Telészerie

Rëss a Spréng

d'Lëtzebuerger Land du 20.09.2019

Et ass droleg, dass d’Lëtzebuerger Kinosgeschicht esou jonk ass (oder sech esou lues entwéckelt), dass et nach ëmmer fir vill Formater eng „éischte Kéier“ gëtt. Déi éischt Sitcomen – Weemseesdet a Comeback – Ufank vum Joerzéngt, deen éischte Krimi am Kino (Doudege Wénkel, Christophe Wagner, 2012), dunn déi éischt Documentairezerie (Routwäissgro) zanter véier Joer... an elo „déi éischt Krimizerie“. Si heescht Capitani, no hirer Haaptfigur, dem Inspekter vun der Police judiciaire Luc Capitani (Luc Schiltz), a si kuckt sech ewéi Zitz. Déi éischt Staffel huet sechs Episoden, gëtt vum 1. Oktober un op RTL diffuséiert, an ass dann och online ze kucken.

Den Inspekter Capitani ass e Minettsdapp mat enger traureger Kuck, deen et fir eng Enquête an d’Éislek verschléit. Méi genee op „Mënscht“ (oder „Manscheid“), e fiktiivt Duerf, dat och Randschelt oder Pëtscht kéint sinn. Hie seet „mär“ an „där“ a schwätzt an universelle Wourechten, déi gutt als Kalennersprëch géinge kommen: „Déi mannst si sou, wéi se sech ginn“ oder „d’Liewen ass net gerecht“. E kéint och „Et gëtt méi Kette wéi rosen Honn“ soen, oder „Et gëtt keng Zopp sou waarm g’iess wéi se gekacht gëtt“ – et ass esou eng Lëtzebuerger Anerweis ze schwätzen, déi den Thierry Faber, deen d’Idee vun der Zerie hat an de Gro vum Dréibuch geschriwwen huet, ganz gutt erëm gëtt.

De Capitani gëtt geruff, well am Bësch vu Mënscht d‘Läich vun engem jonke Meedchen, dem Jenny Engel (Jill Devresse), 15 Joer, fonnt gëtt. „Ween huet d’Jenny Engel ëmbruecht?“, den Ënnertitel vun der Zerie, kléngt jo e bësse wie dem David Lynch säin „Who killed Laura Palmer?“, mat deem hie vrun drësseg Joer Reklamm fir säin Twin Peaks gemaach huet. Mä Capitani ass glécklecherweis keng blatzeg Provënzcopie vum Lynch. Éischter e bëssen Doudege Wénkel, vermëscht mat engem Sprëtzer vum Govinda van Maele sengem Guttland (a ­vläicht engem nostalgesche Bléck op Déi Zwee vum Bierg). Wéi sou dacks an der Luxemburgensia, wéi beim Josy Braun oder beim Jean-Paul Maes, geet et haaptsächlech ëm Provënz, ëm Duerfgemeinschaft an ëm dat, wat ee vu baussen an engem festge-
fuerene Mikrokosmos gesäit (an eventuell bewierkt). D’Policeenquête erlaabt et, d’Macke vun deem erdréckende Milieu blouss ze stellen.

D’Serie ass opgedeelt a sechs Deeg, een Dag pro Episod, vun der Entdeckung vun der Läich un. D’Jenny ass d’Duechter vum Nadine Kinsch (­Claude De Demo), d’Buttiksmadame aus dem Duerf, déi, 2019 oblige, e Biobuttik huet, a vum Mick Engel (Jules Werner), en e bëssen bockege Geschäftsmann (en handelt mat Holz). Si sinn awer getrennt an elo ass d’Nadine fir d’zweet mat engem Prof bestuet. D’Jenny huet eng Zwillingsschwëster, d’Tanja, dat och verschwonnen ass. Déi éischt dräi Episoden, déi den nächste Mëttwoch eng Zort Première feieren an der Press dëse Mëttwoch virgestallt guffen, ginn ëm d’Sich nom Tanja. An ëm d’Sich no den Ursaache vun de Meedercher hirer Fugue an den Dout vun deem enge vun den Zwillingen. Ass et vum „Kifferfiels“ gefall? War et vläicht Selbstmord?

