D’Gespréich mam Staatsminister, dat den Direkter vum Geheimdéngscht heemlech opgeholl huet

d'Lëtzebuerger Land vom 30.11.2012

Am Fréijor 2008 empfängt de Staatsminister Jean-Claude Juncker den Direkter vum Service de Ren­seignement, Marco Mille, a sengem Bureau. De Service krut vun engem Geschäftsmann, mat deem en enk Relatiounen huet, eng kryptéiert CD, op där e Gespréich tëscht dem Grand-Duc an dem Staatsminister soll sinn.

[…]

M.: Mä weess de, déi ganz Geschicht... Ech weess net, vu wou et kënnt. Dat do ka vun, vun... Also, wann s de Brainstorming méchs, dat kann aus där ganzer Bommeleeër-Enquêtes-Logik do eraus kommen. Dat ka vun der Pressesäit kommen, déi jo richteg gäil drop sinn, do iergendeppes ze fannen. An där Logik géif et sech erklären, firwat se, esouguer wann näischt drop wär, firwat se de Geheimdéngscht  wëllen aus der Reserve lackelen. Weess de, wa se soen: Mir hunn hei eppes, do ass de Beweis drop, datt de Grand-Duc de Bommeleeër ass, an da géif de Geheimdéngscht sech op eemol aktivéieren, fir dat ze récupéréieren. Da kéint e se dat esou dohi stellen, wéi wa mir wëlle verhënneren... an esou weider, hein? Et ass eis natierlech net esou ugedro ginn. Mä du kanns et dann an der Press esou dohistellen. A wann et bis esou dohi gestallt ass, ma dat weess du besser wéi ech, da bass du an der Defensiv. Et kann awer och sinn, datt et eng Provokatioun ass vun där Enquête-Groupe Bommeleeër do, well wat ech vun där Groupe halen, dat weess du och. Et ka sinn, datt et aus dem Palais kënnt. Och dat ass eng theoretesch Méiglechkeet. Mir wëssen, dat hu mer der jo gesot, an am leschte Briefing schon, mir wësse sécher, datt den Haff sech wollt Interceptiounsmaterial zouleeën. Si hunn do ronderëm gefrot, do, wou se gefrot hunn, hu s’et net kritt. Wou mir wëssen. Mä vläicht hu se anerwäerts eppes kritt. Dat ass eng Informatioun. Eng zweet Informatioun...

J.: Vu weem am Palais?

M.: De Palais. Also ween... Grand-Duc selwer oder Hofmarschall. Mä ween? Also wahrscheinlech,  éischter..., mee ween, ween et schlussendlech gefrot huet, kann ech der net soen. Ech weess et net. Ech weess et net. Mä aus dem Palais koum déi Ufro ganz kloer. An dann ass déi Sécherheets­équipe am Palais. Vun där weess ech och net, wat ech soll halen.

J.: Jooo.

M.: Do ass déi ganz Geschicht mat deem anonymen Uruff do, an esou weider. Do si Rancunen. Do ass och theoretesch e Potenzial. An dann du, du hues och net nëmme Frënn.

J.: Neen, dat ass mer kloer.

M.: An och hei am Haus, hues du net nëmme Frënn. Dat weess du erëm besser ewéi ech. Do si lauter Leit, déi theoretesch hei a Fro kommen. An esou laang s de net den Ufank vun deem roude Fuedem do an der Hand häls, do réits de, do bass de blann.

J.: Mä mam Grand-Duc do schwätzen ech kaum eppes, wat schiedlech ka sinn. Ech passen op, wat ech zu him soen, fir en net nervös ze maachen. Wa se natierlech hei oflauschteren, do kënnt villes zesummen, hei am Büro.

M.: Jo dat ass...

J.: ... an där Bommeleeër-Geschicht do, do hunn ech eigentlech och keng Gespréicher gefouert, déi extrem spannend wieren. A vu, datt kee mer ka soen, wat dat genau ass, déi eng Piste do am Gespréich...

[…]

M.: Een aner Punkt, wat ech virdru nach wollt soen, mam Haff: Mir hunn och glaubwürdeg Rapporten, déi eis soen, dass den Haff an de Grand-Duc selwer Kontakt hält, ënnerhält, stänneg mam engleschen Dingscht.

J.: Weess en, datt dee vum engleschen Déngscht ass?

M.: Ech ginn en net froen. Ech huelen un, datt en dat weess. Ech huelen un, datt e sech briefe léisst. De Grand-Duc, si hu gutt Beziehungen an England. Si hunn all hir Ausbildung do gemaach an esou weider.

J.: Kann dat net domat ze dinn hunn mat dem Prënz [Guillaume] senger Geschicht?

