Sproocherubrik.lu

Wéini a wéi laang?

d'Lëtzebuerger Land du 12.10.2012

Vill Sproochen – an d’ass kee Wonner – begräifen d’Zäit als Raum. Dofir sinn d’Präpositiounen an d’Kasussen an de lëtzebuergeschen Zäit- a Raumkomplementer dacks och déiselwecht. Den Akkusativ ouni Präpositioun zum Beispill weist op e Raum oder en Zäitraum, dee vum verbale Prozess „betraff“ ass respektiv „passéiert“ gëtt. D’Fransousen nennen dëse Kasus „accusatif de l’espace ou du temps parcouru“: Hie leeft de Bierg / d’Trap erof/erop. D’Course dauert zwou Stonnen. E Samschden hu vill Leit de Wee bis op d’Fouer fonnt. Op de Stroossen huet et (d)e Mëttwoch dacks geknuppt.
Och d’Präpositiounen, déi an den zäitlechen a raimleche Markéierungssystemer gebraucht ginn, entsprieche sech deelweis: ëm den décke Bam / ëm de 16. September, géint de Stroum / géint sechs Auer, am Hafen / am Mëttelalter, op Kreta / op der Grenz, virun der Dier / virun zwee Joer, um (= op dem) Buedem /um (= op de) Sonndeg. Aus engem funktionell-semantesche Standpunkt gesinn, ginn d’Komplementer awer auserneen. Raimlech gëllen – an dovu war hei schonns e puer Mol Rieds – déi véier Lokalrelatiounen ubi? (wou) quo? (wuer) unde? (vu wou) a qua? (wouduerch). Zäitlech ginn natierlech aner Relatioune wéi wéini? oder wéi laang? betount. Präpositional- an Nominalgruppen, déi op d’Fro wéini? äntweren (d’Adverbe loosse mer mol fir den Ament op der Säit) hunn haaptsächlech eng Datéierungsfunktioun. Dofir ass d’Dauer de funktionelle Sem vun de Komplementer, déi op d’Fro wéi laang? äntweren.
Bei den Datéierungskomplementer ass de Choix vun de Präpositiounen a Kasussen op den éischten Ablack zimlech einfach. Eng Schoulgrammaire kann sech jo och domat zefridde ginn,  well déi jeeweileg Präpositioun automatesch, wéi um Schnéierchen, mat der lexikalescher Zäitkategorie verbonne gëtt, déi datéiert gëtt: ëm steet zum Beispill mat enger geneeër Auerzäit (ëm zwou Auer, ëm fënnef op zéng) oder mat enger anerer dës Kéier approximativer Zäitindikatioun (ëm déi Zäit, ëm de 16. Mee, ëm den Owend, ëm d’Chrëschtdeeg); géint gëtt benotzt fir eng approximativ Auerzäit (géint hallwer zwou, wéi och géint der Owend,
géint Enn des Mounts); an (+ K2)  steet mat de
Méint, Joren a Joreszäiten: am Januar, am Jor 2012, am Summer, a mat den heefegsten aneren Zäitspane wéi an der Vakanz (an der Bedeitung vum däitsche während), am Mëttelalter, an der Saison, am zweeten Trimester, am 21. Jorhonnert.
De Gebrauch vum einfachen Akkusativ ouni Präpositioun, ob mam Artikel de(n) oder e(n), ass och einfach. En datéiert identifizéiert Wochendeeg oder Dagdeeler (Ausnam: an der Nuecht / nuechts), gëtt fir den Datum vum Kalenner benotzt (den zéngte September, haut den 10. September), fir aner präzis Deeg (leschten Dënschdeg gouf et Verkéiersproblemer, d’Schoulrentrée déi nächst Woch, e Freideg, vun e Freiden un) oder fir genee Deeler vun engem Dag (haut de Moien, e Sonndeg den Owend, e Mëttwoch de Moien, gëscht [den]Owend, [e] Freideg de Mueren).
