Op der Kiermes

Wandjangen, Essegmudderen an eng Rulott

d'Lëtzebuerger Land du 16.06.2005

"D'Toiletten?", seet d'Georgette an der Keess. "Fir d'Toilette muss der op de Kiefecht goen. 't ass nieft der Morgue!" Zanter zéng Joer schon tingeltangelt Maskénada iwwer Land an entdeckt ëmmer nei Plaze fir den Theater, eng eidel Reithal, eng al Briechkaul oder désaffektéiert Garen, dës Kéier eebe Scheieren am Éislek. Am Ufank war et dem Claude Mangen, dem Serge Tonnar an hire Leit hiert Konzept, iwwer Land ze zéien, de Leit den Theater méi no ze bréngen. Mä zanter e puer Joer gamse se no enger fester Plaz, dreemen dervun, hir Këschten an Dossiere kënnen anzwouscht néier ze setzen an do einfach "doheem" ze sinn, e Proufsall an en Theatersall ze hunn.

Si krute scho vun der vierrechter Kulturministesch, der Erna Hennicot-Schoepges, de CPCA zu Bouneweeg versprach, zesummen matt États d'urgence, eng aner asbl, déi sech aus e puer Veräiner zesummesetzt. Mais obwuel et scho Pläng gëtt, gammelt dat Gebai vru sech hin, de Ministère huet keng Suen dofer - a Maskénada tingeltangelt weider iwwer Land.

Mä dat huet och säi Gudds. Dem Claude Mange séng Inszenéierung vum Marcel Reuland (deen der dëst Joer 100 gi wier) séngem Klassiker Op der Kiermes gët zwar a Scheiere gespillt, mä huet als Décor eng Rulott a spillt op engem Camping, d'Plaz vun engem neie "Lumpenproletariat" am Regisseur sengen Aen. A well de Claude Mangen ës vun deer "all ze prestigiéiser Kulturpolitik" sat huet, schwëmmt en och do géint de Stroum an huet quasi d'Géigendeel gemaach: amplaz ëmmer méi Technik an ëmmer méi Opwand wollt hien hei de Konträr maachen. Hien applizéiert quasi d’Regele vun den däneschen "Dogma"-Réalisateuren op den Theater: keng Musek vu baussen (just déi typesch trapech Kiermesmusek gët live gespillt), keng Luucht, déi keng natierlech Ursaach huet, an eng Unitéit vun Zäit a Raum. Dofer huet d'Do Demuth him erëm ee geniaalt Bühnebild ervirgezaubert: eng pissgiel Roulott, déi mat hierem Arsenal un Domotik an Technik, der Combinatioun vun Popegem, Loufoquem an Absurdem net nëmmen e bëssen un de Jacques Tati erënnert. Dem Simone Pauly séng Kostümer dobäi si ganz einfach perfekt popeg, alles ass faarflech openeen oofgestëmmt, all Detail sëtzt.

Zur Geschicht: den Nopeschjong Lex ass an d'Joffer Annie verléift, déi grad hire Mann verluer huet. 't ass just vrun der Kiermes, an déi ganz Hickecht leeft duerchenee wéi d’Hénger. Der Annie hiere Mononk Dittchen ass ëmmer beim Wiert a kënnt Nuets voll heem, dann huet e keng Gutt méi an der Kopp, séngt mat sénge Komper, dass d'Dänne sech béien a wëll haaptsächlech séng Niess mam Hollänner verkoppelen. Mä och "de Schwäizer" (Tom Leick) huet en Aa op d’Annie (Christiane Durbach), besonnesch well en doranner séng Chance fir e sozialen Opstig gesäit. Well "de Schwäizer" awer de Mononk (Max Putz) an d'Déngschtpersonal - de Baltes (Serge Tonnar) a séng Schank, d'Appel (Mady Durrer) - zimlech nervt mat séngem héichtrabende Gebraddels, wësche si him eng aus a maachen e lächerlech, bis all Mënsch mengt, hie wier jaus. Souguer hie selwer.

