Diminutiver

Intelligenz-Bëmmercher

d'Lëtzebuerger Land du 25.11.2010

Ech weess net, ob d’Lëtzebuerger méi Diminutiver op -chen gebrauche wéi hir germanesch Noperen, an deemno vläicht och méi familiär mat hirer Ëmwelt ëmginn. Jiddefalls hëlt an hire Grammairen déi sougenannt Verklengerungsform1 eng relativ grouss Plaz an. Dat läit sécher un der komplexer Formatioun vun dësen Derivéen, kann awer och duerch hire pragmatesche Gebrauch erkläert ginn.

An alle lëtzebuergesche Grammairë gëtt de Suffix -chen ernimmt, deen an der Bildung vun den Diminutiver matspillt. Déi detailléiertst morphologesch Beschreiwung fënnt een am Bertrang senger Grammatik der Areler Mundart vun 1921 (§§ 304-308) an am Bruch sengem Précis vun 1955 (Oplo 1968: § 17,4, S. 52-54), deen iwwregens och d’Resultater vun anere méi wëssenschaftleche Publikatioune mat abezitt2. D’Haaptregel ass, datt de Suffix -chen dem Stamm vum Substantiv ugehaange gëtt an datt de velaren (= donkelen) Stammvokal/-diphthong modifizéiert oder ‚ëmgelautet‘ gëtt: Bild, Bildchen; Fënster, Fënsterchen; ­Päerd, Päerdchen. Mä: ‚a‘ gëtt ‚ä‘ oder ‚ie‘ oder ‚ë‘: Trap, Träpp­chen; Blat, Blietchen; Kand, Këndchen; ‚o‘ gëtt ‚ë‘ oder ‚é/ee‘: Noss, Nësschen; So, Seechen; ‚u‘ gëtt ‚i‘: Hutt, Hittchen; ‚au‘ gëtt ‚ai‘ oder ‚äi‘: Daum, Daimchen; Bauz, Bäizchen; ‚ou‘ gëtt ‚éi‘: Brout, Bréitchen; ‚ue‘ gëtt ‚ie‘: Kuerf, Kierfchen; ‚äin‘ gëtt ‚éng‘: Schwäin, Schwéngchen.

Dës Haaptregel muss awer nach nuancéiert ginn. a) Huet de Substantiv um Enn en -en, da fält en ewech a gëtt ­duerch d’Ofleedungssilb -chen ersat: Dëppen, Dëppchen; Millen, Millchen. b) Huet de Substantiv um Enn e Konsonant, dee wéi ‚k‘, ‚ng‘, ‚sch‘, ‚ch‘ [x] kléngt, da gëtt de Suffix -chen duerch deen zweesilbegen -elchen ersat: Stéck, Stéckelchen; Rack, Räckelchen; Schong, Schéngelchen; Sproch, Spréchelchen; Buch, Bichelchen; Bauch, Bäichelchen; Dësch, Dëschelchen; Aasch, Äeschelchen. c) Kléngt den Ennkonsonant wéi ‚z/tz‘, da sinn déi zwou Variante méiglech: Fatz, Fätz(el)chen; Wutz, Witz(el)chen. d) Regional am Weste vum Areal (Kaart 1: Äpfelchen: Bruch, Précis, 116; Bertrang, 294) gëtt -chen, speziell am Mëschsuffix -elchen/-elcher, gär [tçen] / [tçer] ausgeschwat. Huet de Substantiv en ‚s‘ um Enn, da gëtt -s(el)chen och op -sen reduzéiert: e bësselchen/bëschen/bëssen. e) Am Plural gëtt -chen duerch -ercher ersat an -elchen duerch -elcher: Féiss­chen, Féis(s)ercher; Kichelchen, Kichelcher, awer Nomina op -el, -em, -er kréien einfach d’Endung -cher: Apel, Äppelchen, Äppelcher; Brudder, Bridderchen, Briddercher. f) Ausser Meedchen, Meedercher (Neutrum, mä Mod ass feminin) behalen d’Dimi­nutivformen de Genre vum Substantiv, vun deem se ofgeleet sinn: Fënsterchen, Hännchen si feminin wéi Fënster, Hand; Wippchen ass maskulin wéi Wupp; Länn(d)chen ass neutrum wéi Land.

