Luxemburgensia

De Broker an den Iesel

d'Lëtzebuerger Land du 26.01.2018

Ee klengen Drëttel vum Zuchtrajet Bréissel-Lëtzebuerg huet et gebraucht, fir dem Jean Back säin ­Iesel ze liesen. Déi aner zwee Drëttel fir driwwer nozedenken. Dat ass an der Reegel ee gutt Zeechen, heescht et dach, datt et dem Jean Back gelongen ass, eng Geschicht ze schreiwen, hannert där vill méi stécht, ewéi déi puer Buchsäiten et undeiten. Dat ass beim Auteur, deen dacks Personnagen op der Sich no hirer Identitéit an de Fokus stellt, awer och keng grouss Iwwerraschung.

Iesel ass awer eng iwwerraschend däischter a pessimistesch Geschicht, mat där sech den Auteur eng onmëssverständlech Gesellschafts- a Kapitalismuskritik erlaabt. Et geet hei ëm ee  Broker mam scheinbar perfekte Liewen à la mein Haus, mein Auto, mein Boot. Perfekt Fra, perfekt Kanner, d’Porsche Cayenne am Garage, d’Haus impecc. Alles schéin nom Klischee vum Stereotyp vum räiche Lëtzebuerger.

Mee, natierlech ass alles Fassad, alles Schäin an et ass schlussendlech en Iesel, ee banaalt Schaffdéier, dat dëst verdäitlecht. Vun deem Ament un, zu deem sech d’Famill nämlech den Iesel uschaaft – d’Kanner wollten een, de Papp soll sech dorëm këmmeren – geréit alles aus de Fugen. De Broker kënnt enges Daags gestresst vun der Aarbecht a schléit d’Déier méi oder manner zu Bräi, an et enchaînéiert sech ee méi oder manner originellen Dialog, bei dem de Papp versicht, säi Verhalen ze justifiéieren an dem Iesel säi Vertrauen zeréckzegewannen, fir datt d’Illusioun vum perfekte Papp, perfekte Mann, perfekte Liewen net platzt wéi eng Seefeblos. Mee den Iesel dréit d’Spuere vun der – um Enn fataler – Mësshandlung op Kierper a Séil, an esou een Déier léisst sech eben net mat e puer Wierder a léiwe Gesten erëm alullen.

Den Haaptmessage vun Iesel ass net schwéier ze begräifen. Eis Gesellschaft ass korrupt, se huet keng Séil: se dréint ronderëm Konsum a Besëtz, niert sech vun eidelen Illusiounen. Wäerter a Moral sinn nichteg, se ass faul, brutal, réi, glitzert un der Iwwerfläch, ma hannendrun ass just nach ee grousst schwaarzt Lach. D’Mënschen hunn alles, a méi, mee sinn duerchzu vun Onzefriddenheet a Selbstzweiwel.

Gespéckt ass dës moralesch Lektioun mat e bëssen ze vill Klischeeën, se ass e bësse platt, e bëssen ze vill gewollt. De Broker, eng Brute, als Synonym ass eng al Strëmp. Et ass d’Element vum Déier, dat der Erzielung dann awer e bësse méi Originalitéit gëtt an evitéiert, datt de Jean Back sech an de Stereotyppe verléiert an einfach just eng platt Wourecht reproduzéiert.

Domat nämlech kritt d’Geschicht en duebel battere Bäigeschmaach. Andeems Iesel op d’Intelligenz a Sensibilitéit vum Déier hiweist, schéngt se déi vum Mënsch z’entbléissen. Net nëmmen déi vum Geschäftsmann, an deem a Wierklechkeet eng ongehuwwelt, vu banaalsten Triebe gedriwwe Brute stécht.

Et geet ëm Gewalt, Dominanz, Ënnerdréckung, Selbstbestätegung... an dann ass de Schrack tëscht geschloenem Déier a geschloener Fra net grouss. Ee Gedankesprong, deen net wéineg vun dei sexuelle Konnotatiounen am Dialog tëscht Broker an Iesel geniert gëtt. An da stellt sech fréier oder spéider déi Fro, déi nom Liese batter op der Zong läit: ass de Mënsch esou vill méi naiv ewéi esou en Déier? Ass en dach à même, esou ee brutal-dominant Verhalen ewéi dem Broker säi violente „Lapsus“ z’entschëllegen, Erklärungen ze fannen, et ënner den Teppech ze kieren an et jo net ze thematiséieren? An Zäite vu #metoo dränge sech esou Froen aktuell op. Eng Äntwert liwwert dem Jean Back seng Erzielung net, an et ass net kloer, wéi vill vun dësem Gedankegang dem Auteur seng Intentioun ass. Ma de Som huet e geluecht, de Bäigeschmaach bleift. An en ass batter.

Iesel ass net dem Jean Back seng beschten Erzielung – se ass e bëssen ongeschlaff, onnnuancéiert, an d’Fro no der eegener Identitéit huet den Auteur scho besser developpéiert – mee d’Erzielung stellt pertinent a wichteg Froen an ass et eleng dofir wäert, gelies ze ginn. Och wann den Effort aus de puer Säiten ee ganzt Buch ze maachen e bësse grouss schéngt.

Jean Back: Iesel – Erzielung; Éditions Guy Binsfeld, 2017, 90 Säiten, 16 Euro; ISBN 978-99959-42-29-8

Charlotta Victoria
© 2018 d’Lëtzebuerger Land