Präpositiounen

Unde a qua

d'Lëtzebuerger Land du 24.08.2012

„Ass dat nach dran!“, héieren ech ewell e puer Stëppeler meckeren. „Linguiste vun haut, déi sech jo soss beméien, mat hirer Zäit ze liewen – déi gräifen elo och nach, fir d’Semantik vun de lëtzebuergesche Präpositiounen ze beschreiwen, op Critèren aus der laténgescher Grammaire zréck. Muss dat da sinn?“ D’Form vum Protest ass iwwerdriwwen. D’Fro awer bleift bestoen.
„Näischt muss sinn ... ausser deem wat ass“, äntwert fir d’éischt emol ganz dréchen de Philosoph, „an dat, wat ass, dat sinn haaptsächlech d’Sprooche mat hire Funktiounen.“ Hautdesdaags sinn déi meescht Leit dovun iwwerzeegt, datt d’Sproochen abstrakt Zeechesystemer sinn, déi haaptsächlech als Kommunikatiounsmëttel funktionéieren. „D’Sprooch ass nom Këssen, dat opreegendst Kommunikatiounsmëttel, dat d’Mënschheet entwéckelt huet“, schmunzelt eise Philosoph. An anere Wierder: d’Sprooche sinn do, fir datt d’Leit sech an enger Gesellschaft kënne verstännegen. Ob mat Spriecher am Mëndlechen oder mat Schreiwerten am Geschriwwenen, ob face à face oder kanalvermëttelt (Pabéier, Radio, Telefon, E-Mail, SMS) – all sproochlech Kommunikatioun geschitt an engem raimlech-zäitlech gesellschaftleche Kader, wou op d’mannst e Sender (ech) an en Destinataire (du), en Intermédiaire (hien/si/dat) an e Support, Zwecker an Absichten (Illokutioun), Ziler an Effeten (Perlokutioun) interaktiv zesummewierken.
Dës kommunikativ-pragmatesch Funktioun vun de Sproochen, sou mengt de Philosoph dann e Schrack wieder, ass aus de Mediewëssenschafte vun haut net ewech ze denken. Se däerf awer net déi aner Funktioune verdrängen a scho guer net der Sprooch hir Duerstellungs- a Referenzfunktioun. An eiser westlecher Traditioun ginn d’Sprooche jo prinzipiell och als Denkmëttel ugekuckt: „Se sinn souzesoen d’Kleedung vun de Gedanken“, behaapt den anonyme Philosoph. Dobäi geet et besonnesch dorëm fir z’erklären, wéi d’Realitéit (an och déi iwwert d’Erfahrung vun der Wierklechkeet erfonnte Fiktioun) sech an enger Sprooch kann erëmspigelen. Dës onomasiologesch Perspektiv geet vun Inhalten, Erliefnesser, Verhältnesser, existenzielle „Welten“ aus an net, wéi d’Semasiologie, vun den eenzelne Sproochzeechen.
De Raum ass selbstverständlech esou eng erliefte Realitéit, vrun allem wann en an der Form vun engem Präpositionalgrupp an enger Ausso ernimmt gëtt. D’Interrogativwierder, déi allgemeng gebraucht gi fir d’Funktioun vun dëse raimleche Präpositionalgruppen z’erkennen, sinn: wou? (fir den einfache Lokativ), wuer a wouhin(ner)? (fir den Direktiv), wouhier a vu wou? (fir d’Originn an d’Hierkonft1), wouduerch, wouriwwer, woulaangscht? (fir e „passéierte“ Raum). Traditionell benotzen d’Grammatiker awer léiwer déi laténgesch méi eendeiteg Pronominaladverben: ubi? quo? unde? qua? Vun deenen zwee éischte war ewell vill Rieds a menge virege Rubriken iwwert d’Lokativ- an d’Direktiv-Relatiounen. Hei also nëmmen nach e puer Notizzen iwwer d’Originn- an d’Passage-Relatiounen unde? a qua?
