer, déi jee nom Kontext a verschidde Wuertkategorië klasséiert ginn. Meescht huelen d’Fachleit an deem Fall eng Haaptklass un, a si versichen duerno z’erklären, wéi a woufir dat selwecht Element och d’Funktioun vun anere Kategorien iwwerhuele kann. Esou zum Beispill d’Adjektiv schéin: an engem Verbalgrupp kann et Prädikativ oder Adverb sinn (Dat ass schéin. Si sange schéin.) Mä et kënnt och als Epithète an engem Nominalgrupp vir (Dat schéint Lidd) an, méi rar, als Graduativ an engem Adjektivgrupp (Haut ass et schéi [= vill] kal) oder als Modalwuert an enger Ausso (Elo gees de mol schéin [= brav] an d’Bettchen).

D’Rubricken iwwert déi komplex Verben1 hu gewisen, datt déi trennbar Partikele massiv zu dëse polykategoriellen Elementer gehéieren. Op kann trennbar Partikel, Adverb oder Prepositioun sinn: d’Sonn geet op, d’Dier ass op, biergop, op de/dem Mound. Heem kann nieft der trennbarer Partikel selbstverständlech och Substantiv oder Adverb sinn: mir ginn heem, keen Haus a keen Heem, doheem. Fest, stall, voll, dout/ kapott/ futti/ vreckt funktionéiere sporadesch als trennbar Verbepartikelen: feststellen, stallhalen, volltanken, dout-/ futti-/ vreckt-/ kapottschloen. Am Fong awer sinn et Adjektiver, déi besonnesch a Composéë mat enger Resultativstruktur virkommen. Zu där Klass gehéiert och lass, dat ech elo méi genee ënner d’Lupp wëll huelen.

Am Lëtzebuergesche vun haut ass lass en Adjektiv, dat och a Nominaliséierunge virkënnt. Do ass da Rieds vu lasse Blieder (eenzelne Blieder), vu lasse Steng (zum Beispill an enger Mauer), vun engem lassenen Zant, vun enger lasser Schrauf, déi net ugezunn ass, awer och vu Wueren am Lassenen, déi wéinst de Verpakungsgewunnechten hautdesdaags ëmmer méi seelen ze fanne sinn. Méi heefeg kënnt d’Adjektiv lass als Prädikativ (franséisch: attribut) vum Sujet oder Objet vir. Dat ass de Fall, wann ee seet de Knuet (Sujet) ass lass. Potentiell weist dës Ausso op d’Resultat vun engem implizéierte Prozess oder enger virausgesater Handlung hin, wéi de Jong kritt de Knuet (Objet) lass / huet de Knuet lass [kritt] (Modalverb + lass[gebonnen] kréien), de Jong mécht/ bënnt de Knuet (Objet) lass (agentiv), de Knuet (Sujet) geet lass (net agentiv).

An dëse Resultativstrukture misst de Prädikativ lass logescherweis net mat de Verbe kréien/ hunn/ maachen/ bannen/ goen/ sinn zesummegeschriwwe ginn, mä den CPLL huet sech d’Regele vun deem brenzelege Kapitel vun der lëtzebuergescher Orthographie nach net iwwerluecht. Dofir ginn all dës Komplexer och meescht – trotz der ënnerschiddlecher Semantik – als trennbar Composéë behandelt, also op d’mannst am Infinitiv an am Partizip zesummegeschriwwen2.

Déi trennbar Composéë mat lass sinn an den Dictionnairë ganz verschidde vertrueden. Am Gangler sengem Lexicon stinn der nëmme 5 (S. 263); am décken LWB ginn der 32 explizitt mentionéiert (Band 3, 14-18); am Verbebuch vum Men (2005) sinn der 45 opgelëscht; am franséische Luxdico (3. Oplo Schortgen 2009) sinn der 39 iwwersat an am LOD, dee vru kuerzem beim „L“ ukomm ass, sinn der den Ament (August 2010) nëmme 16 virgesinn. Lass gëtt net am Luxogramm vun der Uni (P. Gilles) als Verbepartikel ernimmt.

