Zoom op d’Sprooch

Den als Handwierksgeschir

d'Lëtzebuerger Land du 26.05.2017

Sécher! An eiser Orthographie sinn d’Laut-Schrëft-Eenheeten (d’Phonem-Graphem-Entspriechungen) de Kär vum wichtegste Kapitel, a wann da vum geschriwwenen rieds ass, mussen natierlech déi véier typesch Grondeenheeten ënnerscheet ginn, déi un eng speziell Aussprooch gebonne sinn: 1) de laangen „ee“ = /e:/ (Zeechen, zwee, Eenheet);
2) de kuerze betounten „é“/ = /e/ virun „ch“ [ç], „chs“ [ks], „ck“ [k], „ng“ [ ŋ], „nk“ [ŋk], „x“ [ks] (Bréck, méchs, Béchs); 3) de kuerze betounten „ë“ = /ə/ (Mënsch, Bësch) an 4) dee meescht kuerzen a betounten „ä/e“1= /æ/ respektiv /ε/ (Häll, Fräsch, hell, lescht, Allerhell[e]gen). Schrëftlech kënnen se awer och alle véier (an Ausname wéi Meter, ech, meng, net oder/an onbetounte Silben Aarbecht, kritesch) mam einfachen neutraliséierten „e“ ersat ginn, wéi dat am leschte Zoom gesot gouf (d’Land, 28.04.2017) an an eiser Lëtzebuergesch Grammaire erkläert ass2.

Déi véier phonographesch Eenheeten „ee/é/ë/ä“, mat deem einfachen neutraliséierten „e“ sinn an enger vertikal-paradigmatescher Perspektiv vokalesch Substitutiounseenheeten, déi a lexikalesche Minimalkoppelen eng distinktiv (ënnerscheedend) Oppositiounsfunktioun hu kënnen: zum Beispill keen, kéng, kënnen, keng/Käpp/Kräsi. A véier Spezialfäll gëtt de Buschtaf „e“ dann awer och an enger anerer Hëllefsfunktioun agesat fir syntagmatesch (horizontal) Kuerzsequenzen auszedrécken: 1) als onbetounten Optakts-„e“, deen (e)wechgelooss ka ginn; 2) als Bannen-„e“ vun engem Segment mat , , , , an deem de Schwa elidéiert ka ginn, ouni datt en am Schrëftlechen duerch en Apostroph ersat gëtt; 3) als stommen „e“ muet a Sequenze wéi Madame, Agence, (Partie), (=ü) (Point de vue); 4) als sougenannte Rëtschvokal am Règlement Grand-Ducal vun 1999.

Huele mer fir d’éischt de Fall vum onbetounten (meescht silbéierten3) Optakts-/ə/ (=e) a Wierder wéi (e)lauter, (e)lei, (e)lo, (e)mol, (e)sou, (e)wéi oder an den trennbare Verbpartikelen (e)ran-, (e)raus-, (e)rëm-, (e)riwwer-, (e)rof-, (e)rop- (e)run-, (e)wech-4. Dëse Schwa-/ə/ ouni Trema (well en net betount ass!) kann am Schrëftlechen einfach wechgelooss ginn, wat déi Elementer dann ouni Apostroph op lauter, lei, lo, mol, sou, wéi, ran-, raus-, rëm-, riwwer-, rof-, rop-, run-, wech- reduzéiert. Déi laang Form mat dem Schwa-/ə/ kann als déi „voll ausbuschtawéiert“ an déi am Schrëftleche gebrauchten ugekuckt ginn, och wa bestëmmt aner Perspektive wéi de Realisatiounstempo (Allegro ↔ Lento), d’Silbéierungsfäegkeet vom Konsonant (r, l, m, s, w si geleefeg), d’Rhythmik an d’Prosodie mat am Spill sinn: An du war e wech! [fënnef Silben] vs. An du war en ewech! [sechs Silben].

Eng aner Form vu Schwa-Elisioun, net méi am Optakt, mee bannen am Wuert respektiv an der Finale, schéngt vill méi komplizéiert ze sinn. Se ass an enger Magisteraarbecht vum François Conrad5  ënnersicht ginn. Am grousse Ganze geet et ëm Segmenter mat engem onbetounte Schwa-/ə/ (=e) an der Noperschaft (vir oder no) vun de Sonoranten , , , an dës Schwa-Segmenter komme stänneg an enger Silb vir, déi no der betounter Silb vum Wuert kënnt.

Gëtt een sech, wéi de F. Conrad, mat mëndlechen Tester zefridden6, da si verschidde Fäll z’ënnerscheeden. 1) D’Segment Schwa + Sonorant an der eenzeger Schwa-Silb um Enn; zum Beispill Bauer, Gromper, Segel, Trommel, Hallem, hallef: De Schwa gëtt an deem Fall bal ni elidéiert; cf. zum Beispill den -en vum Infinitiv); 2) D’Segment Schwa + Sonorant kënnt virun engem anere Segment Schwa+ Sonorant vir (dacks a flexéierte Finallen): Den éischte Schwa gëtt dacks (jee nom Realisatiounstempo, no der Lautkombinatioun [cf. houfreg], no der Rhythmik [Daktylus ↔ Trochäus] ewechgelooss: Elt(e)ren, Gromp(e)ren, Seg(e)ler, Ouscht(e)ren, Tromm(e)ler, cf. déi meescht deklinéiert Adjektiver: e mont(e)re /sensib(e)le Kärel, en trau(e)regen Held, hall(e)wen, mee mat waarmem Waasser.

