Schlof Këndche, schlof

't ass alles egal

d'Lëtzebuerger Land du 27.11.2003

Beim Film wier et wahrscheinlech e Kuerzfilm ginn. Eng vun deene Fangerübunge vu "jonken Talenter", wéi d'Produzenten dat nennen, mat deenen Nowuesréalisateure sech kënnen en Numm maachen. Beim Theater guff dem Serge Tonnar säi Stéck Schlof Këndche, schlof direkt e Spektakel fir e ganzen Owend. "Modern" wier en, steet an der Ukënnegung, an dass de Yann Tonnar, de Brudder, d'Videoe gemaach hätt, steet do. A well de Serge Tonnar nawell gäre bei allem, wat e mécht alles kontrolléiert, huet hien och selwer d'Mise en scène gemaach. Seng éischt Inszenéierung iwwerhaapt - Musek schreiwen, Musek maachen, Radio maachen, produzéieren, daat kann en alles scho laang -, an dann och nach direkt vun engem eegene Stéck. Gespaant wéi ee Lastik kënnt de Publikum an där eppes zevill schéi restauréierter Aler Seeërei zu Dikrech un.

An do kritt en direkt dei éischt grouss Révélatiou vum Owend: dem Do Demuth seng Décore sinn einfach grandios. An där iwwerdimmensionnéierter, an duerch hir typesch Industriefënsteren an deen hëllzenen Daachstull onheemlech presenter Hal huet déi geléiert Innenarchitektin a Bühnebildnerin (Joergang 1973) et färdeg bruecht, mat e puer ganz einfachen Tricken eng Stëmmung eran ze bréngen: wäiss Leinwänn fir Projectiounen an/oder fir de Raum ze ënnerdeelen, aus graffem Holz gezammert Miwwel - et mengt ee bal, hei wier de franséische Kënschtler Mathieu Mercier um Wierk gewiescht - e puer rudimentär Strukturen, fir Zëmmeren unzedeiten, wäisse Stoff, a fäerdeg ass et. De Rescht ass Beliichtung. Esthetesch e Succès, well minimalistesch a schlicht.

D'Stéck u sech - dat zweet vum Serge Tonnar, dat an engem Joer opgefouert gët, no All Daach esou géint 5 fir 12, dat am Freijoer am Réidener Inoui gewise gi war - verstréckt déi banal Geschichte vun zwou Koppelen. Déi eng, de Bob (Clod Thommes) an d'Chantal (Danielle Wenner), si "richteg", aus Fleesch a Blutt, langweile sech am Liewen an an der Koppel a kucken dofer stupid Sendungen um Fernseh. Zum Beispill déi Reality Show - oder ass et eng Soap Opera? - an där eng zweet Koppel, den Thierry (Mike Tock) an d'Anna (Mady Durrer), sech op eng originell Art a Weis kenneléiert (hie brécht bei him an, a kënnt nett méi eraus). Déi "richteg" Koppel projezéiert ëmmer méi vu sech op déi fiktiv, d'Identifikatiou gët zur Inkarnatioun. De Rescht ass Mise en scène.

Den Text u sech ass net genial. En zimlech ofgelutschte Sujet, iwwer fléissend Grenzen tëscht Realitéit a Fiktioun, deen de Woody Allen schon 1985 am Purple Rose of Cairo traitéiert huet, oder eng kulturpessimistesch Mediekritik, déi esouguer schon zu Lëtzebuerg am Theater behandelt guff, am Nico Helminger sengem Stéck Faking love [&] death sou niewebai, dat de Lol Margue an den Tom Hensgen d'lescht Saison am Casino inszenéiert haten. An Dialogen, déi mol iwwerdriwwen allegoresch, mol komplett sënnlos - "Wou ass eigentlech Pommerland?/Pommerland ass iw-werall/an néierens", an op eemol versti si selwer nët méi wat se soen... -, mol ganz konkret sin. 

D'Sprooch ass ganz knapp a kuerz. Et ass eng Gesellschaft vun der Sproochlosegkeet, déi de Serge Tonnar beschreift, eng Welt an där Koppele sech näischt (méi) ze soen hunn, an där Männer a Fraen d'Zesummesinn als Agespaartsin empfannen, an där jiddereen ëmmer erëm dovunner dreemt, fortzegoen, mä dono awer neess erëmkënnt, well en d'Liewen dobausse nach méi fäert. 

Mä dei zweet Iwwerraschung vum Owend ass de Serge Tonnar als Regisseur: hien hëlt immens vill aus sengem Stéck eraus, vill méi wéi deemols d'Christine Reinhold zum Beispill aus sengem éischte Stéck. Duerch dat massivt Abanne vun deenen anere Medien - d'Musek virun allem, ëmmer neess gët gesongen oder gët der agespillt, mä och déi lëschteg Videofilmer an -effekter vum Yann Tonnar - beräichert hien den Originaltext, mécht nei Perspektiven op, nei Liesaarten a Querverweiser méiglech, déi et jidderengem erlaben, seng eegen Interpretatioun an eng Situatioun eranzeleen. Dee gigantesche Sall ass ganz flott bespillt, all Méiglechkeete ginn doran ausgenotzt. 

Dem Serge Tonnar seng Referenze sinn typesch fir een, dee seng Kandheet an de 70er Joere vebruecht huet, virun allem dee geniale Sandmännchen - deen ass richteg cool a sengem Helikopter - an déi rosa Plüschhuesen, déi ni midd ginn, aus der Batteriereklamm.

Schlof Këndche, schlof ass nett wierklech e Kaméidisstéck, et ass och net wierklech eng Tragédie, éischter e Psychodrama, dat d'Banalitéit vum Alldag, d'Hypokrisie an der Koppel an deen éiwege Paradox vun der Kommunikatiounslosegkeet an der Mediegesellschaft thematiséiert. Et geet em Angscht, där alleng ze sinn, an där, mat engem zesummen ze vergammelen, där, e Kand ze maachen, an där, keent kennen ze kréien; et geet em Illusioun an em Desillusioun, em Nihilusmus an em Hoffnung. D'Stéck u sech ass eppes wei eng Ébauche, eng Skizz, net wierklech färdeg, net wierklech literaresch. De Serge Tonnar als Regisseur huet déi Skizz mat décke faarwege Stëfter ausgemoolt.

 

Schlof Këndche, schlof vum Serge Tonnar, inszenéiert vum Serge Tonnar, assistéiert vum Véro Lasar; Musek: Serge Tonnar, Sam Koenig an Han Wezenberg; Dekoren a Kostümer: Do Demuth, Video: Yann Tonnar; et spillen: Mady Durrer, Danielle Wenner, Clod Thommes a Mike Tock; Produktioun Maskenada asbl., am Kader vum Festival Act-in; weider Virstellungen den 29. November an den 2. an 3. Dezember an der Aler Seeërei zu Dikrech; Reservatiounen iwwer den Telefon 807 437 oder www.maskenada.lu.

 

 

 

 

 

josée hansen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land