Zoom op d’Sprooch

Lëtzebuergesch schwätzen: Jo, awer schreiwen?

d'Lëtzebuerger Land du 21.04.2017

De 16. Januar 2017 ass um Krautmaart kee Wonner a keng Katastroph geschitt! D’Debatten iwwer déi zwou Sprooche-Petitiounen 698 a 725 (fir a géint d’Aféierung vum Lëtzebuergeschen als éischt Amtssprooch) ass ganz demokratesch, also ouni Revolutioun a Biergerkrich, iwwer d’Bühn gaangen1. Eng Katastroph wier et gewiescht, wann de Sproochesträit, wéi an engem bekannte Nopeschland, mat enger Regierungskris ausgaange wier! Mee, esou schro ass d’Oppositioun och net tëschent deenen „einfache Bierger“, déi méi Lëtzebuergesch wëllen, an deenen aneren, déi zu enger „städtescher Elite“ gehéieren an éischter d’Méisproochegkeet vir­zéien. Et ass jo och kee grousst Wonner, wann no den Diskussiounen (déi awer och net ouni Hannergedanke gefouert goufen), d’Politik an déi zwou Tendenze vun der Bevëlkerung sech am Fong eens gi sinn, fir am Land zugläich d’Lëtzebuergescht an d’Méisproochechkeet als onbedéngt noutwenneg unzeerkennen an ze fërderen. Déi zwee – d’Lëtzebuergescht an d’Méisproochechkeet – schléissen sech net aus: Lëtzebuerg brauch selbstverständlech an engems seng national Heemechtssprooch an eng international Méisproochegkeet.

D’Sproochefro am Land – dat ass mir vrun allem an der leschter Zäit opgefall – gëtt (net nëmme wéinst de villen Auslänner) ëmmer méi problematesch a muss dofir och ëmmer méi eescht geholl ginn. Dofir hunn d’Ministèren, besonnesch den Educatiouns- an de Kulturministère, decidéiert, dës Kéier sou séier wéi méiglech mat enger neier Strategie ze reagéieren (cf. d’Land, 16.11.2016: „Do huele mer et leider ni esou genee“, an Luxemburger Wort, 10.06.2017: „Luxemburgisch first … Neue Strategie zur Stärkung der luxemburgischen Sprache“2). Déi lëtzebuergesch Orthographie zum Beispill soll duerch eng breet ugeluechten Ëffentlechkeets-Campagne an der Bevëlkerung promovéiert ginn (cf. d’Land, 27.01.2017, Lex Delles, Claude Lamberty: „Lëtzebuergesch schreiwen, weess de wéi?“).

Schonn iwwer de Weekend vum 23. Januar 2017 gouf op Facebook Reklamm gemaach fir deen neien Internetsite www.schreiwen.lu. Knackeg Spréch an zackeg Videoe si vum Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (Script) vum Ministère de l‘Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse konzipéiert, zesummegestallt an erausbruecht ginn, fir de Leit véier Woche laang Loscht ze maachen, sech an déi lëtzebuergesch Rechtschreibung eranzeschaffen. Ee staatlechen Aktiounsprogramm also fir eng staatlech Campagne (méi fir wéi iwwer eng staatlech Orthographie), déi enger institutionaliséierter a standardi-
séierter Sprooch soll virunhëllefen3.

Vun deene 14 oder 15 Kapitelen, déi d’„Häerz“ vun de Materialien ausmaachen – déi sougenannt Brochure: Weess de wéi?, déi een sech gratis vum Site schreiwen.lu erofluede kann – gehéieren der sechs zu der alphabetescher Phonem-Graphem Korrespondenz (Vokalen, Konsonanten, Duebellauter mat hiren Ëmschreiwungen a Buschtawen); zween behandelen e syntagmatescht Kombinatiounsthema (d’Vokalen , <ä> virun an d’N-Regel); fënnef dréie sech ëm grammatikalesch Kategorien (Verben, franséisch Wierder mat hirem Plural, Imparfait-Conditionnel); een eenzegt (dat 14. iwwer den Apostroph mat S-, N-, -EM-Kombinatiounen, déi éischter zu de syntagmatesche „Verbindungen“ gehéieren) kéint ënner déi net-alphabeteschen Orthographieszeechen (Kleng-Grouss / Zesumme-Getrennt, Interpunktioun) rangéiert ginn4. Dat lescht Kapitel (15) iwwert d’Personalpronomen ass schliisslech aus der Broschür erausgeholl ginn, well et méi e Grammaireskapitel ass wéi e Rechtschreiwungskapitel.

Déi flott authentesch an deelweis innovativ Aart a Weis, déi kulturelle Patrimoinë iwwer Riedensaarten, Zitater, Musek mat abënnt, ass begréissenswäert, manner awer de Renvoi op déi eenzeg Sitë vum LOD (ortho.lod.lu) a vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni (phraseo.lux.uni.lu). Sécher ass et wichteg ze weisen, datt op verschiddene Plazen un därselwechter ëffentlecher Sproochfërderung geschafft gëtt. Mee an dëse Materialien, mat deenen ee sech un d’Orthographie vun haut gewinne soll, hunn déi Verknëppungen didaktesch méi Nodeeler wéi Virdeeler. Esou enthält deen éischte Site leider net „ëffentlech“-private Bichelche vum Josy Braun oder vun eisem Texte coordonné vun 20035. An um zweete Site steet explizitt geschriwwen, datt en sech net ëmmer un eis modern Orthographie hält6.