3) D’Elisioun vum Segment mat onbetountem Schwa gëtt kontextuell a verschiddene Lautkombinatioune begënschtegt, wéi Plosiv/Frikativ + /ə/ + Sonorant (int(e)ressanten, ed(e)len Konf(e)renz). Prinzipiell ass den /ə/-Ausfall fakultativ, an der Praxis awer ass de Vokalverloscht (d’Tilgung, d’Synkope) och ënnerschiddlech jee no de Wuertkategorien (cf. Lëtzebuergesch Grammaire § 212, 373, Foussnott 140, 410: rechnen, du rechens, hie rechent, ausgerechent).

De stommen „e“ muet an Transferte wéi Madame, Agence, Caddie, (Partie), (Point de vue); cf. Lëtzebuergesch Grammaire § 411 fir d’Wierder aus dem Franséischen. Prinzipiell heescht et an eiser Orthographie, datt een de Friemwierder déi Schreifweis loosse soll, déi se aus hirer Sprooch matbréngen. Den „e“ muet gëtt also net ausgeschwat an am Lëtzebuergesche bäigehalen7.

Rëtschvokal (mat senger Iwwersetzung voyelle glissante) ass e ganz onglécklechen Ausdrock fir verschidde Sprooch-Phänomener (cf. Règlement Grand-Ducal 1999, 3°; Lëtzebuergesch Grammaire, § 412). Den „e“ ass hei an derselwechter Silb en Deel vun engem Diphthong [iə] ou [uə] (liewen, luewen, léiwen), oder et representéiert an zwou Silben zwee verschidde Phonemer (mat „Hiatus“: Fraen, goen, Hoer, Joer, Suen, Jeeër). Den „e“ ass en Dehnungszeeche vun „ä“, „i“, „o“ oder „u“ virun engem „r“ an engem anere Konsonant: är Leit, mee äert Sonia, e Stär, mee e Päerd, e moert Resultat, e puert Gold, Tuerm, du iers dech (an och de laangen däitschen „ie“ virun „r“: schwiereg, Kierch (keen „ii“ virun „r“!)

1 Am Schrëftlechen huet d’Oppositioun als markéierte Pol den „ä” (kontrastiv-etymologesche Prinzip: Hölle = Häll, Bälle = Bäll) an als net-markéierte Pol den „e” (hell = hell, Belle [Kartespill] = Belle).

2 Cf. Schanen/Zimmer, Schortgen, 2012, § 392-408. D’Wuert neutraliséiert/ Neutralisatoun an mengem leschte Zoom an an der Grammaire (cf. §§ 392, 394-396, 407), ass vun e puer Lieser schlecht verstane ginn. An engem System kënnen net nëmmen déi lautlech Oppositiounszich (zum Beispill kuerz ↔ laang) neutraliséiert ginn, mee och déi schrëftlech „diakritesch“ Zeechen: den „e“ als einfache Buschtaf ouni Accent nach Trema ass an dësem Fall neutraliséiert well en net méi onbedéngt un eng Aussprooch gebonnen ass.
Et ass e Graphem (Schrëftzeechen) ouni festgeluechte Phonem (Laut), deen och, wéi am zweeten Deel vun dësem Zoom, eng aner syntagmatesch Hëllefsfunktioun wéi déi phonologesch Representatioun hu kann. Cf. den Titel an der Grammaire: Chapitre 26, „Trois ‚e’ écrits spéciaux sans phonème“. D’Ënnerscheedung vun A a B am § 410 mécht, datt elo net méi vun dräi, mee vu véier Fäll rieds ass, an deenen den „e” kengem Phonem entsprécht!

3 D’Silbéierung vum Konsonant heescht, datt de Schwa-/ə/ als Silb gebraucht gëtt fir de Konsonant auszeschwätzen: esou fir sou, -er/-el/-en/em fir ,,,.

4 cf ; Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire (Schortgen, 2012), § 410A; Schanen/Lulling: Texte coordonné, 2003 site CPLL 3.1.4.6.

5 „Schwa-Elision und die Wortprosodie des Luxemburgischen“, in: Linguistik Online 80 (1), 2017 https://bop.unibe.ch/linguistik-online/article/view/3564

6 Wat an dësem Fall bestëmmt e Feeler ass. D’Lëtzebuergescht ass net nëmmen eng däitsch Mundart, déi an der Perspektiv vun den eenzege Wuertkategorien ënnersicht misst ginn. Hei wieren e schrëftsproochleche Korpus an eng gruppegrammatesch Analys bestëmmt néideg gewiescht!

7 D’Orthographieskommissioun vum CPLL ënnerscheet dräi Zorte Wierder; a) déi, déi wéi am Däitsche geschriwwe ginn (ouni „e”: Affär, Aktionär, Büro, Menü, Sekretär; b) déi, déi wéi am Franséischen am Singular mat engem „e” muet als zweete Buschtaf vun engem Digramm virkommen: eng Avenue / Avenuen erofgoen, Avenuë botzen (n-Verloscht); c) déi, déi am Singular de franséischen „e” muet hunn oder net, well en net op Lëtzebuergesch ausgeschwat gëtt: An’nex(e), An’tenn(e), Hymn(e), ‘Omlett(e), ‘Terrass(e). D’Applikatioun vum phonographesche Prinzip wier wahrscheinlech méi einfach: Barriär, Karriär, Chancë(n).

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land