Weider Detailer iwwer d'Pronomen

Extra pronominal Referenzen

d'Lëtzebuerger Land du 04.12.2015

Ech hat just engem Frënd den Text gemailt – hie sollt e liesen, ir ech en an der Redaktioun géing ofginn –, du rabbelt och scho mäin Handy. Déi Saach mam Partitivgenitiv där, grommelt en, wier guer net sou einfach, wéi dat am leschten Zoom („Ech hu véier där Wippercher giess“, d’Land, 13.11.2015) duergestallt géif. Do hätt ech net nëmmen d’Orthographiesschwiregkeete vun där/däers escamotéiert, mä och d’Kategorië vun de Partitivartikelen a -pronomen duercheneegehäit.

Iwwerhaapt géif hien sech nach aner Detailer iwwert d’Pronome wënschen. D’Kapitel vun de Pronome misst an der Grammaire op verschidde Punkte präziséiert ginn, ëmsou méi et a leschter Zäit och d’Thema vu Studentenaarbechten op der Uni wier.1 Bon. Mäi Frënd ass haut net gutt gelaunt! Ech verstinn, datt eng weider Sproocherubrik iwwer d’Pro- an d’Ersatzwierder néideg ass.

Spontan wëll ech mech wieren. Wann ech hanner dem Wuert „Orthographiesregele“ där-, däer-, de(e)r tësche Klammere geschriwwen hunn, da sinn domat all Variante mat abegraff, ouni datt ech selbstverständlech all Orthographiesproblemer am Detail hätt kënnen duerchdiskutéieren. Vill Lëtzebuergophone gesinn – leider – wa vun den Determinantie Rieds ass, nëmmen d’Schreifschwiregkeeten, dat heescht de Choix tëschen de vollen dacks betounten -ee-, -ä- oder -äe- an de schwaache respektiv reduzéierte Schwasilben: -er-, -en-, -em (cf. Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, § 172). Datt dobäi och un d’Schreifregel vum -ä-/-äe- muss geduecht ginn, dat ass kloer.2

Mä d’Pointe vu mengem leschten Zoom louch net op den Orthographiesregelen, an och net op de Kategorien, ënner deenen engersäits Determinantien a Pronomen ënnerscheet musse ginn an anersäits am Nominalgrupp Demonstrativ- a Partitivartikelen, eventuell och Demonstrativadjektiver.3 Deer/deers (där/däers, der/[d]es) ass a mengem leschten Zoom am Kader vun enger Gruppegrammatik als Partitivelement am Genitiv systematiséiert ginn, ouni datt selbstverständlech all Konnektiounen a Bedeitunge vum Genitiv konnten ernimmt ginn. Et ass net méiglech, all Kéier all Problemer all zesummen ze behandelen.

Iwwer d’Kategorië vun de Pronomen (ech soe léi-wer Pro- an Ersatzformen4) hätt mäi Frënd dann nach gär e puer weider Äntwerten. A fir d’éischt iwwer d’Pronomen, déi op weiblech Liewewiesen, meescht op Persounen, hiweisen. Do hu mer natierlech hatt/et a si/se, Formen also, déi – an engem Virtext, Notext oder an der Aussosituatioun – fir d’Referenz op weiblech Persounen (oder Déieren5) agesat kënne ginn. Vun deenen zwee Referenzsystemer benotzt deen een de morphologeschen Neutrum mat hatt, an deen aneren de morphologesche Feminin mat si.

Vun deenen zwee Systemer war schonn dacks an eise Sproocherubrike Rieds. Erënnere mer eis un d’Rubrik n° 80: „Wat maache mer dann elo mat de ,geduuzte Fraleit’ an der Sproocherubrik?“, wou ech mech vehement hu misse géint d’Uklo wieren, ech géif misogyn sproochlech Ausdréck benotzen, besonnesch wann ech vu „Fraleit“ geschwat hätt. Gott sei Dank sinn ech haut net méi eleng op esou engem soziopragmatesche Wee. Et geet net méi duer, wann an engem Bäitrag gesot gëtt, de Choix vun hatt oder si géif vun der Nennung vum Virnumm oder vun der Sozialstellung (Alter, Milieu, Titel) oder souguer vun enger Wäertekategorie [+/– Respekt] ofhänken. Wann d’Sandie Lahure op der Sich no de schéinsten Terrassen hei am Land mat hatt referéiert gëtt, dann huet dat glat näischt mat engem Fakteur Respekt ze dinn, mä am Gegendeel mat der Tatsaach, datt d’Reporterin populär ass an zum „Bekanntekrees“ vu bal allen Awunner gehéiert (cf. „Summer-Magazin“ op rtl.lu, 03.09.20156). Leschten Enns freeën ech mech, datt an den dräi Unie vu Mainz, Lëtzebuerg a Freiburg (CH) vun 2015 bis 2018 e Fuerschungs-Projet leeft: Das Anna und ihr Hund. Weibliche Rufnamen im Neutrum. Sozio­pragma­tische vs. semantische Genuszuweisung in Dialekten des Deutschen und im Luxemburgischen. Och wann een net mat allem d’accord ass, da muss een dach agestoen, datt vill Iwwerleeungen aus menge Rubriken sech am Presentatiounstext vun dësem Fuerschungsprojet schonn erëmfannen.7

Eng zweet Fro, op déi mäi Korrespondent gär géif zréckkommen, ass de ganze Komplex vum Duzen an Dierzen (cf. Sproocherubrik n° 76, 80, 82, 98). Dat ass verständlech, well de Choix vun de Forme fir d’Dierzen an d’Duzen och vu soziopragmatesche Facteuren ofhängt, déi net ëmmer evident sinn, besonnesch net fir Net-Mammesproochler.

Fir de Gebrauch vum du-System a vum Dir-System ze beschreiwe, gi gewéinlech spriechakt-theoretesch Oppositiouns-Begrëffer agefouert wéi „formell“, „héiflech“, „familiär“, „distanzéiert“, „vertraut“ oder Wäertkategorië wéi [+/– Héif-lechkeet], [+/– Respekt] (an engem anere Sënn wéi uewen). Am ëffentleche Liewen ass d’Dierzen éischter dat normaalt Behuelen an d’Duzen d’Ausnam, déi begrënnt muss ginn. Dir ass déi Normaluried ënner Erwuessenen.

Vun deenen zwee Referenzsystemer fir weiblech Persounen ass de si-System och d’Norm am anstännege Sproochverkéier; de Gebrauch vum hatt-System setzt sengersäits e gudde Bekanntekrees an e sozialmarkéiert Gesellschaftsliewe vir­aus. Jee no Status, Alter a Regiounen, kënnen déi zwee Systemer natierlech och mat anere Konventiounen (Titelen) a Kommunikatiounsstrategien (zum Beispill Dierzen/Duzen) konkurréieren.

1 Cf. besonnesch der Caroline Döhmer hir Viraarbechte fir hir Dokterthees: Wortstellungssyntax von Haupt- und Nebensätzen im Luxemburgischen (Supervisor: Peter Gilles, Université du Luxembourg). Cf. Personalpronomen im Luxemburgischen. Paradigmen und Serialisierung. – Däers Partitiv hu mer genuch – der Ausbau des Partitivs im Luxemburgischen. – Die Kategorisierung des Genitivs im Luxemburgischen. – „[…] an hunn hir et gesot […]“ – eng Analyse vun der Serialiséierung vun (pronominalen) Objeten am Lëtzebuergeschen“.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land