Homekrimi

"Eng Portugisin, e Preiss an e Gaga"

d'Lëtzebuerger Land du 30.10.2002

D'Saach war esou gaang: d'Madame Müller sollt deen Dag e Kuch baken. Fir de Kannergebuertsdag. Mä an der grousser Opreegung huet se dach net glat de Backpulver vergiess. Dat huet se allerdéngs eréischt gemierkt, wi de Kuch schon astung. An dee gung dunn natierlech net op, mä blouf platt wi e Fluet. Net schlëmm, duecht d'Madame Müller, da maachen ech einfach Bottercrème drop. A just ier de Besuch kumm, ass se dunn nach séier bis an d'Duerf gefuer, e bëssen Zockerkréngele kafe fir drop, fir dass dee Kuch méi schéi knalleg a faarweg an zockereg géng ginn an d'Kanner all begeeschtert wieren.

Esou oder esou ähnlech ass et sécher och dem Luc Feit mat sengem Theaterstéck Homekrimi gaang. Op eemol war halwer aacht de 25. Oktober, an d'Leit hu schon d'Mäntel am Vestiaire vum Kapuzinertheater ofginn, an hien hat de Backpulver vergiess. An esou sinn d'Leit mat engem platte Stéck mat vill Bottercrème ronderëm erschlo ginn - an déi Bottercrème war en plus schon eng grimmel ranzeg. 

Dobäi war d'Ausgangsidee vum Homekrimi emol guer net esou schlecht: et geet ëm eng Koppel Elteren am Lëtzebuerg vun haut, déi méi al ginn a sech alleng fillen. Si génge gären hir erwuesse Kanner erëmgesinn, mais déi wunnen auswäerts a sinn net méi sonnerlech u Lëtzebuerg oder un hieren Elteren interesséiert.

Deen een, de Jacques, ass homosexuell a lieft zu Bréissel, hiert Meedchen, d'Irma, probéiert de groussen Duerchbroch als Schauspillerin zu Berlin ­ wou et a Wirklechkeet muss zervéiere goen fir z'iwwerliewen. An deen aneren, de Poli, ass zwar zu Lëtzebuerg, mais säi Liewen ass en Échec an hien ass am Alkohol ënnergaang. De Pir a seng Fraa musse sech also en Tric afale loossen, fir si emol erëm eng Kéier heem ze kréien. A mat wat geet dat besser wéi mat vill Geld?

Wéi gesoot: dei Geschicht ass ganz richteg observéiert. Mais dat war eng Idee, dat wier sécher e flotte Kuerzfilm ginn. Well eng Stonn am Theater ass laang. De Luc Feit hat dat Stéck 2000 an de Stéckerconcours vum Kapuzinertheater ageschéckt, an obwuel e kee Präis kruut, ass d'Stéck awer elo opgefouert ginn - anscheinend haaptsächlech, well d'Schauspiller et wollten hunn. 

Well zanter dat de Frank Feitler en Här Direkter ass, huet e sech aus dem Kreative ganz erausgezunn, an esou ass ee Lach am Lëtzebuerger säin Theaterkalenner gerappt ginn: zanter de 7 Lëtzebuerger kréien de Karlspräis, am Februar 1998, hat d'Equipp ëm de Frank Feitler, mat Josiane Peiffer, Luc Feit, Fernand Fox a Marc Olinger all Joer seng success story mat engem Lëtzebuerger Oowend op Texter vum Pir Kremer, dem Putty Stein oder anere Klassiker. Homekrimi ass ganz offensichtlech den Ersatz fir dee Publikum, an d'Leit waren och an enger onheemlecher Erwaardungshaltung. 

Allerdengs huet de Luc Feit a senger éischter Regie esou vill Bottercrème an Zockerkréngelen a Form vu Chorégraphie, hystereschem Klamauk an esouguer minuttelaange Pianos-stecker - déi livegespillt ginn ouni Grond - driwwer musse schëdden, dass ee sech just wënscht, et wier eriwwer. Well all déi Afäll, déi d'Equipp zesummen an de Prouwen erausgeschafft huet, wat Op- an Ofgäng ugeet - an et gët deer vill! - oder Gesang op der Bühn, Beliichtung an esou weider, gi wierklech net duer, fir déi schwaach Dialogen ze verstoppen. 

De Luc Feit beschreift d'Lëtzebuerger als zimlech graff, rassistesch a geiereg, allerdéngs ouni dat literaresch oder esouguer wierklech humoristesch erauszeschaffen. Iergend eng Kéier kuckt een op d'Auer, an et ass ee matt hinnen erliichtert, dass déi Stonn endlech eriwwer ass!

 

Homekrimi

vum Luc Feit, ënner der Regie vum Luc Feit, assistéiert vum Tom Hensgen, Bühn: Daniel Jassogne, Musek: Sergio Rodrigues, mam: Josiane Peiffer, Marie-Paule von Roesgen, Fernand Fox, Klaus Nierhoff, Tom Leick, Marc Olinger a Serge Tonon gët nach de 5., 6., 8., 13. a 14. November all Kéiers um 8 Auer am Kapuzinertheater gespillt. Telefon fir Plazen ze reservéieren: 22 06 45 tëscht 2 a 6 Auer.

 

 

 

 

 

 

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land