D’Semantik an d’Pragmatik (dat heescht. de kontextuelle Gebrauch) vun den Diminutiver op -chen si be­stëmmt méi schwéier ze beschreiwen, wéi d’Bildung vun de Formen. Dräi Sträng vu semantesche Kennzeeche mussen dofir kombinéiert ginn: a) d’Bedeitung vum lexikalesche Stamm, deen och komplex ka sinn (Kënnchen, Enkelkënnchen); b) d’Funktioun vum Ofleedungssuffix -(el)chen; c) d’Denota­tioun an d’Konno­tatioune vum ganzen Derivé, wéi en am Ko- a Kontext vir­kënnt. De lexika­lesche Suffix -(el)chen gëtt gewéinlech als ‚Ver­klengerung, Ofschwächung, Fami­liaritéit, Aschätzung‘ charakteriséiert. Net all -chen huet awer am Lëtzebuergeschen dës Bedäitung: Frippchen, Frippercher ass keen Diminutiv. Ënner den Derivée gëtt et der dann och, déi méi lexikaliséiert a verblatzt sinn. Formell Ofleedunge wéi Meedchen (versus Bouf), Weenchen (klenge Won), Wippchen (Zoossiss), Lännchen (Grand-Duché), Mill­chen (Spill), e bëssen sinn haut net méi transparent. Se sinn et jiddefalls manner, wéi d’Diminutiver fir Liewewiesen (Maischen, Kättchen), deenen dacks eng affektiv, positiv, zäertlech Konnotatioun zougeschriwwe gëtt. Op alle Fall musse beim Gebrauch vun deenen aneren duerchsiichtege Ver­klengerungsformen d’Denotatioun an d’Kon­notatiounen ausernee gehale ginn. Dat wëll ech nach kuerz mat Beispiller weisen, déi deslescht um RTL-Forum vum selwechte Schreiwert gebraucht gi sinn3.

An engem Extrait gëtt dat eelst geschriwwent Material opgezielt, dat et an eiser Sprooch gëtt: „e puer Spréchelchersgrimmelcher, en etlech intressant Ausdréck an notariellen Akten aus dem 17. an 18. Joerhonnert an e klengen Artikelche vun 1824“. Firwat ginn dann do d’Verklengerungs-formen Spréchelchersgrimmelcher an Artikelchen gebraucht, wou dach e puer Spréch an e klengen Artikel fir d’Verständnis vun der Denotatioun géifen duergoen? D’Äntwert schéngt kloer ze sinn: Déi stilistesch Konnotatioune sinn dem Schreiwert méi wichteg wéi déi denotéiert Informatioun. Déi koppeg ‚Hyperverklengerung‘ explizéiert am éischte Fall d’‚Hyperonwichtegkeet‘ vun den Textfatzen. D’Diminutivforme sinn Ornamenter, déi am Fong awer denotativ op Onstëmmegkeeten hiweisen (a Wierklechkeet sinn et keng Spréchelcher, mä Ausdrocksroutinen). Och den Nominalgrupp e klengen Artikelchen mat senger duebeler Verklengerung (kleng, -elchen) illustréi­ert d’Bu­tzegkeet vum Zeitungstext vun 1824, deen a Wierklechkeet keen Artikel war, mä e Gedicht4. De konnotativen Effekt ass deem ironesche Satiriker méi wäert wéi d’ Exaktheet vun der In­formatioun. An engem zweeten Text­­extrait ass de Spott nach méi penetrant an ongerecht. Do gëtt bedauert, datt d’Intelli­genz-Bëmmercher aus der ‚Ger­manistik/Luxemburgistik‘ sech net oder nëmme rosewéineg ëm d’Se­mantik streiden, wat jo falsch ass. „Dat passt nun emol net an d’Pännercher, fir an hirem B(achelor)M(aster)-Sand ze spillen“. D’Uni gëtt als Kannerwelt duergestallt, wou et bekanntlech, wéi a Fabelen, vun Diminutiver wimmelt; normal wëssenschaftlech Auserneesetzunge ginn demagogesch als Streidereie mepriséiert; d’Studente gi wit­zeg, mä gehässeg neidesch, als ‚kleng Intelligenz-Bommen‘ verkannt a vernannt. Dat ass keng Informatioun, mä e Netz vu béiswëllege Konnota­tiounen. Zärtlech, sot Der? Neen. Diminutivforme kënnen och wéi béis Hënn bellen, bäissen a blesséieren.

1 Déi klassesch Terminologie gëtt hei bäibehal, ouni datt aner historesch Diminutiver an d’Analyse mat abezu géifen, z. B. lexikaliséiert Elementer op -el (Bëtschel, Hénkel, Grimmel), op -i (= franséisch -et: Biddi, Kolli, Diwwi), Kierzung vun de Virnimm
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land