Luxemburgensia

D’Jeanne galoppéiert nees

d'Lëtzebuerger Land vom 11.05.2018

Jësesmariajusebett, wann een den Atten hirem Alain säin neit Boch liest, ginn engem eenzock d’Dronkenellen aus. D’Geschicht rappt ee jo net grad vun der Siddel: E Bouf, den Nickela, sëtzt am honnertjärege Krich zu Bäerbrech op der Buerg a schnëtzelt véi­erzeng Nouthelfer, zu deenen d’Leit mat allerlee Kränkten a Gebrieche gebiet hunn. Iwwer der Aarbecht un deenen hëlze Poppen erënnert hie sech u seng Kandheet am Loutréngeschen. Eng Kréimeschkoppel aus dem Lëtzebuergeschen hat hien do am Krich stierweskrank opgeraf a mat op Bäerbrech geholl. Op eemol ginn déi gutt Leit vergëft, an de frieme Bouf geréit an de Verdacht, fir de Mäerder ze sinn.

Ma den Nickela ass nëmmen op den éischte Bléck d’Haaptfigur vum Boch. Den Alain Atten huet hien an enger Ausso vum zweete Prozess vum Jeanne d’Arc opgeglannt, wou eng Fra bäileefeg verzielt huet, datt d’Jeanne d’Arc d’Giedel vun hirem Bouf wor. A Wierklechkeet dréit d’Geschicht also ronderëms dem Nickela seng Giedel, seng Rinotte, dem Alain Atte seng grouss Léift, d’Jeanne d’Arc, an d’Geschicht spillt an de Joeren, wéi d’Jeanne d’Arc an de Krich gezunn ass, gefaang, vum Jang vu Lëtzebuerg un d’Englänner verklappt a verbrannt gouf. Wéi den Nickela de Mäerder iwwerféiert, kënnt em op eemol seng Giedel zu Hëllef, déi guer net zu ­Rouen op der Maartplaz verbrannt gi wor. A vläicht sëtzt d’Jeanne d’Arc jo nach haut zesumme mam Elvis an dem Hitler bei McDonald’s?

Den Alain Atten ­interesséi­ert sech méi fir d’Geschicht wéi fir d’Geschichten, a knetzelt da kleng Theaterstécker, Verzielongen a Gedichter, fir déi grouss Geschicht dran anzepaken. Woubäi d’Geschicht dacks méi spannend ass wéi seng Geschichten, zum Beispill a sengem Boch Néierewou vun 1992 iwwer déi primär Akkumula­tioun zu Meesebuerg.

Dat wär alles eng trapeg Méckepéilerei, wann de ganze Charme vun Alle véierzéin net an der Sprooch léich: „Dat liicht suguer him an, dem Lausterfiischen om Luusstuer. De Jok steet ënnen am Ieren ze spéck­sen, an hie klunscht uewen an der Spell“ (S. 157). Oder wéi dat loutréngescht „Meedchen, ganz an Eisen, oop deem kuelschwaarzen Hengst“, rifft: „D’accord pou’ los coursyis? Jean prend li blanc, Bertrand li nô. Vè passez vôr l’mèyte et à tantout!“ (S. 53-54).

Well den Alain Atten probéi­ert nees, fir seng Geschicht an antiquéiert konstruéierten Dialekter ze verzielen, déi bei d’Zäit an d’Géigende passe sollen. Och wann ee weess, datt grad dat Authentescht dat Falscht ass, muss fir déi meescht Lieser Alle véierzéin an enger dadaistescher Geheimsprooch geschriwwe schéngen, déi zur renger Konscht gëtt, well se ouni Notzen ass. Wéi kann et kee Spaass maachen, fir dat konterbossegt Boch vum Joer ze liesen?

Alain Atten, Alle véierzén, Lëtzebuerg, Kremart, 2018, 211 S., 19,95 Euro

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land