Bal an alle Schoulbicher fir LaF-Coursen gëtt d’Unde-Relatioun ganz fréi am Kontrast mat der Ubi-/Wou-Relatioun agefouert. An der zweeter Lektioun vu Lëtzebuergesch fir all Dag zum Beispill (1. Bd. S. 24) weisen d’Beispiller an d’Exercicen, datt aus als Originn-Präpositioun  mat de Nimm vu Länner funktionéiert a vun mat de Bezeechnunge vu Stied: Vu wou kommt Dir? – Ech kommen aus Italien, vun Neapel. An Dir? – Aus Frankräich, vu Paräis. Mä d’Oppositioun Land a Stad, déi iwwregens dräi Mol am Inhaltsverzeechnes S. 4 vu Lëtzebuergesch fir all Dag virkënnt2, huet och hir Ausnahmen: „A vu wou kënns du?“, freet d’Almira de José am éischte Kapitel S. 8 vu Wat gelift? „Aus Portugal, vu Coimbra, an du?“, äntwert de José. D’Almira: „Ech kommen aus Bosnien [...] an d’Amalia kënnt vum Cap Vert.“
D’Regel „Aus fir Länner, vun fir Stied“ bei den Originn-Präpositiounen (am Kontrast mat de Präpositioune vum Lokativ: zu, a(n), op/um) muss also domat nuancéiert ginn, datt den allgemenge Sem vun der Relatioun an dat spezifescht semantescht Mierkmol vum Member ënnerscheet ginn. Vun dréckt allgemeng den Zesummenhank (d’Originn, d’Trennung, d’Opdeelung) aus, grad wéi op + Akk den Direktiv an zu de Lokativ ausdrécken. Wann elo awer een am Member spezifizéierte Sem derbäikënnt, dann ännert sech d’Präpositioun: zum Beispill markéiert an d’Bannerelatioun (fir Stad, -land, -dall: Pafendall, Clausen), um/om (= op dem/op der) eng „iewescht“ Fläch fir Buedem, Bierg, Kopp, Belair, Cents, Weimeschhaff, Glacis, Zolverknapp. Vun (unde-Relatioun) funktionéiert also an enger Rei mat op (quo-Relatioun) an zu (ubi-Relatioun), aus (unde-Relatioun) als Konträr vun an + Akk (quo-Relatioun) an an + Dativ (ubi-Relatioun).
D’Präpositioun duerch +Akk referéiert hirersäits op e lokale Repère, dee „passéiert“ gëtt (a wann „kreuz und quer durch“ dann hu mer uechter)3. D’qua-Relatioun huet also och hiren allgemenge präpositionalen Ausdrock: duerch Lëtzebuerg, duerch d’Stad. Kënnt elo awer e kontextspezifescht Mierkmol derbäi, da ginn aner Präpositioune gebraucht. Mir fueren iwwer (=via) Nanzeg (fir) op Lëtzebuerg, soe mir, wa vun enger Streck Rieds ass an de „passéierte“ Raum nëmmen eng Tëschestatioun duerstellt. Fir e Passage iwwert de Repère (am franséische Sënn vun par-dessus) gëtt iwwer(t) + Akk4 gebraucht, an eventuell kënnt och nach d’Präzisioun vun enger Verbpartikel derbäi: D’Leit komme vun Nennig iwwert d’Bréck eriwwer. D’Wäsch hänkt iwwer d’Gelänner erof. Fir e Passage ënnert engem Repère gëtt meescht de Präpositionalgrupp ënner(t) + Dativ gebraucht mat engem Richtungsadverb an/oder enger Verbpartikel: Da muss de zu Tréier ënner der Bréck duerch riichtaus fueren. Weider „Passagen“ si méiglech mat tëschen(t) + Dativ (Tëschen deene Steng kënnt keen Auto duerch), mat [ronder]ëm + Akk (D’Kanner hu ronderëm d’Haus Stoppes gespillt), mat laanscht + Akk (oder méi seelen + Dativ): D’Kanner kommen all Dag laanscht d’Épicerie. Laanscht d’Strooss/der Strooss ass goudronnéiert ginn. Wëll een dofir awer uginn, wat fir en Deel (wat fir eng Portioun) vum Repère betraff ass, da gëtt de Präpositionalgrupp mat der Verbpartikel laanscht kombinéiert: D’Fuesendsgécke sinn hannert der Schoul laanschtgerannt. Och an typeschen Ausdréck wéi: Da kommt dach mol eng Kéier bei eis laanscht! fënnt een där Kombinatiounen, déi fir frankophon Auslänner ganz haart Nëss sinn.

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land