Zesummen- oder Getrenntschreiwen

„Tréier: Pneue vun iwwer 150 Autoe futti gepickt“

d'Lëtzebuerger Land du 25.10.2013

’t war bestëmmt net déi wichtegst Nouvelle aus der Groussregioun, mä den 28. August 2013 war et dat, wat d’RTL-Dageszeitung sech um Internet bei der Police op däitscher Säit erausgefëscht hat: e Schock fir déi Leit, déi dee Moie wollte mat hirem Auto fueren! Vill manner opgereegt awer hu sech bestëmmt déi Lëtzebuergesch-Schreiwerten, deenen d’Getrenntschreiwe vu futti gepickt am Titel hätt missen – normalerweis – problematesch virkommen. Kuckt een nämlech am LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) no, da fënnt ee futtifueren, futtigoen, futtikréien an nach fënnef aner Verbe mat der trennbarer Partikel „futti“, dat heescht datt d’Verbpartikel „futti“ am Infinitiv mam Verb zesummegeschriwwe gëtt. Kuckt w.e.g. an de Beispiller futtizefueren a futtizeschaffen an am Partizip 2 futtigefuer, futtigaangen, futtigeschafft, futtigeschloen a futtigetrëppelt. Bon! Wéi ass et dann elo Ärer Meenung no? Futtigepickt oder futti gepickt? Zesummen oder getrennt?

Déi net alphabetesch Schrëftzeechen, déi e wichtegen drëtten Deel vun der lëtzebuergescher Schreifweis ausmaachen, sinn nach net offiziell vum CPLL (Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise) ënnersicht ginn. An de Gesetzestexter gi se pauschal mentionéiert: „Eis Ufanksbuschtawe sti grouss a kleng wéi am Däitschen. Eis Sazzeeche stin och d’nämmlecht, an d’Silbe gi grad esou zerluegt“ (Arrêté 1975). Mä präzis legaliséiert Virschrëfte gëtt et fir dës Fäll keng am Text vun 1999. Dobäi wësst Der jo och, datt déi offiziell däitsch Schreifweis zënterhier reforméiert ginn ass. Ech versiche selbstverständlech déi geännert däitsch Regele fir d’Zesummen- an d’Getrenntschreiwe bei de Verben hei an dëser Rubrik mat anzebezéien1.

Fir d’éischt gëtt et déi ganz Rëtsch Verben, déi mat engem onbetounte Präfix ufänken: be’-, em(p)f’-, ent’-, er’-, ge’-, ver’-, zer’-, mëss’-, hanner’- : D’Ministesch huet vill Reformen hannerlooss. Grad well de Präfix onbetount ass, kritt d’Verb kee ge- am 2. Partizip an den eventuellen -ze- am Infinitivgrupp steet getrennt virum Präfix: ver’kafen, si hunn hiert Haus verkaaft, fir ze verkafen. Dat ass och de Fall vun de präfigéierte Verben, déi aus anere Sproochen (meescht aus dem Franséischen) transferéiert sinn: demissio°néiert, ze disku°téieren, si hunn Drogen transpor°téiert. Wéi ontrennbar Verbe verhalen sech och Denominalisatiounen aus nominale Compo-séen; sou zum Beispill buschta’wéieren (buschta’wéiert, ze buschta°wéieren) a sech langweilen (Partizip 2 sech ge°langweilt, fir sech ze °langweilen).

Fir Romanophone sinn d’Verbe mat de sougenannte Wiesselpartikelen (particules mixtes: duerch-, ëm-, ënner-, iwwer-, widder-) besonnesch schwéier. Dat si komposéiert Verben, déi am Infinitiv mat deenen nämmlechte Konstituenten ufänken. Jee no hirer Bedeitung verhalen se sech wéi onbetount ontrennbar Präfixen oder wéi betount trennbar Partikelen: duerch°wuessene Speck, awer mir si poulriicht °duerchgefuer; du muss däi Vertrag nach ënner°schreiwen, mä d’Welt geet nach net °ënner.

Déi gréisst Schwieregkeete bréngt d’Funktionéiere vun den trennbare Verbe mat sech. Dat si komplex Wierder, déi am Infinitiv a Partizip 2 zesummegeschriwwe ginn (den eventuellen ze am Infinitiv oder ge- am Partizip 2 kënnt tëschent d’Partikel an de Rescht vum Wuert: ’aschloen, anze’schloen, ’ageschlo an och wa V an Ennpositioun steet: Ech gesinn de Blëtz aschloen / wéi de Blëtz aschléit / datt de Blëtz wäert aschloen / datt de Blëtz ageschlo ass, mä: De Blëtz schléit an. Schléit de Blëtz dann an? Ënner den trennbaren éischte Konstituente mussen dann nach verschidde Klassen ënnerscheet ginn.

