Spëtzeldengscht

Dat ass nees ofgeschalt ginn an dat ass ni geschitt

d'Lëtzebuerger Land vom 07.12.2012

De Spëtzeldéngscht bespëtzelt säin Informant: Aus dem Gespréich vum Staatsminister Jean-Claude Juncker mam Direkter vum Service de Renseignement Marco Mille, dat deen heemlech opgeholl hat (d’Land, 30.11.12).

M.: Oh, ech ginn Der emol fir d’éischt de Kontext: Mir hunn d’Écoute erëm ofgeschalt, mir hunn direkt e Méinden de Mueren erëm ofgeschalt. Mir hu gesot, mir hunn eng falsch Nummer ugi krut, et war en Iertum. Vergiess et. Ech erklären herno firwat. Mir hunn de Mann selwer nach eng Kéier ugeruff. 40 Minutte laangt Gespréich. Ech hunn dat hei, wann s d’et wëlls lauschteren. Mir hunn e genau erkläre gelooss, mir hunn e Bësse provozéiert. Mir hu gesot, et ass jo näischt drop. Dunn huet en eis gesot: „Ha, ha, natierlech mengt der, et wär näischt drop. Ma dir musst kucken hei an do an do an hei.” An dunn hu mer dat gemaach, wat e gesot huet.

[…]

M.: Mir, nach eng Kéier ganz roueg bei eisem Agent. Dee wor natierlech och op 180, dat kanns de der virstellen, no deenen Evenementer vum Freiden. Mir sinn iewel nach eng Kéier ganz roueg doriwwer gaang. Mir souze ganz laang an d’Nuecht eran am Service. Mir ginn dovunner aus, mëttlerweilen, dass den Tipp eis eng CD ginn huet, wou eppes drop ass. Deen Auto, deen eisen Agent do verfollegt huet – soe mer elo emol, dat war hypothetesch, dat war en dommen Zoufall. En ass ze schnell gefuer. D’Zivilsträif hannendrun, sinn déi em nogefuer, dunn huet dee Gas ginn, du si se grad hannendru bliwwen. Dunn huet hie probéiert, se ofzehänken. Weess de, da kënns de zu esou enger Poursuite. Mir hunn allerdéngs bis elo nach kee Feedback kritt. Et war eng Autosplack drop, d’Police kann déi tracéieren. Et kann awer och sinn, datt d’Verkéierspolice se tracéiert huet a sot: Dat waren déi, komm, dann huet et souwisou kee Sënn. Dat ass och méiglech.

J.: Hat hien d’Nummer och gelies?

M.: Neen, hien hat hier net. Ma si haten awer eis a sinn hannendru gefuer. A soe mer – wa mer dat doten elo emol ausklameren, soe mer, dat war e blöden Zoufall – dann ass de Rescht vun der Erklärung, déi den Tipp ofgeliwwert huet: firwat en zum Beispill doheem war, wéi e sollt zu Paräis sinn – en huet gesot am Telefonsgespréich, mat weem en zu Paräis sollt sinn. Dat ass alles iwwerpréifbar, dat ass alles richteg. Hie war effectif zu Parais, en huet effectif d’Urgence missen zréckkommen an esou weider.

[...]

M.: An dann déi Écoute: Ech hat dech e Freiden Owend gefrot, ob mer dierfen eng Écoute op e maachen. Du hues dat autoriséiert, mir hunn dat och geschallt, mir hunn dat Gespréich mat him gefouert. Dat Gespréich, dat mer mat him gefouert hunn, hu mer interceptéiert op eisem Handy. Mir hunn en Handy benotzt, dee mir fir Testzwecker hunn. Mir hunn domater ugeruff, mir huelen domat op, dat ass eisen Handy, mir interceptéieren eis selwer. No deem Gespréich war villes méi kloer. Also do war am Fong dee Verdacht, dee mer haten, dee ganz staark war virun deem Gespréich, datt hie probéiert hätt, eis an eng Fal ze lackelen, dee war relativéiert. Dorops hunn ech décidéiert, datt mer d’Écoute direkt erëm ofschalten. Well ech hu sérieux Problemer, fir deene Riichter [Kommissioun, déi d’Oflauschteren erlaabt] ze erklären, wat hei esou leeft. Esou war déi ganz Écoute – dat war einfach eng falsch Nummer, déi mer kritt hunn. Mir hu festgestallt, mir hunn dat iwwer de Weekend lafe gelooss, mä do ass jo näischt. Dunn hu mer festgestallt: Dat ass iergendeng Sécherheetsfirma, dat ass Quatsch, falsch Informatiounen. Dat ass nees ofgeschalt ginn an dat ass ni geschitt.

J.: Mir hunn och näischt héieren, déi zwee Deeg, wou mer gelauschtert hunn?

M.: Neen... Och! Mir hunn, mir hunn elo nach en Marge matkritt, dass den Tipp, mat deem mer hei ze dinn hunn, amgaang ass, illegal wuel... et gesäit esou aus, mir hunn awer nëmmen zwee Gespréicher, do kanns de näischt draus maachen. Mä en ass mat enger Thailännerin a Kontakt. En ass do amgaang, Meedercher kommen ze loossen. Vläicht huet en do nach esou e Marché niewelaanscht lafen. Ma dat ass, dat ass net eise Business.

[…]

M.: Gutt, gutt. Ok. Et deet mer Leed, wann ech net besser Nouvellen hunn, mä ... Eng aner Fro, wat ech och wëll wëssen: Wann ech elo zréckkucken, de leschte Freiden den Owend hätt ech vläicht besser gehat, ech hätt gewaart, fir dech unzeruffen, bis ech méi weess. Hues de léiwer, ech ruffen dech éischter un? Well et kann do hei an s do sinn, datt Informatiounen nach net stëmmen, dat ännert nach, an dann...

© 2023 d’Lëtzebuerger Land