Back, Jean: Zalto Mortale

Absurd Liewen

d'Lëtzebuerger Land du 08.01.2016

„Ech wollt net méi alleng bleiwen“ (85), seet de Camionschauffer, a fiert dofir mat engem Homard duerch d’Géigend, fir dass dësen ëm Gesellschaft leescht. „Ech gouf alleng gelooss. Elo sinn ech eidel ewéi eng Scheek, verflunn de Gënz…“ (12), seet en Epicier, dee mam Stréck em den Hals um Stull steet.

Net méi alleng bleiwen – dëst ass sécher eent vun deenen zentralen Themen am Jean Back sengem Wierk Zalto Mortale. D’Buch beschreift an dräi Monologen d’Liewe vun, wéi et an der Beschreiwung heescht, „aussergewéinlech[e] Mënschen an ongewinnte Situatiounen“. En Epicier ouni Äerm, deen drop an drun ass, sech d’Liewen ze huelen; en Déirenausstopper, deen an der Vakanz eng jonk Fra kenne léiert, déi aus Libyen geflücht ass a Schreckleches erlieft huet; a schlussendlech de Camionschauffer a säin Homard. Et sinn zerbriechlech Gestalten, déi de Jean Back eis a senge Monologe presentéiert. Jidderee vun hinnen ass op seng eegen Aart vum Liewe markéiert, an engem Universum, dat eidel schéngt. Ouni déiwe Sënn, deen déi traureg Existenz vun de Personnagë relativéiert. Absurd sinn di dräi Personnagë – absurd ob eng Aart a Weis, déi un en Ionesco oder e Camus erënnert. D’Welt, an där se liewen, ass nämlech keng, déi rassuréiert. Am Géigendeel, se mécht Angscht, a se „[…] dréint net aus der Léift: Si dréint aus purer Angscht virun eis selwer an deenen aneren.“ (S.30).

Ob et den Epicier mat sengen Hightech-Äerm ass, déi em sollen hëllefen, säi Liewe besser ze meeschteren, an éischter d’Géigendeel bewierken. Dee sech verléift an duerch dës onglécklech Léift dozou gedriwwe gëtt, sech ëmzebréngen. Den Déirepréparateur, dee sech beemol an der Vakanz mat Saachen ausernee setzt, déi méi grouss si wéi säi klengt Liewen zu Lëtzebuerg. Dee sech mam Schicksal vun enger Fra auserneen ze setze probéiert, déi aus Libyen geflücht ass. A sech mat senge Stereotype konfrontéiert gesäit. A schlussendlech e Camionschauffer, dee seng Geschicht aus dem „Odela“ erzielt, an op e Liewen zeréck bléckt, dat vum Allengsinn markéiert ass. Genausou, wéi d’Hightech-Äerm dem Epicier net hëllefen, schéngt deenen dräi Personnage d’Handwierk ze feelen, fir hiert absurd Liewen ze meeschteren, a sou verléiere si sech an enger Welt, déi keng Kaddoe mécht. An erziele Geschichte fir ze „kräischen, hurelen, pinschen jéimeren.“ (16).

Mä et sinn och Geschichte fir ze laachen, schmunzelen, Froën ze stellen an nozedenken. Dem Jean Back geléngt et emmer erëm, mat den Erwaardunge vum Lieser ze spillen, an et ass keng schwaarz Tragedie, déi hie moolt, mee éischter eng däischter, bësseg Parodie op d’Liewen, ganz ouni Schéin-Molerei, mol batter béis, mol héich komesch, mol satiresch an abstrus. Mä sou abstrus déi dräi Monologer och sinn, esou verléiert den Jean Back ni de Bezuch zu der Realitéit, an déi ronn 100 Säite si vun enger prägnanter Gesellschaftskritik duerchzunn, déi laachen, mee och Nodenken deet. Mol bleift dës éischter sproochlech, zum Beispill dann, wann den Déirepreparateur sech gäre méi distinguéiert gëtt, wéi en ass, an u sou munchen typesche Lëtzebuerger erënnert. Amplaz ze spadséieren, promenéiert hien sech le soir an héiert hannert sech des pas sur le trottoir (44).