Fir de Linguist an Enseignant am LaF (Lëtzebuergesch als Friemsprooch) ass déi gréisste Schwieregkeet awer net d’Frequenz (a kengem Dictionnaire fënnt een all méiglech lexikalesch Realisatioune vun enger Struktur!), mä d’Semantik an d’Prag­matik vun de Composéë mat lass. Do hu mer fir d’éischt déi prädikativ Resulktativstruktur, vun där scho Rieds war: D’Schrauf geet lass (Resultativstruktur: Um Enn ass d’Schrauf lass). Virausgesat ass am Fong en Ensembel mat zwou Entitéiten (hei: d’Schrauf an implizitt d’Mudder), déi ëmmer an hirem Zësammenhank duergestallt ginn. Lass bedeit an engem éischte Fall, datt déi explizitt Valenz Sujet oder Objet an en Trenn- oder Entfernungsprozess verwéckelt ass.

Déi zweet Entitéit kann och an engem Prepositionalgrupp (meescht mat vun oder aus) ausgedréckt ginn: Si loossen/ bannen/ ketten/ maachen/ rappen/ zéien den Hond [vu sengem Haischen, vu senger Léngt] lass. Elo knëppen ech deen éischte Knapp lass. Si ginn hien / him senger net lass. An engem heefegen zweete Fall gëtt déi explizitt Valenz Sujet oder Objet an engem meescht als brüsk, explosiv oder onerwaart empfonnten Ufanksstadium duergestallt; lass ass dann ingressiv zilorientéiert an d’Zil selwer kann an engem Prepositionalgrupp mat engem direktiven op/drop ausgedréckt ginn: Op eemol goung de Schoss lass. Elo geet et/ geet de Kaméidi lass. Mir ginn/ fueren ëm véier lass3. Hie geet/ schwätzt drop lass, wéi e Wëllen.

E bildleche Gebrauch vun dësem zilorientéierte Bedeitungselement erkläert warschéinlech, fir wat a ville Verbe lass mat drop verbonne gëtt: poulriicht op ee lassgoen; einfach drop lasshaen/ -klappen/ -schloen/ -schéissen/ -sprangen/ -stiermen. Vläicht erënnert Der Iech dann och – e schlechte Kandheetssouvenir – un d’Streech, déi fréier an de Famillen ausgedeelt goufen, wann d’Kanner lassgezu goufen. D’Iddi vum Ufanksstadium weist och op deen zukunftsorientéierte Sënn vun Da(jee), lass! (« allons-y ! ») hin.

Engem klénge Bouf seng Mamm koum enges Daags an d’Kummer, wou den Zodi an d’Duerchernee schreck­lech waren. Rosen huet se gejaut: Wat ass dann hei lass? De Jéngelchen huet séileg geschmunzt. Seng Äntwert war erstaunlech: Majo, Mamm, lass ass alles, wat net ugestréckt ass. Wat fir en Näisch­notz! Am Fong hat hien domat en typesch lëtzebuergesche Witz gerass, deen ewell am Artikel lass vum LWB (S. 15) steet. Wat ass nëmme lass hei? („Was geht hier vor?“) kann een do liesen an am Commentaire just duerno „spaßhafte Antwort: alles wat net ugestréckt as“. Bestëmmt ass et e Kannerwuert. Mä, Madame, éier Dir Äre Bouf bestrooft, wéi géift Dir Iech (an him) dann de (faule) Witz vun där Äntwert erklären?

1 Land 29/01/2010 („Zréck, hannescht an erëm“), 12/02/2010 (déi verschidde Klasse vun trennbare Partikelen), 19/02/2010 („Fort, ewech, weider a virun“), 02/04/2010 (Wiesselpartikelen, wéi duerch, ëm, ënner, iwwer, déi mol trennbar mol ontrennbar sinn).
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land