Mä an der Sprooch vun haut ass de Gebrauch vum „pure Kasus“ méi komplizéiert, well aner Präpositionalstrukturen dem Datéierungsakkusativ Konkurrenz maachen. Sou hu mer zum Beispill déi (al?) lëtzebuergesch Struktur mat op + Dat.: Hien ass op engem Sonndeg op d’Welt komm; op mëttwochs; op Péngschten, op Gehaansdag oder mat op + Akk.: Ech froe mech, wou hatt [haut] op de Sonndegmuere mam Kand hin ass, bestëmmt net an d’Mass. Dëst op + Dat./Akk. hëlt heiansdo d’Form um + Dat. un (grad wéi am raimleche Kontext om Buedem / Plafong duerch um Buedem / Plafong ersat ka ginn): Haut um (= op de[n])
fréie Freidegmueren ass d’Wieder eng Grëtz besser.
Dës Struktur mat der Präpositioun um = op dem/den däerf ee wuel net mat deem am Lëtzebuergesche méi rezenten um + Akk. verwiesselen, deen, wéi et schéngt, aus dem Däitschen importéiert ass an haut an der Press allgemeng mat de Wochendeeg gebraucht gëtt. Beispiller fënnt ee mat den Dosenden an der Dageszeitung op RTL.lu: Um Mëttwoch (fir e Mëttwoch) wor d'Pressekonferenz vun der Uni Lëtzebuerg. Géint 10 op 3 um Mëttwoch Mëtteg (fir e Mëttwoch Mëtteg) kruten sech zu Schengen op der Wäistrooss zwee Ween ze paken. D'Politik huet hir Rentrée um Dënschden (fir en Dënschden) gemaach - mat enger Klausur zu Senneng. Nodeems et um (?e) Mëttwoch an (?en) Donneschdeg zu e puer schroen Accidenter komm ass, gouf dës Streck „bis op Weideres“, esou d'Police, um (?en) Donneschdeg, gespaart.
Op d’Fro wéi laang äntweren am Saz, niewent Adverben, och formell ënnerschiddlech Komplementer. Fir d’éischt mol hu mer Nominalgruppen am „puren“ Akkusativ ouni Präpositioun, vun deenen ewell am Ufank vun dëser Rubrik Rieds war: zwéi Méint hu mer misse waarden. Dacks kommen esou Gruppen am Akkusativ mat enger Postpositioun wéi laang, duerch, iwwer vir: Si hunn e ganzen Dag laang an nach eng ganz Nuecht duerch gefeiert. Dann hu mer natierlech och Präpositionalgruppe mat engem nominale Member: iwwert d’Wochenenn, an/bannent/bannt zwou Wochen, fir zwéi Méint oder mat adverbiale Memberen: zënter gëschter, bis geschwënn.
An all dëse Fäll gëtt d’Globaldauer absolutt erfaasst, dat heescht ouni Referenz op en aneren
Zäitpunkt: Iwwert d’Wochenenn ware mir op d’Mier. Dee Formulaire ass bannt enger Woch auszefëllen. D’Dauer kann awer och relativ, als begrenzt Zäitportioun dohigestallt ginn, woubäi d’Grenz aus engem aneren explizitten Zäitrepère oder aus dem aktuellen Aussomoment bestoe kann. Esou Präpositionalstrukturen si selbstverständlech e bësse méi komplizéiert. Hei zum Schluss just e puer Beispiller mat engem aneren Zäitrepère, deen am Member vum Präpositionalgrupp ernimmt gëtt: Zwou Woche virun / no de Walen; e Samschdeg vun 10 Auer moiens bis an de spéiden Owend; si si vu Chrëschtdag u fort a bleiwe bis Ouschteren / bis wäit iwwer de Wanter ewech am Ausland. Ass den implizéierten
Zäitpunkt elo den aktuellen Aussomoment, da gëtt virun / no + Dativ duerch virun / an + Dativ ersat: Virun zwéin Deeg ass hi fortgefuer, an zwou Woche kënnt hien erëm a vun ...un ... bis duerch zënter / zanter ... bis oder an: Zënter dem Mee sinn s’um Bauen an se wäerten op d’mannst bis d’Fréijoer dru bleiwen / si wäerten an zwéi Méint nach net
fäerdeg sinn. An + Dat. datéiert hei d’Zukunft (wéini? Franséisch: dans deux mois) an net déi absolutt Globaldauer vum eventuelle Bauprozess (wéi laang? Franséisch: en deux mois).

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land