Op der Kiermes ass eng zimlech fräi Adaptatioun vum Shakespeare sengem What You Will, dat gutt 400 Joer um Bockel huet - an domatt an engems an indirekt dem Claude Mangen seng drëtt Shakespeare-Inszenéierung, no der Summernightstory an dem Mäcbess. An e schéngt sech ëmmer méi doheem a "séngem Shakespeare" ze fillen, huet ëmmer méi d'Gespier fir besonnesch dee ganz populären Aspekt vu sénge Kaméidisstécker. Dem Reuland seng Adaptatioun ass haaptsächlech interessant wéinst där defteger Sprooch, deem flotte Lëtzbuergesch, dat een haut kaum méi héiert. Och wann d'Geschicht net wierklech relevant oder interessant ass. Déi puer Joer, an deenen de Claude Mangen selwer keng Regie méi gemaach huet, huet en offensichtlech Regieafäll gehamstert: Op der Kiermes strotzt nëmmen esou vu genialen Ideen an originelle Clin-d’oeilen - dat blot Hirschgeweih vum Schwäizer amplaz vun de friemen Héngerplommen als Referenz un de Logo vum Kulturjoer 2007 an also déi opgesate Kultur vun de Lëtzebuerger zum Beispill. An de Claude Mangen huet sech mat der Distributiou vun de Rollen ameséiert, huet där ganzer Equipp vu Lëtzebuerger Schauspiller eng Geleenheet ginn, hiert ganz humoristescht Potenzial fräi ze setzen. Den Tom Leick, d'Annette Schlechter, de Max Putz an d'Mady Durrer loosse sech esou richteg aus an hiere Rollen, tëscht Groucho Marx a Cage aux folles. Déi zwou grouss Revelatiounen vun där Produktioun sinn awer wahrscheinlech de Serge Tonnar als graffe Kniecht Baltes an de Claude Thommes als Hollänner: esou gutt hat een déi zwee nach ni gesinn.

Nieft der Geschicht erzielt Op der Kiermes och eppes iwwer d'Lëtzebuerger, iwwer hir approximativ Bildung, dei ëmmer e bëssen donieft ass, iwwer hiren Hang zum Alkohol an hir Verklemmtheet géintiwwer vu Fraen, iwwer hiert Gestriefs no uewen - awer net ëmmer mat deene richtege Moyenen -, an iwwer hire béisaartege Beschass...  Fir de Publikum ass et ganz einfach e flotten Owend an enger Scheier, e folkloristesche Kuriosum fir Tréinen ze laachen. An d'Ham ass gutt.

Op der Kiermes vum Marcel Reuland, fräi nom Shakespeare séngem What You Will (oder Twelfth Night, 1600-1602); Inszenéirung: Claude Mangen; mat de Schauspiller Christiane Durbach, Mady Durrer, Tom Leick, Max Putz, Annette Schlechter, Raoul Schlechter, Clod Thommes a Serge Tonnar; Dekor: Do Demuth; Kostümer: Simone Pauly; Produktiounsleeder: Joël  Seiller a Carlo Kieffer; Hospitanz: Ben Bauler; Habilleuse / Requisiten: Marie-Paule Stolweijk; Maquillage: Joël  Seiller; Techniker: Yo Cestroni a Paul Thill. Weider Virstellungen: haut, Freideg a muer Samsdeg zu Boukels (Bockholtz-Goesdorf) Scheier „Piron“; de 24. an de 25. Juni zu Néngsen (Neunhausen) Scheier vun der Famill Bache; den 28. an de 29. Juni zu Donkels (Doncols) Scheier „A Kleins“, den 1. an 2. Juli zu Toodler (Tadler) an der Scheier vun der Famill Peiffer an den 8., 9. an 10. Juli zu Mechela (Michelau) „A Meesch“, all Kéier um 20h30, virdru gët et Kiermesham a Kuch. Reservatiounen iwwer de Syndicat d’Initiative Wolz, Telefon: 95 74 44, oder iwwer: siwiltz@pt.lu. Weider Informatiounen um Spaweck ënner www.maskenada.lu.

josée hansen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land