Zoom op d’Sprooch

Infinitiv(grupp) mat oder ouni „ze“

d'Lëtzebuerger Land vom 07.12.2018

Heiansdo ginn an de Klassenzëmmeren an de Sproocherubrike Päckelcher vu Froen iwwer déiselwecht Elementer an Aspekter vun eiser Sprooch gestallt. Sou zum Beispill a leschter Zäit iwwer déi lexikalesch Variante vum sougenannte Schnësse-Programm oder am Infodesk vun der Uni iwwer de Gebrauch vum Infinitiv mat fir ze als „Nominalform vum Verb“. D’Definitioun „Nominalform vum Verb“ fir den Infinitiv ass jo net falsch1, mee d’Perspektiv ass bestëmmt ënnerschiddlech, jee no der Syntax, déi an der Analys applizéiert gëtt: déi traditionell Wuertaarten-Syntax oder eng méi rezent Phrasen- oder Gruppegrammaire.

D’Infinitivform besteet aus der Perspektiv vum Signifikant (Bedeutungsträger) op d’mannst aus dem Marker -en/-n/-nn als Endung vun engem lexikaleschen Deel, deen ëmmer e Verb ass: lies-en, do[e]-n, gi-nn. Dëse lexikaleschen Deel kann och a senger Form a Bedeitung komplex sinn. All Owend e puer Säite lies-en; all Owend lies-en; e puer Säite lies-en sinn dräi „Predikater“, déi jeeweils eng selwecht Basis (liesen) als Kär hunn, an déi eventuell mat engem thematesche Sujet eng „logesch Propositioun“ bilden: de Schüler (NG Subjekt) // all Owend e puer Säite lies- (Predikat) -en.

Déi infinit Endung -en vum Infinitiv gëtt am aktualiséierte Verbalgrupp NG+Predikat duerch déi finit vun der Persoun (3.) – Numerus (Sg.) ersat: (datt) de Schüler all Owend e puer Säite lies-t. Dës Zort vun Infinitivgrupp, deen also aus engem (einfachen oder komplexen) Predikat mat oder ouni Memberen plus enger Endung -en/-n/-nn besteet, huet net déiselwecht Struktur wéi zum Beispill d’Konstruktioun GN (Akkusativ)+Infinitiv: Ech hunn hie jäizen héieren. Et huet mech gefreet, si ze gesinn. Well an där ass de GN am Akkusativ och logesche Subjekt am Infinitivsaz („proposition infinitive“): ech hunn hien héieren: e jäizt / en huet gejaut!

Déi éischt Zort vun Infinitivgrupp fënnt een a verschidde Funktiounen, zum Beispill als Ausso (Interrogativ): Firwat net zesumme reesen?; (Injunktiv): Opstoen, w.e.g.; als Member an engem VG (Subjekt): Et ass net gutt mat deem Kärel Kiischten iessen; (Predikativ): dat Bescht ass, hei ze schlofen; (Objekt): D’Kënnche ka scho goen; als Member an engem anere Grupp: NG (d’Angscht [fir] de Leit d’Wourecht an d’Gesiicht ze soen: Inhaltssaz: complétive); PrepG (Ech denken net drun, [fir] de Plang matzehuelen: Inhaltssaz complétive) AdjG (Ech war frou, [fir] hatt ze gesinn).

Intressant sinn déi Infinitivgruppen, déi mat „ze“ als Member an en anere Grupp ageschachtelt si mat fir ze, ouni ze oder (am)plaz ze. Déi am Infodesk vun der Uni gestallte Fro betrëfft grad den Infinitiv mat fir ze a Beispiller wéi: Ech hu keng Zäit, fir all Dag Sport ze maachen an Ech hu keng Zäit, all Dag Sport ze maachen. D’Fro ass: Wéini ass „fir“ bei „fir ze“ fakultativ?

Dem Caroline Döhmer seng Äntwert mécht Sënn, dofir léinen ech mir bei hir och e puer Beispiller aus: fir ass eng Prepositioun oder Subjunktioun; fir all Dag Sport ze maachen ass also an enger Gruppegrammaire e Prepositionalgrupp mat engem Final(Zil- oder Zweck-)-Komplement. Ech ginn dir e Bic fir ze molen: Fir dréckt den Zweck (oder och de Grond) aus; ze dogéint ass nëmmen e Marker vum Infinitiv-Komplement. Dat ass aus semantescher Hisiicht dann och esou bei der Basis vum Konjunktionalgrupp fir datt + VG: Ech ginn dir e Bic, fir ze molen. Am Normalfall ass d’Konstruktioun mat fir ze nëmme méiglech bei selwechtem Subjekt. Ech ginn dir e Bic, fir datt s de mole kanns (Zweck). Oder ganz allgemeng: de Bic ass fir ze molen! De Final-Präpositionalgrupp fir ze ass da Member am NG Bic.

