Endstatioun Geenzuucht

Mat der Junk-Air op Hannover

d'Lëtzebuerger Land vom 25.01.2001

Et si scho gelungener, d'Lëtzebuerger. Sie wiele riets, mä stierze sech all Freideg op de Feierkrop a lafen lénkse Kabarä kucken. De Programm 2000/2001 Endstatioun Geenzuucht vum Cabarenert - dat ass d'Trupp ëm de Josy Braun - leeft den Ament mat engem onheemleche Succès am Café beim Albert Mousel, all Owend ass d'Bud voll an d'Leit krëmme sech vu Laachen. Dat beweist eemol méi, dass et zu Lëtzebuerg eng wierklech Demande gët fir Satire a Kabarä, wéi wann d'Leit een Drockventil bräichten, duerch dee se hierer Rooserei iwwer "déi Déck" an hir Nopere kéinte lass ginn. De Cabarenert ass do vum Prinzip hir net wierklech anescht wei d'Lëtzebuerger Revue, just ebe méi affirméiert politesch a méi lénks.

An esou sinn d'Auteuren - de Josy Braun, de Roland Gelhausen an de Jay Schiltz - géint d'Kierch an déi, déi d'Muecht hunn (d'Regierung an den Haff), rëselen de Kapp iwwer déi "modern Welt" (d'Televisioun, de Sponsoring, den Handy an d'online-Broker) a freë sech iwwer eis alldeeglech Topegkeeten. Wa verschidde Sketcher einfach zevill frontal an eendimensional ukloen an net wierklech laachen dinn - dat gëllt firun allem fir den éischten Deel, déi zwee éischt pafefrësseresch Sketcher sinn net witzech mä haaptsächlech moralisant, d'Thema ass total ofgegraff - sou hu se eng Spezialitéit, déi d'Stëmmung am Sall direkt rett: d'Parodie. 

De Roland Gelhausen als granzegen an egozentresche Premierminister beim Freidesbriefing, voller Mépris fir seng Nolauschterer a mat laangen a komplizéierte Sazkonstruktiounen, déi näischt aussoen, ass gudd observéiert a flott gespillt. Grad esou gudd kommen de Pascal Granicz als duuschtereche Gesondheetsminister an d'Monique Melsen als däemlech EU-Kommissarin oder baupsech Granduschess Maria-Teresa un.

An deem Land, daat vun engem "Schutzscheld aus Kachkéis a Bouneschlupp" virun de Geforen a Katastrofen aus dem Ausland geschützt ze si schéngt, verstinn d'Elteren déi fréier "an de Keller gaange si fir eng ze dämpen" hir eege Kanner net méi, déi vrum Iessen nach séier an de Keller ginn fir eng Start-up ze grënnen. Fir de Roland Gelhausen ass déi nei Begeeschterung vun den hobby online-Broker "d'Metamorfos vum Reaktionär zum Aktionär". Zesumme mam Jay Schiltz mécht en an engem anere Sketch de Geck mat der Verkéiers- an Transportpolitik vun der Regierung an dem Autosfanatismus vun de Lëtzebuerger ("e Meter Strooss fir all Mouk, och wa se iwwerhaapt keen Auto huet"). 

Et sinn déi Sketcher, déi am beschte sinn: déi déi beschreiwen, opzielen a weisen, do wou déi, déi ukloen a beschëllegen einfach zevill mam dëcken Hummer dropschloen. Besonnesch de Roland Gelhausen schéngt sech op de Wuertwitz spezialiséiert ze hunn an huet zum daxten eng glécklech Hand domatter ("Schnéi vum Séi", "Modern Times", am meeschten natierlech am Schlusslidd ("'t ass eng Allergie, Guy!"). 

De Cabarenert reecht sech op iwwer de Justizminister mam kalen Häerz an den Inneminister mat sénge Plättercher an der Chamber, schmunzelt iwwer d'Prisongs- an d'Verteidegungspolitik ("Lëtzebuerg, dat eenzegt Land dat séng ganz Arméi an enger Kéier kann an engem Fliger transportéieren"), freet sech iwwer d'Éisléckerinnen, déi relax eng dämpen, mécht de Geck mat RTL an der "Kamera déi schéisst" a verraut sech driwwer, dass de Bommeleër an aner Affären nie opgekläert ginn.

Wann dës Satiriker vläicht och net méi esou allegoresch a litteraresch si wi zum Beispill de Putty Stein a Konsorten, mat deenen de Frank Feitler a säi Lëtzebuerger Vollëkstheater erëm iwwer Land hauséiere ginn, esou si si se awer däitlech méi agressiv a courageiért. Ëtt ass berouegend, dass ëtt och zu Lëtzebuerg e wierklech politeschen, eng Grëtz méi frechen an ongedame Kabarä gët. An e Publikum dofir.

Endstatioun Geenzuucht, geschriwwe vum Josy Braun, Roland Gelhausen a Jay Schiltz, produzéiert vum Ensemble Cabarenert, mam Monique Melsen, Marianne Pettinger, Roland Gelhausen a Pascal Granicz gët nach den 30. an 31. Januar am Café-Théâtre Albert Mousel beim Kapuzinertheater gespillt. Well déi Virstellungen ausverkaf sinn, kann een och op d'Tournée waarden, di dono ee Mount laang duerch de Granduschi féiert.

 

 

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land