M.: Vläicht vun do aus un. Ma ech wor jo do mat am Palais. Also während där Reunioun ass gesot ginn. Ma et ass natierlech gutt méiglech, dass virdrun an dono d’Englänner hien nach eng Kéier kontaktéiert hunn. An och dat, dat wier guer net esou aus der Welt ze schafen, déi Iddi, dass de sees, dass si hien ënnerstëtzen. Wa mir elo wëssen, op där enger Säit, dass si déi Méiglechkeet gesicht hunn, technesch, fir hir eegen Appeller ze interceptéieren, an op där aner Säit gi mer dovun aus, dass do eppes dru wier. Déi ­kréie vun den Englänner ouni Weideres alles, wat se brauchen. Elo sinn d’Englänner déi, u sech, déi an Jugoslawien de ganze Sécherheetsapparat do kontrolléieren. Déi Technik, déi do benotzt ginn ass, déi Apparater, déi do benotzt gi sinn, déi Kryptovox, wou mer gesot kritt hunn. Mir hunn och probéiert, dat ze retracéieren, dat geet zréck op Jugoslawien, dat ass do benotzt ginn. Also et kënnt duerchaus sinn. A wa mer déi do Hypothes spannen, an ech soen nach eng Kéier ganz kloer, dat ass reng hypothetesch an et ass farfelu, mä for argument’s sake, hätte se domatter eng Technologie, wou se dovunner hätten ausgoe kënnen, d’Englänner, dass d’Operateuren hei, déi déi deen CD eraleeën, näischt domatter ufänke kann, well s’en net dechiffréiert kréien. Well fir d’Englänner ass et wahrscheinlech och net oninterssant, wann s du esou mat denge Leit hei schwätzt an esou weider.

[…]

J.: Wann et ëm de Bommeleeër geet, hunn ech mat kengem dramatesch Gespréicher gefouert. A kengem Gespréich iergendwou Unhaltspunkter geliwwert kritt, et kann dat oder dat sinn. Dat eenzeg wat ech hat, dat war mat dir, wéi s du do deng Theorie entwéckelt hues mat deem...

M.: ...Stay behind-Réseau [Geheimagenten am Kale Krich] ...

J.: WACL [World Anti-Communist League], Gladio [Stay behind an Italien] an alles. Soss hunn ech, ech hat de Procureur hei, ech hunn näischt kritt. Ech hunn och mam Grand-Duc...

M.: Elo kënnt dann de Rapport eraus, an e puer Wochen.

J.: Vu weem?

M.: Ma vun där Bommeleeër-Équipe anscheinend. Ech hat haut eng Reunioun mam HCPN [Haut commissariat pour la protection nationale] a mat dem Generaldirekter vun der Police, mir hunn deenen zwee e Briefing ginn iwwer den Terrorismus zu Lëtzebuerg. Du soten dat zum Schluss. Du sot all Mënsch: A wee war et dann? Si mir et? E weess net, wat dran ass. Nee, mä ok., déi Theorie... Weess dee, de Punkt ass, ech ginn ongär eppes un en aneren Déngscht, an ech weess net, wat ech deene ginn. Domat maachen ech och erëm vläicht de Bock zum Gäertner. Wann ech den Englänner dat do ginn, si hunn, weess de... an deen Job, hei ass dat do ëmmer eng Lotterie. Mir schaffen emol selwer drun, kucken, ob mer eppes erreechen. Mir kënnen dat do ëmmer nach maachen. Mir sinn, déi ganz Operatioun dauert elo 15 Méint, et kënnt och net op dräi Méint méi un. Mä wat fir mech ganz wichteg ass a ganz sérieux ass, ass datt eventuell hei een amgaang ass, eise Staatschef oder eise Regierungschef mat esou Moyenen ze schiedegen. Dat ass net akzeptabel.

[…]

J.: War deen Tipp da scho virdrun opgefall?

M.: Deen... Wat heescht opgef... Och dat ass eng ... Ech hunn der schon gesot, dass ...

J.: Wéi heescht en iwwerhaapt?

M.: M.

J.: M.

M.: M., L. M.. Den Zerwiss de Renseignement huet eng laang Geschicht. Awer en huet ...

J.: ...keng Mémoire.

M.: ... keng dokumentéiert Mémoire. Ech hu quasi esou eng Black Box iwwerholl. Am Archiv ass ­näischt. Wat mir wëssen – wëssen, wëssen...Mir, et schéngt... et gesäit esou aus, wéi wann den, wéi wa Leit vum Geheimdéngscht fréier beim M. Wanzen illegal bestallt hätten a sech beschaafft hätten an och d’Police. Dat war awer – mir schwätzen do vun, bon, achtzeger Joeren... Ëm... Punkt. Punkt Informatioun. Aner Informatioun, déi mer hunn, awer och um Niveau Rumeure: déi Wanz oder Wanzen, vun deene Wanzen sollen da benotzt gi sinn, fir dem deemolegen Direkter säi Bureau ofzelauschteren. Dat war déi Zäit, wéi de Charel Hoffmann mam Personal déi ganz Streidereien do hat, wou se am Fong den Hoffmann wollte kompromet­téieren. Dat sinn Informatiounen, déi kréien ech haut, déi sinn esou, weess de, an de Couloiren dorëmmer.

