De Keller

Den hellege Sebastian am Keller

d'Lëtzebuerger Land vom 17.07.2003

An der Entrée vu Stengefort, kuerz virun der Tankstell, hänkt e Kalicko iwwer d'Strooss. E mécht Reklamm fir den 12. Stengeforter Theaterfestival an där aler Schmelz. Déi al Schmelz ass "im Luxemburger Theaterleben mit seinem jährlichen Festival zu einem wichtigen Bestandteil geworden", heescht et onbehollef an der Walpropaganda vum Buergermeeschter Spëtzekandidat.

Dee Festival besteet all Joer aus engem eenzege Stéck. Dëst Joer ass et De Keller vum André Link. Den André Link schreift Theaterkritiken am Wort. Hie ka keng Stécker schreiwen. Vläicht spillen d'Theatere se, well se soss keng fannen. Vläicht och, fir gutt Kritiken am Wort ze kréien.

De Stengeforter Theaterfestival berifft sech op de Vollekstheater. Dat soll eng Garantie sinn, fir datt et keng Konscht ass an net intellektuell. A Wierklechkeet mengt en Duerftheater. Dat sinn net nëmme schlecht Stécker mat schlechte Schauspiller. Ma dat ass och d'Conventioun, fir de Leit nëmmen dat als Theater ze weisen, wat se schons duerch eng hallef Dose Stereotippen als Theater kennen. A wat sech géint all zozialen a literaresche Fortschrëtt stäipt.

Wéi wann haut net och déi lescht Duerfwiertschaft eemol am Joer Tabledance hätt, wiermt De Keller nach eng Kéier all Viruerteeler iwwer den dommen, verbrueten a pafegen éisleker Bauer (Jean Marc Calderoni) op. A verzielt mat engem Rousekranz vu Klischeeën déi schrecklech Moritat vun enger Quisel (Monique Reuter), déi kee Mann fonnt hat. Ma si hat e Refraktär (Marc Sascha Migge) an hirem Keller verstoppt. A well hie schéi "wéi den hellege Sebastian" (S. 49), den SM-Patréiner mat de Fitschefäiler, wor, huet se'n net méi lieweg eraus gelooss.

Well dem André Link d'dramatesch Mëttele feelen, fir eng Geschicht op der Bühn ze weisen, erfënnt hien, wéi a sengem éischte Stéck Was ist denn Ihre werte Meinung dazu? nees e Journalist (Jean Claude Majerus), dee sech d'Geschicht op der Bühn verziele léist. Datt Lëtzebuerger Journaliste keng Deeg laang an d'Éislek enquêtéiere ginn an dono mat hirem Gewësse kämpfen, ma e Kommunicki vun der Police an d'Zeitung setzen, wann eng Läich fonnt gouf, mécht d'Stéck net besser.

D'Eva Paulin huet dat alles als Gespensterkrimi inszenéiert, an der Quisel hire Brudder (Jean Paul Maes) wenzelt sech mat engem Sonnebrëll um Buedem a mécht den Hitlergruß. Well d'Stéck soll och eppes iwwer de leschte Krich soen. Wuel datt alles net esou einfach wor oder jiddereen e klengt KZ am Keller oder am Häerz hat. Géint de Schluss danzen nach eng Kéier steif véier Duerfschéinheeten am Bikini a mat engem Piercing am Nuebel ronderëm.

Wéi de Josy Braun fir d'lescht virun engem Véierels Jorhonnert d'sexuell Nout vun den Härekächen op de Kaméidi bruecht huet (Den Här, 1978), huet hien op d'manst schons laang net méi an d'Wort geschriwwen.

 

Nach den 18., 22., 23., 25., 29., 30. an 31. Juli owes ëm halwer néng an där Aler Schmelz zu Stengefort (Tel.: 39 93 13 1 vun zwou bis fënnef an 39 98 70 vun halwer sechs bis halwer aacht). Textheft bei Éditons Phi, Amphitheater 66, 80 S., 4 Euro

 

 

 

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land