Komparativformen

Positiv oder Komparativ?

d'Lëtzebuerger Land du 07.01.2010

Ech hunn et am LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) gelies an och komesch fonnt. An der Flexiouns­tabell, déi d’Grondformen ugëtt, gëtt d’Wuert eeler als Positiv (ouni Komparativ a Superlativ) agestuuft. An der Flexiounstabell vun al (al als Adjektiv: eng al Fra, an net als Intensitéitsadverb: dat do deet al wéi) fënnt een dann eng zweet Kéier eeler net awer als Positiv, mä, nieft dem Grupp méi al, als Komparativ. Eeler kann also, dem LOD no, an engems Positivform vum Adjektiv eeler a synthe­tesch Komparativform vun al sinn. Dat ka verwonneren, ëmsou méi et an der Sprooch nach aner Kombinatioune gëtt: E puer méi eeler Massendénger (plus/plutôt âgés?) haten heem­lech e Pak Zigrette kaaft1.

Ech weess, datt et an engem Dictionnaire net ëmmer méiglech ass, all Charakteristike vun de Lemmata unzeginn. Trotzdem ass e Minimum vu Kohärenz néideg. Wa scho bei al nieft dem Grupp méi al d’Komparativform eeler genannt gëtt, dann erwaart een och, datt am LOD bei de Grondforme vu grouss nieft méi grouss och gréisser als Komparativ ernimmt gëtt. Zweetens: woufir gëtt beim Superlativ an de Flexiounstabellen nëmmen d’Form am-sten (am eelsten) vum Prädikativ oder Adverb uginn, an net och déi vum Epithète mat d- -ste(n): deen eelsten, déi eelst? Well de Superlativ eelst- am Lëtzebuergesche praktesch nëmmen als Member a Präpositional- an Nominalgruppe virkënnt, kann d’Fro radikaliséiert ginn: firwat gëtt den Terme ‚Grondforme vum Adjektiv’ am LOD bäibehalen, wou et dach am Komparativ a Superlativ vum Lëtzebuergesche bal keng Grondforme gëtt?2

Am Fall vum Superlativ wier dat nach begrënnt, well schéinst, eelst an esou fort als Wuertstamm funktio­néieren. Dogéint ass ‚Grondform vum Adjektiv’ awer fir déi meescht Komparativformen einfach en Abus de langage. D’Struktur méi + Positiv ass jo – bei villen adjektiveschen oder adverbiale Wierder, déi keng richteg Eegeschaften, mä aner Ëmstänn ausdrécken3 – net méiglech. De Komparativ kann also net als typesch grammatesch Kennzeeche vun der Wuertklass Adjektiv ugeholl ginn. Dobäi ass déi meescht benotzte Form (d.h. méi + Positiv) jo och keng ‚Grondform vum Adjektiv’, well se net aus engem Wuert, mä aus engem Grupp besteet.

D’Bezeechnung ‚Komparativ’ huet och semantesch Connotatiounen, déi am Eenzelgebrauch vun de Formen net ëmmer mat am Spill sinn. Sou erkläert d’Virstellung vun der Erhéijung vun der Qualitéit/Quantitéit (Positiv [gt] Komparativ [gt] Superlativ: al, eeler, eelst-) net d’Zimlech-Astellung an Nominalgruppe wéi: en eeleren/ee méi alen Här (d’un certain âge), e gréissert/méi ­grousst Gebai (relativement/plutôt grand), besser Leit (d’un grand milieu). Beim mëttelméissege Gebrauch vun dëse Komparative gëtt och keen explizitte Vergläich gemat, well d’Operatioun vum Astufen eigentlech net datselwecht ass wéi d’Vergläichen. Dofir ass et, an der Recherche wéi am Unterrecht, wichteg 1) d’Formen an d’Be­deitungen an 2) déi verschidde kommunikativ Funktioune kloer ze trennen. An eiser Grammaire4 ginn d’Grad­forme vum Adjektiv am Kader vun der kommunikativer Astufungs- an Astellungsfunktioun behandelt. Graduativa (d.h. sproochlech Astu­fungs­mëttel) gëtt et fir d’Quantitéit, d’Qualitéit an d’Intensitéit a ganz verschiddene Formen a Strukturen.

Bei den Eegeschaftsadjektiver mussen op d’mannst dräi Ausdrocksformen ënnerscheet ginn: 1) formell Composéen 2) einfach Lexemen (Graduativa) 3) morphologesch Affixen. Ënner de Composéë gëtt et vill bildlech Vergläicher, wéi hondsgewéinlech, schnéi­wäiss, pechschwaarz, saukal, schäissegal, fuerzdréchen, sténklangweileg. Eewuerteg Graduativa gëtt et e ganze Koup: wéi (wéi al?), vill/net vill, e bëss(chen), wéineg, knapp(s), zimlech, ganz, sou, (vill) ze. Hir Kombinatiounsfäegkeet ass besonnesch wichteg, well d’Zomm vun den Eenzelelementer den Astufungsgrad vun de syntaktesche Vergläicher ausmécht: manner/ net esou/ grad esou/ méi/ vill méi/ vill ze grouss, awer och manner/ genuch/ méi/ vill Geld. E puer Lexemen si selwer Gradformen, déi als Graduativa funktionéieren: manner, méi, éier, éischter.

Zu gudder Lescht dann d’Affixen. Dat sinn net nëmmen déi grammatesch Suffixen -er (Grad I: éier, éischter, besser, manner) an -st (Grad II: léifst, meescht), mä och lexikalesch Suffixen (-eg/-ech: alleg, villeg, sëllech, etlech) a Präfixen (allerneist/ -gréisst). D’Gradformen (I: -er; II: -st) ginn ënnerschiddlech gebraucht: absolutt oder relativ. Fir déi puer méiglech -er-Formen ass den Zimlech-Gebrauch ouni Bezuchspunkt absolutt a basisorientéiert wéi an: en ­eeleren Här, eng länger Zäit, wou -er och duerch de Grupp méi + Positiv kann ersat ginn: ee méi alen Här, eng méi laang Zäit. Mä den -er a vrun allem d’Struktur méi + Positiv gëtt och relativ gebraucht, dacks mat enger Expan­sioun, déi en explizite Vergläichspunkt aféiert: hien ass méi al wéi hatt/ wéi en ausgesäit/ wéi virgesinn. Hien ass méi domm wéi de Gebrauch. Als Grad I-Epithète huet den indefinite prädikative Nominalgrupp dann d’Form: méi + indefinitit Artikel + N (mä: definit Artikel + méi + Positiv + N): Dat ass e méi groussen/ méi gréisseren Zauberer! Mä ech sinn nach méi e groussen Zauberer! (Cäddi a Merci, d‘Land, 13.11.2009)

1 J. Hoschheit: Aacht Deeg an der Woch, 2006, Binsfeld, S. 226. Och : ëppes/näischt méi Schéi­neres amplaz Schéines.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land