d'Lëtzebuerger Land sicht e Gérant

Actualité du 01.02.2019 10:59

D’Lëtzebuerger Land sicht säin nächste Gérant (F/M) 

CDI

Zënter 1954 ass d’Lëtzebuerger Land eng politesch, économesch a kulturel onofhängeg Wochenzeitung.

D’Land ass do fir:

– Dem Lieser Schlësselen zem Verständnis vun eiser Gesellschaft ze ginn
– Meenungsbildend am politeschen Débat ze sinn
– Onofhängeg an objektiv Informatiounen ze ginn, dei komplett a bis dohin onveröffentlech sinn  

D’Land verflicht sech ze enger:

– Excellenter journalistescher Qualitéit
– Politescher an économescher Onofhängegkeet an Handlungsfräiheet
– Ästhetescher Zeitung

Als Gérant sollt Dir Äert Talent fir d’Gestioun, Produktioun an d’Diffusion vun der Zeitung
abréngen. Dir bréngt Kenntnis vum Zeitungssecteur ze Lëtzebuerg mat a sidd responsabel fir d’Editioun vun der Zeitung: de Verkaf iwert Abonnementer a Kiosken, d’Pressehëllef, Régie
publicitaire, d’Dréckerei, Fournisseuren, d’Personal an d’Konten vun der s.à r.l.

Dir sidd direkt dem Conseil d’Administratioun ënnerstallt.

Als Journalist schreift Dir gären a schafft mat um Inhalt vun der Zeitung duerch wöchentlech ­Analysen iwert Politik, Économie oder Kultur. 

Als Journalist sidd Dir mat Kandidat fir d’Fonktioun vum Chefredakter, deen dëst Joer vun der Redatiounsequip gewielt gëtt.

– Dir hutt Spaass a Flexibilitéit un der Aarbecht an enger Equip vun néng Leit
– Dir schwätzt a schreift Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch
– Dir bréngt eng Inspiratioun mat, fir dem Land séng wirtschaftlech a politesch Onofhängegkeet weiderzedroen.

Dir fänkt am Laf vum Joer un an schafft an enger Iwergangszäit mat dem aktuellen Gérant
zesummen, deen um Enn vum Joer an d’Pensioun geht.

Schreift eis, firwat Dir gär géift bei eis schaffen, an Äre Liewenslaf un de Stephan Kinsch,
President vum Conseil d’Administration vum Lëtzebuerger Land, per Mail: sk@bebop.lu oder per Post un dLëtzebuerger Land s.à r.l., 59 Rue Glesener, L-1631 Luxembourg. De Stéchdatum,
fir d’Kandidaturen eranzeginn, ass de 15. Mäerz 2019.

© 2019 d’Lëtzebuerger Land