Mä ganz besonnesch am zweete Monolog geet d’Gesselschaftskritik bis an d’Muerch, a net nëmmen de Personnage, mä och de Lieser muss sech mat sengen eegenen Opfaassungen ausernee setzen an seng Virstellunge vum „Refugié“ a Fro stellen. An an enger Zäit, an där de „Réfugié“ esou duerch d’Medie gejot ginn ass, dass et méi en abstrakte Geescht ass, e Begrëff ouni Substanz, kënnt dëst méi wéi passend. A sou stellt d’Anna fest, dass d’Biller déi d’Mënsche vun de Leit a Libyien hunn, dréif sinn, a freet: „Kann ech net Fra a Meedchen a Schwëster bleiwen, ouni dass, an dengem Lëtzebuerg, jidderee meng Kierpergréisst, meng Faarf vun den Aen, meng Relioun a meng politesch Astellung muss kennen?“ (60). Den iwwerspëtzte Kontrast tëscht den Touristen, déi sech amuséieren, dem Déirenausstopper, deen net weess, wéi mam Anna senger Geschicht ëmgoen, an dem Anna sengem Leed erënnert iwwerdeems un e Monolog aus dem Guy Rewenig sengem Zuppermänner – a wéi dësem geléngt et och dem Jean Back, de Lieser waakreg ze rëselen an dem abstrakte Bild vum Aneren e Gesiicht ze ginn. A gläichzäiteg gëtt dat Bild vum onschëllegen, philosophesche Westen a Fro gestallt: „Elo sëtzen ech hei op der Bühn. […] E schëllegen Eefalt, e Vertrieder vun där Gesellschaft, déi Afrika koloniséiert huet, déi Regimer op d’Plaz gesat an nees gestierzt huet, wann se kee Gewënn bruecht hunn. Afrika, e verluerene Kontinent. Do geet e Song vum Shakira net duer, fir aus dem Misär erauszekommen.“ (64).

Mä et ass net nëmmen d’Opfaassung vu sech an deem Aneren, mat deem de Lieser sech muss ausernee setzen, mee och d’Opfaassung vum Liewen. Wéi dei dräi Personnagen am Buch muss wuel all Eenzelnen seng eege Geeschter konfrontéieren. Mä ass d’Liewen net eng Saach vun der Astellung, froen ech mech, wann ech mech duerch di 100 Säite liesen. Su batter-komesch d’Personnagen och sinn, esou vill se der och vum Liewen op den Deckel kruten – sou ass et och hier Reaktioun, déi nodenken deet. Wat dreift een sou wäit, dass ee sech de Stréck ëm den Hals leet an an den Dout sprange wëll? Dass ee sech en Homard keeft, fir net alleng am Camion ze sinn? Ass et just d’Allengsinn? „Ech gouf vu menger Schécks an den Drauwekäre sëtze gelooss. Et ass dat, wat zielt. Soss näischt“ (27), seet den Epicier, deen a sengem „zerflemmsten, zenorientéierten, onopgereegten Hightech-Butteksliewen“ (28) gelieft huet a sech freet, ob alles, wat ee gär huet, vum selwe verschwënnt (35). Ass et just d’Liewen, dat absurd ass? An ass jiddereen, op seng eegen Aart a Weis alleng a verluer? Oder ass et och d’Manéier, wéi een domat ëmgeet, déi eng Roll spillt? Dëst ass d’Fro, déi bei mir als Lieserin nokléngt, laang nodeems ech d’Buch zougeklappt hunn.

Mam Zalto Mortale geléngt der Edition Krem’art e gudde Start fir d’Serie Kanephora ze lancéieren. D’Buch ass gelongen, an dat och sproochlech. D’Sprooch erlaabt et dem Lieser, sech an d’Personnagen eranzeversetzen a se ass baal plastesch. Zum Beispill dann, wann de Jean Back e puer Drauwe beschreift: „Awer eng Gron oder zwou? Déi si butzeg. Eng dënn, duerchsiichteg Membran iwwert dem mëlle Fleesch, bannendran, knapps ze gesinn: eng Rei Grimmelen am séisse Bräi. Ewéi delikat Schwéier­gewiichter sinn d’Jicke mer virkomm. Aus der Këscht eraus hunn se gegrinst.“ (30). Doduerch, dass d’Sprooch sech de Personnagen upasst, léisst de Jean Back hinne Raum sech ze entfalen an de Monologen déi néideg Perséinlechkeet, fir se op d’Bühn ze bréngen. Dobäi entfale sech d’Geschichte wéi e Mosaik, dem Lieser gëtt kee Klischee zerwéiert, mee e gëtt iwwerrascht a seng Erwaardunge méi wéi eng Kéier am Raum stoë gelooss.

Jean Back: Zalto Mortale – Dräi Monologen, Éditions Kremart, Serie Kanephora, 2015 ; 112 Säiten, 19,95 Euro ; ISBN 978-99959-39-41-0.
Charlotte Wirth
© 2023 d’Lëtzebuerger Land