Bei vereenzelte Konstruktioune kann een also einfach ze + Infinitiv(grupp) oder fir ze + Infinitiv(grupp) benotzen, wéi am Beispill: Ech hunn näischt méi (fir) z’iessen am Haus, mee ech hunn och keng Zäit, (fir) akafen ze goen. Fir ze + Inf ass de Final-Präpositionalgrupp, fir datt + VG ass de Konjunktionalgrupp. Meeschtens sinn déi zwou Optiounen nëmme méiglech bei Ausdréck wéi Zäit [fir] ze, eppes/näischt [fir] ze a bei Verben, Substantiver, Adjektiver mat engem Inhaltssaz (proposition complétive; cf. uewen § 3: d’Angscht, drun denken, frou sinn; kee Mënsch krut si iwwerriet, [fir] erof an de Restaurant ze goen). Méi einfach ass de Gebrauch vun ouni ze + Inf. an (am)plaz ze (+ Inf), déi och eng dräifach syntaktesch Uschlossméiglechkeet zouloossen, awer keng duebel Optiounen: fir ze molen, fir datt s de mole kanns, Zäit fir Kaffi (ze drénken); ouni weiderzedenken, ouni datt e géif zécken, ouni missen ze zécken; amplaz z’ënnerschreiwen.

Den ze/z’ ass eng weider Schwiregkeet beim Gebrauch vum Infinitiv(grupp). Wann den Infinitiv(grupp) Member an engem syntaktesche Grupp ass, kritt en als Marker ze oder z’ (zu am Däitschen). Dësen ze/z’ steet virum leschten Infinitiv, oder, wann et e Verb mat enger trennbarer Partikel ass, tëschen der Partikel an dem Rescht vum Infinitiv: Et ass Zäit ze fueren. Et ass Zäit schlofen ze goen/fortzefueren. Vergiess net, deng Frënn unzeruffen.

Keen ze/z’ steet virun den Infinitivformen, déi Konstituent vun zesummegesate Verbforme sinn: Hatt géif/ging gär an d’Stad fueren. Dee Bréif géif eréischt iwwermuer fortgeschéckt ginn.

Och keen ze/z’ ass syntaktesch virgesi virum Infinitiv(grupp), dee vun engem Modalverb kënnen, dierfen/däerfen, missen/mussen, sollen, wëllen, wäerten ofhänkt. Ausname sinn net brauchen a weess: ‘t soll een déi aarm Matbierger net stänneg frustréieren. Du muss däin Zëmmer botzen, mä unzesträiche brauchs du et net. Du brauchs mir net ze schwieren (Dicks). Hie weess dat schonn ze veranstalten.

Den Infinitiv(grupp), dee vu Verben ofhänkt wéi gesinn, héieren, spieren, fillen huet och keen ze/z’: Héiers de de Fliger landen? Spiers de säin Häerz klappen? Eng laang Lëscht vu lexikaleschen Ausdréck, déi aus „Aktiounsaart-Hëllefsverben“ an engem Infinitiv besti, wéi siche fueren, hëllefe kommen, schlofe goen, akafe schécken, fale loossen, stoen/sëtze bleiwen, kenne léieren, oder aner „Phrasemen“ wéi: Si huet vill Kleeder an hirem Schaf hänken a vill Suen op der Bank leien. Deen huet gutt laachen. Dat deet ee katzen. An net ze vergiessen hunn, sinn, kréie, ginn + Inf mat ze: Huet en eppes ze soen? Dat Haus ass ze verkafen? D’ganzt Duerf war do ze glotzen an sech ze wonneren. Et gëtt nach vill ze maachen; a mat fir ze + Inf: ‘t ass nëmme fir ze schmaachen, ‘t ass fir ze baschten, ‘t ass fir geckeg ze ginn.

1 An enger Gruppegrammaire huet de Nominalgrupp véier grammatesch Kategorien (Genus, Numerus, Kasus, [In-]Definitheet), andeems den Infinitiv(grupp) där nëmmen zwou huet (AspektPhas: D’Buch geschwënn drécken -> d’Buch scho gedréckt hunn; Genus Verbi: Aktiv / Passiv: d’Buch drécken -> d’Buch gedréckt gëtt -> d’Buch gedréckt kritt -> d’Buch gedréckt ass). Cf. Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, (Schortgen) 2012, Kapitel 16, § 218. Anerersäits kann den Infinitiv(grupp) och nominaliséiert ginn, da selbstverständlech mat véier Kategorien: Neutrum; meescht Numerus Sg; Kasus; meescht Sg. (nomen actionis – allgemeng Handlung – oder Plural fir zielbar Bezeechnungen: d’Iessen, d’Sendung).

François Schanen
© 2019 d’Lëtzebuerger Land