J.: Jo, jo.

M.: Ech soen net, datt déi Informatiounen do aus der Loft gegraff sinn. Do kann eppes dru sinn, ma ech kann näischt dovunner beleeën. Ech hunn ee bei mer schaffen, dee kennt dee M. do ganz gutt. An dat ass een Tipp, dee gehéiert net onbedéngt zu mengen intimste Frënn.

J.: Jo, jo.

M.: Et ass e loyale Mataarbechter, dee mécht seng Aarbecht korrekt, déi s d’em opdréis, mä et kennt awer de M. schon zënter laangem. Dat sinn esou Saachen: de M. weess e Bëssen, e gesäit e Bëssen an den Zerwiss eran. Do gëtt et och wuel e gemeinsame Passé, deen hie kennt an ech net.

[…]

J.: Jo, mä si kënne mat deene Gespréicher iwwert de Bommeleeër, déi ech mam Grand-Duc gefouert hunn, weder géint mech nach géint de Grand-Duc eppes ënnerhuelen.

M.: Neen, de Fait, datt ofgelauschtert gëtt...

J.: Jojojo.

M.: ... dat geet géint dech oder géint de Grand-Duc. A wann e géint de Grand-Duc geet, kann et aus x verschiddene Lagere kommen. Wann et ­géint dech geet, kann et aus anere Lagere kommen.

J.: Jojojo.

M.: Dat kann aus denger eegener Partei kommen, dat kann aus dengem Haus kommen, dat kann alles Méigleches sinn. An dofir si mir gär, kanns de verstoen...

J.: Mä aus mengem Haus kënnt ee jo net am Palais oflauschteren. Dat geet jo net.

M.: Neen, eben. Dofir ass et wichteg ze wëssen, hei oder do. No deem, wat s de sees, ass et wahrscheinlech do.

J.: Jo, jo. Souwisou, wann een de Grand-Duc besser héiert wéi mech, dann ass et souwisou do.

M.: Mä alles, wat mer elo do maachen, musse mer, musse mer ganz virsiichteg maachen. Mir mussen eis emol ukucken, ween huet déi Zäit am Palais geschafft, et muss jo ee sinn, deen do Accès gehat huet. Mä och dat, do ass eng relativ héich Fluktuatioun zur Zäit...

J.: Dee Flic, deen do am Palais ugeruff hat, et ass jo evident, datt dat esou ass. Och wann de Vull elo d’Beweismaterial annuléiert. Kennt deen de M.?

M.: Doudsécher.

J.: Hm?

M.: Doudsécher. Ëm... wéi ech mam K. a mam S. hei war bei dir, do si mer hei erausgaang. De K. war immens opgereegt, an... hie betrëfft dat perséinlech déim ganz Affär mam M., dat ass e Frënd. Dunn hu mer gesot domo: Ok., e war frou, dass en dat... dat huet hie belaascht. E seet, dat ass eise Chef, weess de, mir enquêtéieren hei, e weess net Bescheed. En ass en immens loyale Kärel, e war richteg frou, dass en dat lass war. E sot, elo gi mer een huelen. Do si mer hei visavi vum Palais, neen niewent dem Palais, do ass zwee, dräi Caféen. Do si mer an ee Café een huele gaang. Dohi gesat. Zwou Minutten no eis, wee kënnt eran? Dee Flic. Zoufall oder net? An den A. kennt deen erëm. Dat si jo Polizisten allen zwee, dee kennt. En ass era komm, Zoufall oder net Zoufall. Dat sinn alles esou Geschichten. Wann s de bis paranoïd gëss, dann héiert et néierens méi op, hein?

J.: Do froen ech mech och, wat geschitt ass. Well deen huet do ugeruff.

M.: Op weem seng Initiativ?

J.: Wahrscheinlech op seng eegen. Well e wollt menger Ansicht no, déi Securitéits-Équipe am Palais hunn, an d’Hierarchie vun der Polizei schaarf dogéint war, ass. Déi hätte gär allméiglecht Material gehat oder ech weess net wat oder Leit, an dunn huet en einfach eng Menace erfonnt.

M.: Et kann och déi sinn, déi gären d’Interceptiounsmaterial gehat hätten. Dat ka sinn.