„Am Éislek hu s’et net esou matt normal“, seet eng vun de Figuren, an di ganz Serie geet drëm, wéi déi eng d’Enquête verbocken an déi aner alles maachen, fir se ze behënneren. „All Mënsch litt an deem Duerf hei, souguer d’Flicken“, stellt de Capitani no kuerzer Zäit scho fest. An den Thierry ­Faber beschreift effektiv eng Gesellschaft, an där kee ganz riicht ass: de Paschtouer, zu deem d’Mamm sech dréit, fir Trouscht ze fannen, ass nawell zimlech hannerfotzeg, besonnesch mam Usch, dem „gudde Jong“ aus dem Duerf (geniale Luc Feit). De Buergermeeschter stécht mam Schouldirekter ënner enger Decken an esou munneche Manipulatiounen. An de Mick an d’Nadine sollen zwar getrennt sinn, mä esou ganz sécher ass dat och net. Schwéiermamme kënnen hir Schnaueren net leiden, de Bäcker beschäisst d’Buttiksfra bei de Clienten, an d’Police ass och net di Hellsten (den ënnerbeliichte „Brigadier Mores“, gespillt vum Joe Dennewald, ass immens). Glécklecherweis gëtt et do awer nach d’Elsa Ley (Sophie Mousel, eng vun de Revelatioune vu Capitani), eng jonk Polizistin aus dem Duerf, déi de Capitani kuerzerhand als Assistentin requisitionnéiert: si ass gewiift a kennt eben all Mënsch.

Hire Sproch „hei kennt all Mënsch all Mënsch“ ass vläicht dee bessere Slogan fir Capitani: Et ass eng Zérie, déi och eppes iwwer Lëtzebuerg seet. Et geet ëm d’Promiscuitéit an Iwwerwaachung an enger Mikrosociétéit. Iwwerwaachung, déi et schonn ëmmer hei guff: ir se iwwer Kameraen a sozial Netz­wierker gelaf ass, hunn d’Leit sech um Duerf een deem aneren an d’Kachdëppe gekuckt. Et geet ëm d’Jugend an hiren Drang, auszebriechen, an et geet ëm freckte Familljen. Jiddereen am Capitani huet e Sprong a senger Liewesgeschicht, e Rass iergendzwousch, och wann d’Famillje rekomposéiert sinn. D’Leit verbréngen hiert Liewe mat Stoppjes.

Eng Zerie ze dréinen, heescht séier sinn a vill Stonne mat bescheidenem Budget dréinen. Matt manner Budget1 wéi fir e Long-Métrage huet dës Équipe (déi op Basis vun engem Appel à idées vum Film Fong, deen 2015 lancéiert gi war, erausgesicht guff) dräi Stonnen a 60 Dréideeg realiséiert. Esou eng liicht Form erlaabt et och, Saachen ze probéieren, wéi de Christophe Wagner e Mëttwoch sot: verschidden Astellungen, oder an der Kompositioun vum Bild Spuere fir spéider anzebauen.

De grousse Succès vu Capitani ass allerdéngs de Casting, wou all Schauspiller wéi d’Fauscht op d’A op seng Roll passt. De Luc Schiltz huet déi gewëssen Trauregkeet, déi intrigéiert. D’Claude De Demo als Mamm vum Jenny ass immens, well et, trotz der schwéierer Roll, der grousser Trauer, net an de Pathos rutscht (et ass fir d’éischt, wou een et zu Lëtzebuerg gesäit spillen, soss ass et zu Frankfurt am Ensemble, an elo gläich zu Berlin). Just de Luc Feit kann e Geck esou spillen ouni en an d’Lächerlecht ze zéien. De Jules Werner setzt op séng Verschlossenheet, wéi eng Festung, an d’Sophie Mousel iwwerzeegt mat där kannereger Begeeschterung fir deen neie berufflechen Défi.

Capitani beschreift eng komesch Lëtzebuerger Gesellschaft, déi méi allegoresch wéi dokumentaresch ass: e Land, dat zwar probéiert, modern ze sinn, mä nett wierklech matkënnt: Zu Mënscht schwätze se all Lëtzebuergesch, wéi wann et keng Frontalieren oder Immigrante ­géing ginn. De Lëtzebuerger Kino huet jorzéngtelaang probéiert, universell ze sinn, andeem e seng Filmer zu Paräis oder soss anzwousch ugeluecht huet. Et ass bemierkenswäert, dass en elo zu sengem „think local“ steet. Vläicht ass dat eng Chance, eemol eenzegaartech ze ginn. An dofer universell.

Rectificatif: Ett sinn 12 Episode vun am ganzen sechs Stonne Contenu.

1 Budget: 2,6 Milliounen Euro, dovunner 2,1 Millioune vum Film Fund, 300 000 Euro vun RTL, an de Rescht vu Samsa an Artemis (B).

Capitani, réaliseiert vum Christophe Wagner, Iddi a Konzept: Thierry Faber, déi och mam Eric Lamhène d’Dréibuch geschriwwen hunn; Produktioun: Claude Waringo fir Samsa Film, mam Luc Schiltz, Sophie Mousel, Jules Werner, Claude De Demo, Jill Devresse, Konstantin Rommelfangen, Brigitte Urhausen a. A. Diffusiou vum 1. Oktober un op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL.lu, a mat franséischen an engleschen Ënnertitelen op 5 Minutes an op RTL Today.

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land