Och wann an Zukunft villes nach muss derbäikommen7 an, an engem méi breede Kader (Plang) d’Finalitéit, d’Methodologie, d’Didaktik an d’Präzisioun optiméiert musse ginn – dann hu mer dach mat de Materialien op schreiwen.lu en neie wichtege, verständlechen Depart fir zesumme kënnen un eiser Orthographie weiderzeschaffen. An den nächsten Zoomen wäert ech nei Proposen iwwer de neutraliséierte Buschtaf an d’N-Regel maachen.

1 Cf. déi soziopolitesch „däitsch“ Iwwerleeunge vum Christoph Purschke: Die Sprachendebatte in Luxemburg. Eine Analyse der gestrigen Debatte der Anhörungen in der Chamber (17. Januar 2017 von questoph). Déi muss een sech awer mat e bëssche méi „lëtzebuergescher Distanz“ ukucken. Cf. Romain Hilgert: „Im Namen der Sprachlosen“ (d’Land, 20.01.1017).

2 Dës nei Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch (Mäerz 2017 an Luxemburger Wort: „Sprache als Strategie“, 16.03.2017) ass a mengen Ae ganz wichteg. Et hëlt Projeten op vu viru bal 20 Joer (cf. „Läit d’Lat ze héich?“, d’Land, 29.04.2017), mee garantéiert och zukünfteg de Suivi vun den Aktiounsprogrammen, … och zum Beispill hoffentlech, datt en eventuellen neien Texte coordonné net (wéi dee vu Schanen/Lulling 2003) am „Bulli“ vum Web-Ofstellgleis ënnergeet!

3 Cf. Ch. Purschke: Schreiwen.lu – aber wie ? Ein Kommentar zur staatlichen Orthographie-Kampagne in Luxemburg (24. Januar 2017 von questoph). Den Auteur, en däitsche Chercheur op der Uni, gehéiert deemno net (wéi en et selwer zougëtt) zum breeden Zilpublikum vu Jonker bis Erwuessener, déi Lëtzebuergesch schwätze kënnen (hie léiert et eréischt!) an och gewësse Kompetenzen am Schrëftdäitschen a -franséischen hunn. Hie mécht der Orthographie-Campagne selwer a vrun allem hire Materialien de Reproche, si wiere weder genuch virbereet nach iwwerluecht ginn, besonnesch an hiren Implikatiounen: Standardisatioun vun der Sprooch, Heuristik vun de verschiddenen Orthographiesregelungen, a sou weider.

4 Dës Opfaassung vun der Orthographie als „codage second“ ass detailléiert an der haut eenzeger synchronescher Lëtzebuergesch Grammaire vu Schanen/Zimmer mat engem drëtte Band (Schortgen, 2005, 3. Band 2006) oder enger 5e partie iwwert L’orthographe §§ 358-500,
S. 213-317 (2012). Cf. och Schanen/Lulling: Introduction à l’orthographe luxembourgeoise (2000-2003, Texte coordonné (lëtzebuergesch a franséisch) um Site www.cpll.lu (législation > orthographie), Sproocherubriken (Schortgen 2013) an d’Land 2006-2017. Cf. och d’Ënnerlage vum Orthographiescours vum 11.04.2013: Richteg Lëtzebuergesch schreiwen > Athénée de Luxembourg, sub. 8. PDF.

5 Dat erkläert déi negativ Reaktioun „D’Ausnahm bestätegt d’Regel“ am Tageblatt vum 24.01.2017: „Sowohl auf dem Plakat der Kampagne als auch auf der neuen Internetseite www.schreiwen.lu wird das luxemburgische Wort ‚Regel’ mit doppeltem ‹ee› geschrieben, also ‚Reegel’“. Dës vum LOD agefouert Alternativ-Schreifweis huet nach ëmmer mat engem „e“ zu den däitschen Ausname gehéiert (cf. J. Braun, 2004 a Sproocherubrik 38 „De laangen ‘ee’“, 2013, S. 92: ↔ [ej] bewegen, Bewegung, Segen, Fegfeier, Regel, Tegel …).

6 „Die Schreibweise der Belege richtet sich nach der jeweiligen Orthographie [und] ist nicht an die reformierte neue Rechtschreibung angeglichen.“

7 „Il faut dire que la forme écrite du luxembourgeois n’est arrêtée qu’imparfaitement. Le dispositif règlementaire du luxembourgeois est incomplet. Dans les règles d’écriture du luxembourgeois il reste des trous. Pas mal de choses ne sont pas encore réglées.“ (Marc Barthelemy, President vum Rot vun der Lëtzebuerger Sprooch, CPLL, in: La langue luxembourgeoise est plus utilisée que jamais (CPLL
> Lëtzebuergesch léieren)

François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land