J.: Jo, jo.

M.: Mä ech weess, datt do d’Polizeidirektioun dogéint war, fir déi Équipe do ze loossen an där Form. Si si jo och relativ onkontrolléiert, wéi se do sinn. Et ass e Bëssen esou eng eege Privatar­méi, déi ass jo net kontrolléiert, déi maache, wat se wëllen. Dofir, an do, weess de, mir kënnten ufänken s’enquêtéieren, mä dat, weess de, dat ass äusserst heikel. Dat si Polizisten an et ass de Palais. Dat ass äusserst heikel. An dann huet d’Police, dat muss ech hinne vläicht virwäerfen, si hunn esou eng, mä dat huet wuel all Verwaltung gemaach, si maachen et ëmmer nach, esou eng Politik, wann s de esou een op de Palais schécks, schécks de net däi Beschten. An do mat deem do Resultat. Wann s de lauter där faul Äppel do sëtzen hues, da kënnt keng gutt Zalot dobäi eraus. Grad do, dat war ­vläicht gutt mat deenen ale Grand-Ducs, déi haten eng aner Approche zu hirer Funktioun. Mat där neier Generatioun do ass dat e Bëssen anescht. Do wier vläicht e Bësse méi

J.: Si hunn [Kaméidi] e Statussymbol.

M.: Jo de Problem ass, datt esouwuel de Palais, wéi och d’Équipe, déi do ass, déi hunn en Intérêt drun, datt et weider geet.

J.: Jojojo.

M.: Déi Flicen, déi do um Palais sinn, déi si jo fein eraus.

J.: Jojojo

M.: Et ass d’ailleur d’selwecht wéi déi, déi bei mir sinn.

J.: Jo.

M.: Ech hunn der bei mir, déi sinn zënter Joer an Dag do, zënter 20 Joer, déi kréien eng schéi Prime, deene géing et am Dram net afalen, fortzegoen. An ech hätt léiwer e System, wou se esou...

J.: ... rotéieren...

M.: ...fënnef Joer bleiwen an dann... Mä op alle Fall, just, datt s de weess, och firwat ech net kommen mat enger Demande fir d’Interceptioun. Mir hunn déi direkt erëm ofgeschalt hunn. Mir schaffen op der CD. Och do... Mir mech ass et ganz wichteg, dass du verstees, dass mir loyal hei schaffen.

J.: Jojojo.

M.: Net dass... Well mir sinn, wéi ech gesot hunn: Mir si ganz vulnérabel visavi vu Leit, déi soen, de Geheimdéngscht mécht hei oder do, si schaffen op de Premier, op de Palais, op Gott weess ween. Dat ass fir eis wichteg.

J.: Déi sougenannte politesch Spionage, déi maache mer jo souwisou net méi. Ma déi ass awer massiv gemaach ginn an der Zäit. Ech hunn do en alen Dossier fonnt vum Här [Pierre] Werner, do waren esou Rapporten dra vum Sécherheetsdéngscht, vu Versammlungen, vu Parteien, vu Kommunisten oder vu Studentenm......

M.: D’Kommunistesch Partei, jo an der Zäit, virun nonzeg, also am Kale Krich nach. Do ass effektiv d’Kommunistesch Partei, mä bon, do war de Geheimdéngscht, dat war seng eenzeg Clientèle, dat war d’russesch Ambassad, d’Kommunistesch Partei, am Ufank déi Gréng...

J.: Awer ouni Ursaach, fann ech.

M.: Jo, mä dann, aus heiteger Siicht, mat denger philosophescher Astellung – wat jo och meng ass – mä...

J.: Et gëtt jo keng Ursaach, fir déi Gréng...

M.: Mä wann s de awer kucks, wéi deemools d’Leit geduet hunn, wéi eng Leit do souzen. Da bass de nees beim WACL anesouweider.

J.: Jo, jo.

M.: Do war jo alles, wat net stramm konservativ war, war staatsgefährdent. Neen där do also, där do Dossieren, där gëtt et. Ech hunn zu de Leit gesot, wéi ech Direkter gi sinn, si sollen emol ganz Archiver mëschten an alles erausgeheien, wat do dra wär. Mir hunn 300 000 Karteikaarten am Keller leien. Dunn hunn ech gesot: Ok., elo huelt der d’Lëscht vun all deene Leit, déi gewielte Mandatsträger sinn, a kuckt, ob déi dra sinn. A wa se dra sinn, geheit der se eraus. Alles zerstéiert, well, wéi gesot, d’Gréng Partei, och d’Kommunistesch Partei ass fir mech en net onnëtzlechen Deel vun der politescher Meinungsvielfalt.

[…]

© 2023 d’Lëtzebuerger Land