Eng Turbulenz

Madamm, dir hënnert

d'Lëtzebuerger Land vom 11.05.2000

"Sëff keen Déier am Verkéier" huet eng Kéier an den nonzeger Joeren eng zimmlech mësslonge Campagne vun der Lëtzebuerger Sécurité routière geheescht. "Sëff keen Aasch am Garage" war doropshin de geleefege Sproch vun de Comptoirspoeten vu Keespelt bis Waasserbëllech. Dës reng Poesie schéngt och de Guy Rewenig inspiréiert ze hunn fir den Titel vu séngem neien Theaterstéck (dat esou kuerz ass, dass ët sech "eng Turbulenz" däerf nennen): Léiwer eng Käerz am Häerz wéi eng Bir op der Stir heescht ët, an ët gët den Ament vun der Kabarästrupp Peffermill(ch)en am Kasemattentheater gespillt. Mä de Geck an den Eck... 

De Charel Muller (nët dee vun der DP, mä dee vu Stuttgart) ass sénge Frënn een immens gudd Frënd. An trei nach derbei. Well hien de Fons Ruppert, de Chef vun der Peffermill(ch)en an di ganz Trupp schon immens laang kennt - schon zanter dem Tun Deutsch séngen Zäiten, an zanter hirer éischter Zesummenaarbecht fir Tanz auf dem Pulverfass 1982 - a well de Fons him anscheinend ëmmer an den Ouere luch, datt se erëm "eppes zesumme misste maachen", huet de Charel Muller also acceptéiert, fir dem Guy Rewenig säi Stéck mat hinnen ze maachen. Et ass eng Commande vum Network of European Cities of Culture and Culture Months, den europäesche Kulturstied also, déi de 5. Mee international un d'Expressiounfräiheet geduecht hunn. An dat ass dee ganze Probleem. Dat Guttmënschentum, déi Amnesty-Käerz am Marzipanshäerz, déi jiddereen dach wannechgelifft sollt hunn, bleift beim Guy Rewenig schrecklech plakkativ, ëmmer um éischten Degré. Anscheinend soll ët eng Grotesk sin, mä d'Stéck kënnt iwwer den Niveau vum Scoutstheater kaum eraus - besonnesch déi lescht véierel Stonn, mat der Gitar um Comptoir, ass da wierklech zevill, an emol nët absurd,

D'Geschicht? Et geet ëm eng Fra matt enger elektrescher Bir op der Stir, Symbol fir d'Aneschtsin, déi op engem Boulevard sëtzt a kenger Méck eppes zuleets deet. An trotzdeem stéiert se alleguerten di aner Benotzer vum Boulevard, well se einfach nëmmen do ass. Si stéiert d'Fra aus dem Luuchtebuttéck mat hiren elektreschen Dimmeren, de Blummeverkeefer, de Resender, d'Police... An ët entsteet natierlech dorausser eng gréisser Hysterie um Trottuar. 

Iergend eng Kéier denkt een un Yvonne, Burgunderprinzessin vum Witold Gombrowicz, well do och eng Fra, nëmme well se nët schwätzt an apathesch ass, alleguerten d'Agressiounen op sech kanaliséiert. Mä dat sinn awer dann och schon alleguerten d'Paralellen mat Léiwer eng Käerz am Häerz wéi eng Bir op der Stir. Iergendwéi feelt ët un eppes am Stéck, fir dass ett fonctionneéiert, entweder u bëssegem Humor an u Béisaartegkeet, oder u Salz a Peffer, fir dass ët och wierklech eng Grotesk gëtt. Et ass, wéi esou oft beim Rewenig, zevill moralisant, zevill laang a redundant, zevill "schnësseg". 

Do kann och de Charel Muller nët alles retten. Mä hie beweist erëm eng Kéier, dass en en immens gudden Acteursdirigent ass: d'Leit vun der Peffermill(ch)e spillen emol richteg Theater, wou se soss oft nëmmen Texter récitéieren bei hiere Karabäs-owender. Besonnesch d'Josiane Fritz an d'Denise Ruppert hu sech wierklech an dëser Zesummenaarbecht weider entwéckelt, hun eng Präsenz op der Bühn a stellen ee Personnage duer. An de Claude Lamberty huet ee flotten, ganz schlichten Décor matt enger groer Betons Mauer gemaach. Mä dat geet nët duer fir ee gudden Theateroowend.

Well alleguerten déi geplangte Virstellonge vu Léiwer eng Käerz am Häerz wéi eng Bir op der Stir schon ausverkaf sinn, huet d'Peffermill(ch)en der nach drai dobäi gesat, an zwar de 24., 25. a 27. Mee, all Kéiers um hallwer 9, am Kasemattentheater zu Bouneweg; Tëlefon fir Reservatiounen: 29 12 81.

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land