Speck

Beim Speck gi se all geckech

d'Lëtzebuerger Land du 20.11.2003

Zu Lëtzebuerg sin d'Leit mat Zosisen ugestréckt. D'Eva Paulin huet Zosisen an Hamen an d'Luuchtegirland iwwer der Catwalk-Bühn vum Jeanny Kratochwil an der Escher Kulturfabrik gehaangen. An deem wonnerbare klenge Land vun de Buergen, de Riewen an de Lidder, dat de Philippe Schneider an de René Leclère esou schéin an hiere Filmer beschriwwen hunn, ass ee matt Zosisen ugestréckt, obwuel ët am Claudine Muno sengem éischten Theaterstéck Speck eeben drëm geet, datt an deem Land, dat hatt beschreift, kee Fleesch méi däerfe giess ginn. A wat maache seng Figuren als Reaktioun? "Comme tous les gens fortunés, Marie trouva refuge dans le rêve," erkläert de Speaker, eng Figur déi allerdéngs éischter engem Pierrot oder Jester gläichkënnt. A wéi bei (bal) bei alle Lëtzebuerger Theaterotören dreemt d'Marie, d'Haaptfigur am Stéck, och dovunner, fortzegoe vun hei, an di grouss Welt... Amerika am beschten. Natierlech!

D'Claudine Muno ass erstaunlech. Beandrockend esouguer. Mat nëmme 24 Joer huet hatt scho fënnef Bicher erausbruecht, dovunner ee Roman op Lëtzebuergesch, De Fleeschkinnek, deen d'lescht Joer beim Gollo Steffen op der Lay erauskum. Am Februar d'nächst Joer soll da seng eischt Tzedee erauskommen; zu Koplescht op der Maskénadasoirée huet hatt scho bewisen, dass seng einfach Lidder ënner d'Haut gin. 

An ët huet, bal ganz niewelaanscht, Geschicht studéiert - "well schon an de Gesetzer steet: wee well Kënschtler ginn, dee soll fir d'eéischt Professer ginn" seet d'Marie am Stéck -, a schreift journalistesch fir d'Wort an den Télécran. Dat schéngt ze markéieren, wëll witzegerweis kann een tëscht Speck an de Stécker vum André Link, sengem Kritikerkolleeg am Wort, verschidde Parallelen zéien, wéi d'Figur vum coincéierte Journalist, deen alles weess, awer näischt schreift, oder de Spott mat de Quiselen an enger almoudescher Kierch am grousse Ganzen, deen een och bei deenen zwee fënnt. Am allererstaunlechsten allerdéngs ass, wéi wéineg dem Claudine Muno seng Welt déi vun engem MTV- a Planet-RTL-Jonke vun haut ass, wéi wéineg Ënnerscheed ët vun den Themen hir gët tëscht séngem Stéck an engem vun den eeleren Häre mat Baart, dei soss nach Theaterstécker zu Lëtzebuerg schreiwen. 

D'Claudine Muno schreift iwwer Familljen, an deenen ët e Geheimnis gëtt - d'Mamm hat aus e lauter Gloscht erëm eng Kéier Fleesch giess, a prompt huet se an deer Sënn och nach mam Fleeschlifferant, dem Monsieur Joseph dono e Kand gemaach -, ëm Ierfschaftssträit, ëm d'Hypokrisie am Staat, ëm onkauscher Geschäfter, ëm Kommunikatiounslosegkeet tëscht de Mënschen, ëm Léift, ëm de Josy Barthel, ëm korrupt Politiker, ëm Rebellioun an Upassung. Vläicht hu mer sengem jugendlechen Dynamismus ze verdanken, dass hei, contrairement zu villen anere Lëtzebuerger Stécker, glécklecherweis keen op der Bühn stierft (ausser enger Bomi, mais dei war schon am off gestuerwen).

Wéi schon am Fleeschkinnek, geet et och hei vill em Fleesch - ass d'Claudine Muno eigentlech Vegetarierin? - an ëm eppes wéi eng Ierfsënn, e Feeler, deen ee vu sengen Elteren iwwerdroe kritt an ënner deem een ze leiden huet, ouni dofir ze kënnen. Dem Marie (immens flott, well fresch an e bësse schlaksech wéi ee Meedche vu 15 Joer, vum Fabienne Greis gespillt) seng Elteren hunn him nämlech, duerch dee verbuedene Fleeschgenoss an der Nuecht wéi hatt gemaach guff, en ondugene Charakter vermaach. 

