Nom Begriefnes

Eidel Hysterie

d'Lëtzebuerger Land du 17.02.2000

Déi gutt Nuvell fir d'éischt: um Enn gët de Marc Thoma erschoss. Séng Sendunge gehéieren zu Lëtzebuerg wei Schwéiermammszongen, Ham-Fritten-an-Zalot, Rubarbstaart, de killen Humpen a brong tapezéiert Kaffeën. An deem Décor spillt Nom Begriefnes, dem Paul Scheuer säin Theaterstéck, dat d'lescht Joer de Concours vun der Stat Lëtzebuerg gewonn huet an e Samschden am Kapuzinertheater uropgefouert guf.
En Ah! an en Oh! gungen deemools duerch d'Theaterwelt, wéi bekannt guf, dass een neien, een onbekannten Theaterauteur - nieft dem onemgänglechen Trio Greisch-Rewenig-Maes - ee Stéck geschriwwen hätt. Och wann de Paul Scheuer nët wierklech onbekannt ass, mä als Afo-Filmert esou Klassiker ewéi Wat huet e gesot?, Congé fir e Mord, Mumm sweet Mumm an Dammentour gedréint huet. Mä am Theater ass en nei. D'Enttäuschung ass deemno duebel esou grouss, wéi d'Erwaardungen héich waren.
De Paul Scheuer ass Physiker vu Beruff, faszinéiert vun Astrophysik. Dat kann en nëtt verstoppen - nëtt nëmmen duerch séng holpereg Sprooch. Also handelt säi Stëck iwwer d'Relativitéit, iwwer dat ganz klengt Liewe vun zwou Familjen vu ganz klenge Leit an deem ganz groussen Universum. A well e wëllt weisen, dass e jo Theater schreift, handelt säi Stéck dann och direkt nach iwwer den Theater am Theater, iwwer eng Inszenéierung vun engem Stéck an engem Stéck. Woubäi den Haaptacteur vun deem Stéck am Stéck - de Bräitchemann - verschwënnt, an déi primär Handlung also dorëms dréint, wéi déi néng respektiv zéng Schauspiller dann awer dem Publikum eppes virspillen. Also maache se kuerzerhand ee Begriefnesiessen aus dem am Ufank geplangten Hochzäitsiessen.
Dat kléngt konfus? Dat ass och genee esou konfus am Stéck. De Paul Scheuer - zesummen mam Maisy Hausemer, dat him gehollef huet schreiwen - wollt e bësse vill an d'Stéck paken. Vill Banalitéite vun de Lëtzebuerger ("Lëtzebuerger loosse sech nëtt anäscheren!") mat hierem klengen, alldeegleche Rassissem ("Esouguer d'Portugiese kréien ewell Depressiounen") en eng Grimmel Metaphysik an Universalgenie ("Dat Banaalt ass fatal!"), iwwerstreet mat Theatertheorie aus der LuxPost ("Wann ët zevill intellektuell gëtt, da lafen d'Leit eis fort"). Eraus kumm eben dee Chaos, deen de Frank Feitler dann och an der Regie ëmsetzt.
Iergendwéi huet een an deem ganze Stéck nëmmen dat Déjà-Vu-Gefill. Wéi wann no Siwe Lëtzebuerger kréien de Karlspräis, déi nämlecht Equipp oder bal, nach eng Kéier géng probéieren, ee Revival vun hierem Succès ze maachen. Just dass se deemols guer keen Text haaten, a si alles improviséiert hunn, an dës Kéier een onverständlechen Text do war, vierun deem de Frank Feitler ganz offensichtlech kapituléiert huet. Dat heescht, d'Schauspiller mussen esou maachen, wéi wa se géngen improviséieren, an dobäi musse se dat op en Text maachen, dee si nëmme perplex léisst. Et ass eng Zort Degré Zéro vum Theater, eng Demissiou vum Dramaturg, deen de Frank Feilter jo eigentlech ass. Rhythmus era bréngen, jo, dat kann en och nach hei. Mat deem Rhythmus an dem Talent an der Perséinlechkeet vun den Acteure rett d'St-éck sech dann och iwwer d'Ronnen.
Esou setzt de Luc Feit nach mei wei soss op Slapstick, a klasseschen Décken an Dënnen-Comic; d'Josiane Peiffer sicht seng Roll, am éischte wéi am zweeten Degré (an ët séngt schon erëm!), de Marc Olinger, de Serge Tonon an de Luc Feit lafen zu Héchstform op, wann se ee klasseschen italiéinesche Mafia-Film parodéiren, mä virdrun an dono passe se sech den trauregen Téin vum Décor un. An d'Marie-Paule von Roesgen huet zesummen mam Fernand Fox als Här a Madame Glesener mat déi schéinste Szen aus dem Stéck, déi déi wierklech sëtzt an e Sënn ergëtt, wa si sech mat hierem Raymond séngem Talent mat Zuele bretzen.
Am Ufank vum Stéck entschëllegt sech de Germain Wagner, als fiktive Regisseur vum Stéck am Stéck, virum roude Rideau fir deen Imprévu, dass d'Stéck elo kuerzfristeg géng mussen embesat ginn, well jo den Haaptacteur nëtt komm ass. Dat erméiglecht dem Feitler, dono all méiglech Theatergenren op der Bühn ukléngen ze loossen, vum Kaméidisstéck iwwer d'Tragédie bis eben de Mafia-Film. An da muss natierlech och nach Video matt eran, an d'Kamera filmt dann nëmmen d'Theaterplaz - wat en Opwand fir glat a guer näischt! - oder, Referenz op Top Dogs méiglecherweis, wei d'Silvia schwätzt, als eng Zort Reality Show.
Wat een dem rettenden Enn méi no kënnt, wat d'Dialogen ëmmer méi abstrus ginn. Anscheinend soll ët eng Farce sinn, mä ët ass nëmme peinlech. Déi zweet gutt Nuvell ass, dass ët nëmmen 80 Minutten dauert. De Premièrespublikum huet ewéi geckech geklappt, wéi ëmmer beim Feitler, si kruten "e Stéck Lëtzebuerg" a felicitéiere sech een deem aner. Mä esou lues widerhëllt sech dee Klamauk, dee Klim Bim, deen de Frank Feitler an der lescht mécht, an ët kann een emol nëtt méi driwwer laachen.
Et ass schued, dass de Kapuzinertheater fir séng 15 Joer ze feieren, genee deen Theater mécht, virun deem de Marc Olinger als jonke Rebell deemols geflücht ass, Populärkultur vun hierer schlëmmster Säit, ouni iergend een Usproch: de Stack-Lëtzebuerger Theater.
Nom Begriefnes vum Paul Scheuer, inszenéiert vum Frank Feitler a produzéiert vum Kapuzinertheater; ët spillen: Josiane Peiffer, Fernand Fox, Marie-Paule von Roesgen, Luc Feit, Marc Olinger, Monique Reuter, Serge Tonon, Germain Wagner, Christiane Rausch a Paul Scheuer; Regieassistenz: Silvana Pontelli a Gaby Stehres; Bühnebild: Dagmar Weitze a Video: Paul Scheuer. Weider Virstellungen den 22., 22., 23., 24. a 26. Februar um 8 Auer. Telefon fir Reservatiounen: 22 06 45.
Den Text vum Stéck ass an der Serie Amphitheater vun den Éditions Phi eraus komm (N° 54); 100 Säiten, 200 Frang; ISBN: 3-88865-189-1

josée hansen
© 2019 d’Lëtzebuerger Land