Zoom op d’Sprooch

Luxogramm – Nominal

d'Lëtzebuerger Land du 19.02.2016

An de fréien 2000-er Joeren ass zu Lëtzebuerg eng grouss Begeeschterung fir „Verbesammlungen“ opkomm. Net datt domat op eng Kéier en neie Besoin entstane wier – linguistesch an didaktesch brauch eng Sprooch deeër praktesch Noschlowierker, fir ze wuessen a souzesoe sech senger selwer bewosst ze ginn. Déi elektronesch Fortschrëtter hunn einfach vun den 1980-er Joeren un, Kompilatioune vun deeër Zort erméiglecht1.

Esou ass tëschen 2000 an 2005 dem lëtzebuergeschen Ministère de l’Éducation e franséische Modell virgeschwieft, wéi zum Beispill dat bekannt däitscht Verbebuch Béscherelle aus dem Paräiser Verlag Hatier. An dat jonkt „lëtzeburgistescht“ Fuerschungsinstitut vun der Uni huet selbstverständlech och ënner den éischte vu senge subventionéierte Rechercheprogrammer de Luxogramm – Informationssystem zur Grammatik des Luxemburgischen (2008-2010) realiséiert.

Elo ass et awer dach verwonnerlech, datt zënterhier keen Informatiounssystem iwwer zum Beispill d’Substantiven (d’Nomina) entwéckelt gouf. Sécher huet eis Grammaire och vum Opschwonk vun eiser Sprooch profitéiert, mee dem Nominalgrupp gouf am grousse Ganzen net déiselwecht Opmierksamkeet geschenkt wéi dem Verbalgrupp. Dräi Aspekter vum Informatiounssystem iwwer d’Nomina an d’Nominalstrukture misste menger Meenung no ervirgehuewe ginn.

Fir d’éischt wier et néideg, all déi Elementer ze rezenséieren, déi eppes mat der grammatescher Morphemik (dat heescht mat de grammatesche Formativen an Indizien) vun de Substantiven (oder besser vun deene méi breeden Nominalgruppen2) ze dinn hunn. Ob et elo ëm lautlech (phonetesch/phonologesch) oder orthographesch Partikulari-téite geet3 – se mussen all mol detailléiert, klas­séiert a regruppéiert ginn.

Sou zum Beispill vrun allem: 1) d’Vokalwiessel, wéi Singular à Plural: Bam à Beem, Rack à Räck, Rass à Rëss, mat oder ouni Ännerung vun der Vokalquantitéit: Sak (laang) à Säck (kuerz), mee Krop (laang) à Kreep (laang), Bock (kuerz)à Béck (kuerz); 2) dobäi kéim dann nach den Iwwergank vu Vokalen op Duebellauter a vun Duebellauter op anerer, zum Beispill Pad à Pied, Drot à Dréit, Maus à Mais, Tour à Tir, Club à Clibb, Bauch à Bäich, Flou à Fléi, Fuedem à Fiedem, a sou weider, mat eventuell och 3) aner Lautännerungen, besonnesch Sequenzereduktiounen (Band à Bänner, Frënd à Frënn, Bild à Biller, Steen à Steng) oder -augmentatiounen (zum Beispill Vokalverdueblung: den Otem, mee d’Ootmen).

Dozou kéimen dann nach d’Auslautverhäertungen (w à f, d à t, ss à, ds à ts, a sou weider) a selbstverständlech 4) all Kasus- a Pluralmorphemer, déi als Marker un der Sequenz vum Nominalgrupp (Determinantien/Artikelen + Adjektiv-Epithèten) erscheine kënnen. Héchstwarscheinlech musse bei dëse Klassifikatioune méi Subdivisioune virgesi gi wéi am Luxogramm vun de Verben.

Vill méi komplizéiert wier dann och d’Opstellung vun de Nominallëschten a Basisse selwer. Mindestens missten déi einfach Nominalbasissen, d’Nominalisatiounen, d’Derivatiounen (mat den Affixen) an de Komposéen (mat de Fügungselementer) ënnerscheet ginn. D’Schwiregkeet vun dëse Kategorië besteet awer doran, datt se fléissend sinn. Rad/Rieder (Neutrum; -er) ass bestëmmt eng einfach Nominalbasis (en einfache Substantiv), während Millerad/Millerieder (Neutrum; -er) en determinative Komposé (ouni Fügungselement) ass.

Mee wat ass de Nominalgrupp e Rot a Phraseme wéi bei engem ëm e Rot froen oder engem e Rot ginn? Wahrscheinlech hu mer et hei mat enger Basis Rot ze dinn, déi vum Genus maskulin ass, mee am Plural mat Rotschléi konkurréiert: bei engem ëm Rotschléi froen/engem Rotschléi ginn. Sengersäits gëtt et awer och d’Form Gemengerot/Gemengeréit (als Kollektiv), déi a ville Kontexter an deem Sënn och mam franséischen zielbaren Doublet Gemengeconseiller/ -konselljee/ -konzelljee ersat ka ginn.

An de Wierderlëschte gëtt d’Kategoriséiere vun deene verschiddene Nominalbasissen also séier problematesch. D’Kritären heefe sech mat de méig-leche Bedeitungsoppositioune vun de Katego-rien. Ausser den einfachen Nominalbasisse gëllt et, déi lexikalesch Formative vun den Derivatiounen (mat Partikeln, Präfixen, Infixen [= Fügungselementer] a Suffixen) opzelëschten.

Bleiwen dann nach fir d’Nominalbasisse vun eiser Sprooch zwou Besonnerheeten: 1) déi vill däitsch a franséisch Doubleten fir vergläichbar Denotatiounen (Bedeitungen a Bezeechnungen: d’Wiel/d’Wahlen/de Choix; d’Aféierung/d’Introductioun/d’Insertioun /d’Integratioun; ee Besuch/eng Visitt); 2) déi quasi illimitéiert Lëscht vun Derivaten a Komposéen, déi eis Sprooch, sief et an däitschen oder franséische Strukturen (Treffen/Meeting/Rendez-vous) erméiglecht. Géif een déi lexikalesch Nominallëschten zum Beispill mam LWB (1950-1977) zesummestellen oder mat deene méi rezenten Daten aus dem LOD, da kéim ee selbstverständlech zu ganz verschiddene Resultater. D’Varietéit, de Räich­tum vum „nominale Wuertschatz“ ass am LWB vill méi breet ausgeschafft wéi am LOD, deen op déi meescht Doublete verzicht, an d’Elementer vun der Sprooch quantitativ aschränkt.

1 Handzesummegestallte Verbesammlungen (aus dem LWB) hunn ech schonns an de 70er Joere a menger Thèse d’État verwäert (zum Beispill eng Lëscht vun iwwer 4 000 Verbe mat ielef 11 Prozent Verben op -éieren). Elektronesch Verbesammlunge sinn am Men erauskomm (J. Braun et alii, 2005: Les verbes luxembourgeois. D’Lëtzebuerger Verben). D’Uni Lëtzebuerg huet fir d’Verben de Luxogramm - Informationssystem zur Grammatik des Luxemburgischen (Peter Gilles et alii, 2008-2010) publizéiert. Kuckt och dem Jérôme Lulling seng Verbentabellen op Lëtzebuergesch (Éditions Delarosa, 2014).
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land