Wéi seng Mamm (Anne Tomasini) hierer Hänn kee Root méi weess, schleeft sie ët bei den Dokter. An dee fënnt eraus, dass d'Meechen zwee Hirer, zwee Härzer an zwee Mee huet. Dat ganzt gët eng Staatsaffär: war ët iere Mënschefleesch, mat deem gehandelt guff? Jiddereen, vum Politiker bis bei de Mafiosi, vum Paschtouer iwwer d'Nonn bis bei d'Wëssenschaft, wëll op eemol en Notzen aus dem Marie sengem aussergewéinleche Fall zéien.

Dem Claudine Muno seng Stäerkt si seng flott Observatiounen. Hatt kennt Lëtzebuerg gudd, weess, wéi wichtech de Rond-Point beim PED oder de Probleem vun de roude Luuchten, déi ni ginn zu Peiteng kënne sinn, oder dass ee Busarrêt ouni Bus, deen hale bleift zu Uewerwampech, schon emol fir gréisser Opreegung am Land ka suergen. Hatt kennt d'Geschicht vum Land - ëmmer neess kënnt och bei him den zweete Weltkrich op déi eng oder aner Manéier neess vir -, an ët huet driwwer eraus déi grouss Sujeten verschafft, déi déi zwee lescht Joeren markéiert hunn, vu BSE an de Kéip futtist Véi dat brennt, bis bei den internationalen Organhandel oder déi amerikanesch Interventiounspolitik an der Welt. Ëmmer neess stinn esou immens flott a witzech Momenter, an ët freet ee sech am Publikum drop, déi nächst intelligent a pertinent Remark ze begéinen. Säi Lëtzebuergescht ass lieweg, natierlech an onkomplizéiert.

Dem Claudine Muno säi Probleem ass dee vun der Geschicht. Well och a Speck ass nët wierklech een Erzielstrang, nët wierklech eng zesummenhängend Story. Speck besteet aus Szeenen, dei unenanergereit sinn, an duerch déi de Speaker oder d'Schiksal eis gidéiert. Ët ass eng Farce, munechmol méi lëschtech, munechmol méi batterbéis. D'Claudine Muno huet eng Fantasiewelt opgebaut, déi e bësse mat Lëtzebuerg ze dinn huet, mä an deer och Kannerdreem ëmmer nees virkommen: zum Schluss gi se all vum Kleesche gerett. 

D'Eva Paulin, dei d'Mise en scène gemaach huet, huet sech an hire leschten Aarbechten ëmmer méi a Richtung Zirkus beweegt a mécht dat och hei neess: Stelzegänger, Clownen, iwwerdriwwe Costümer a Makillagen, Zirkusbühn, Zirkusmusek... nët ëmmer déngt dat allerdéngs dem Speck, wahrscheinlech hätt e bësse méi eng roueg Interpretatioun dem Text - a sengem Versteessdemech - gehollëf. Dass déi Däitsch Ingrid Müller-Farny, soss eng ganz gudd Schauspillerin, muss als Speaker déi ganz Zäit Franséisch schwätzen, ass zum Beispill nët wierklech verständlech. Och nëtt fir de Publikum. 

Oder déi Nonn, dei d'Isabelle Constantini spillt: nodeem de Paschtouer d'Wonnerkand Marie an e Klouschter gespaart huet, fir ët vieru sech selwer ze schützen, wéi e seet, schléisst hatt do Frëndschaft mat enger Nonn. Déi wëll dat jonkt Meedchen onbedéngt als Rockmusikerin gesinn - dat war säin éischte Beruffswonsch - a sie wëll matt him al Lidder à la Beatles sangen. Abee, dei Nonn huet an deer Escher Fassung onheemlech déck Brëscht an en onheemlech décken Hënner - wahrscheinlech, well se heemlech Fleesch ësst. Natierlech deet dat all Mënsch immens laachen. Mä iergendwéi geet duerch déi Oflenkung och ee ganzt dramatescht Potenzial vun deer Figur verluer. 

 

Speck vum Claudine Muno, an enger Mise en scène vum Eva Paulin, mam Fabienne Greis, Ingrid Müller-Farny, Marcel Heintz, Jean-Marc Calderoni, Marc Sascha Migge, Tom Leick, Anne Tomasini, Isabelle Constantini, Jean-Claude Majerus, Christiane Durbach an Tom Gaubig guff am Kader vum Festival Act in eng Parti Kéiere gespill. Ett si leider keng weider Virstellunge virgesin.

 

 

 

 

josée hansen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land