Lexikalesch Elementer aus ënnerschiddlechen Originnen (Präpositiounen, Adverben): a(n), aus-, bäi-, do-, duer-, fort-, géint-, hannescht-, hier-, hi(n)-, laanscht-, mat-, nidder-, no-, of-, op-, u(n)-, vir-, wech-, weider-, zou-. Och komposéi-ert Duebelpartikele wéi ’virun-, ’viraus-, ent’géint-, géint’iwwer- an déi laang Lëscht mat er-, (e)r (op Däitsch her- an hin-) an enger betounter Orien-téierungspartikel: (e)ra(n)-, (e)raus-, erbäi-, erduerch-, (e)riwwer-, (e)rëm-, (e)riwwer, (e)rof-, (e)rop-, (e)ru(n)-, ervir-.

Denominaliséiert Substantiven als Rescht vu festen Nominal- oder Präpositionalgruppen: deelhue-len, heemfueren, präisginn, standhalen, uechtdoen, wéidinn …, sech e’wechmaachen, ze’rechtmaachen, ze’rotkommen, z(e)réckfalen, ze’summefalen. Well normal Nominal- a Präpositionalgruppen awer getrennt geschriwwe ginn (an d’Substantive mat engem grousse Buschtaf: Auto fueren) schreiwe mer och alternativ Uecht doen an an Uecht huelen, Wéi doen a Wéi hunn, wéi Angscht hunn.

Demonstrativadverben, déi ursprénglech ëmgekéi-ert fest Präpositionalgruppe sinn, kënne kontextuell eng allgemeng Bedeitung hunn, déi op keng spezifesch Referenz hiweist. Se funktionéiere wéi eng trennbar Partikel: En huet einfach dragefacht / dropgeschloen (cf. derbäi-, derfir-, dergéint-, derniewent-, dertëschent-, dervu(n)-, derwidder-, derzou-, do-, dohin(n)-, dohier-, dra(n)-, drënner-, drop-, dru(n)-, duer-). Mä aner Pronominaladverbe wéi déi géigesäiteg -enaner /-e(r)nee(n) gi meeschtens getrennt: Si si matenee bestuet. Si sinn ausernee gaangen. Iwwerenee stëmmen; noenee maachen …

Bleiwen d’Adjektiver. E puer verblatzter, déi an der Globalbedeitung vum Verb weder morphologesch geännert nach syntaktesch erweidert kënne ginn, verhalen sech wéi trennbar Partikelen ënner aneren doutschloen, feststellen, lassgoen, stallhalen, volltanken, kabott-/vreckt- a futtischloen. Getrennt geschriwwe ginn all déi aner Adjektiver, speziell déi op -eg, -esch, -lech (richteg schreiwen, kritesch denken, grëndlech botzen) an déi mat den Hëllefsverben sinn a ginn: dru sinn, aus sinn, ëm sinn, rout ginn, gewuer ginn.

Virun der Schreifweisreform vum Däitschen an de Joeren 1998-2007 war d’Argumentatioun eng traditionnell semantesch. War den éischte Konstituent am „eigentleche Sënn“ ze verstoen, da gouf de Composé getrennt geschriwwen; war e méi phraseologesch oder méi bildlech, da gouf de lexikalesche Komplex éischter zesummegeschriwwen. Haut privilegiéieren d’Retouchë vun der Reform méi déi syntaktesch Critèren. Prinzipiell gëllt d’Getrenntschreiwen. D’Zesummeschreiwe muss doduerch begrënnt ginn, datt gewise gëtt, datt den éischte Konstituent keng syntaktesch Autonomie méi huet, dat heescht datt e meeschtens weder verännert nach erweidert ka ginn. Mä dobäi ass och dacks – selbstverständlech – d’Semantik mat am Spill. An eisem Beispill kommen futtipicken, futtigepickt an engem Wuert als trennbar Verbpartikel (cf. LOD) oder futti picken, futti gepickt als Resultatprädikativ an zwee Wierder (cf. RTL) op déiselwecht Struktur eraus.

1 D’Thema vun de komplexe Verbe gouf scho behandelt an Lëtzebuergesch Sproocherubriken (Schortgen, 2013) 58, 138-140. – Iwwert d’Zesummen- an d’Getrenntschreiwe vun de komplexen Adjektiver, Partizipien, Substantiven an Adverbien, cf. Schanen/ Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, ibid. 2012, §§ 478-494.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land