Luxemburgensia

“Listen, I don’t want to turn this into a novel”

d'Lëtzebuerger Land vom 31.01.2020

A sengem extensiven, zweesproochegen Debütroman Magnetosaurus. Nostalgodon verzielt de Jean-Marc Lantz vun der Jugend vu sengem Alter-Ego Joé an de 1970-er an 80-er-Joren am Minett. De Joé ass an enger cooler Band, där hir Musek di jonk flott Nopesch mat de schéine laangen Trëtzen an dem Bandana päift, wann si mat Eemeren an de Stall geet, fir d’Déieren ze fidderen, an him dobäi en Aen zoupëtzt – hiren éischten Hit also! Seng Jugend zu Péiteng ass vun der mëttelméisseger Rou am Nokrichslëtzebuerg gezeechent, wou d’Leit Jonge mat laangen Hoer net trauen, Musek op Englesch an Hippie-Attitüden esou lues a Moud geroden, awer den Elteren net gefalen; an de Meedercher nozelafen ass scho schwéier genuch, wann hir Pappen net och nach en Hond hunn oder eng Flënt. De Joé mécht e road trip op d’Belsch Küst, vum Lampertsbierg geet et fir hie fir de Studium op Wales, wou hie méi oder manner laang a méi oder manner wichteg Léifschaften huet, déi den haaptsächleche roude Fuedem an der Chronologie vum Roman bilden.

Wat fir eng Sproch an typesch Plazen als Bün fir des Geschichte gewielt ginn! Alles ass bal fantastesch ur-typesch Lëtzebuergesch, vun de Spëtznimm iwwert d’Manéier, wéi geschwat gëtt: Lass geet et op der Fouer als Flanéier-Meil, als place to be fir ze gesinn a gesinn ze ginn – do spadséiert di ganz Lëtzebuerger Gesellschaft laanscht! Als Heeschert à la Gantenbein kuckt de Verzieler, wat aus dem engen oder anere vu sengen eemolege Bekannte ginn ass. Déi réckbléckend, evaluéierend Perspektiv ass scho vun Ufank un an dem nostalgeschen Tounfall spierbar, och an den noerzielte Réckblécker oder Szeenen, wou d’Vergaangenheet operstoe gelooss gëtt.

Dobäi vermëscht sech spéider Asiicht mat jugendlechem Elan, ouni eng Vue kloer erauszeschaffen, wat matverantwortlech ass fir d’Distanz zum Text, déi ee geleeëntlech méi oder manner staark spiert. D’Parallel zum grousse literaresche Virbild James Joyce a sengen Dubliners ass staark präsent, wann de Kuriositéitenkabinett vu Lëtzebuerger Schattengestalten, Jugendlechen, Stieter an der Vergaangenheet eng Stemm gi gëtt; enger Vergaangenheet, senger Jugend, fir déi sech den Erzieler schummt, wéi hien am Text zougëtt. Mee dat Schummen schéngt vrun allem en mal-être mat der Jugend am Allgemengen ze sinn an hirer Wellheet, de Meedercher, dem Chaos – éischter wéi eng Spigelung vun de vagen, awer omnipresenten Undeitungen an Erënnerungen un de Krich, den Erliefnisser vun den Elteren, déi de Nogebuerenen zougëtt, net verstoen ze kënnen, ebe well him all déi Erfarunge feelen – och wann den Krich präsent ass, versteet den Joé net ganz.

Coming of Age vs. d’hermetesch ofgeschlossen, partikular Perspektiv vun engem individuelle Werdegang. Et ass keen Portrait vun enger Generatioun an enger Zäit, mee d’fragmentaresch, zesummengestéckelt subjektiv Geschicht vum Joé, déi aus der rebellescher Jugendperspektiv eraus der Gesellschaft e Spigel virhale wëll; ruppeg an heiansdo betount am Tounfall vun de Caféen, schéngt a kléngt de Floss vum Text dach tëschenduerch beméit, Niewefigure bléiwen anekdotescht-funktionell. Den Tounfall an d’Motiver sinn, wann och gutt beobacht, heiansdo ze punktuell oder fannen sech net am Roman erëm, duerchwues mat Impressiounen, popkulturellen Elementer, Gedichtschnëppelen, Auszich aus Liddertexter a mat Zitater aus Bicher a mat typeschen, ur-Lëtzebuergesche Referenzen. Et ass eng Schachtel Erënnerungen aus der Jugend – mee heiansdo esou gewollt, dass déi eeler Elementer net an di gewollten Energie vun der verzielter Jugend passe wëllen: Si evoquéiere schonn den eeleren Alter-Ego hannert der jugendlecher Figur Joé, deen op seng Erënnerungen zréckbléckt.

Heiansdo déck opgedroen a voller Spréng an enger ausufernder, awer stolzer Sproch, déi net op e Punkt komme wëll a vläicht grad dofir esou vill Säite fëllt, gëtt een als Lieser heiansdo midd vun där Perspektiv. A wann dann nach Passagen op Englesch iwwert den Text erabriechen, wëll dat nu emol de Goût ass, deen des Erënnerungen hunn, dann ass den onvereinbaren Broch mat dem esou iwwerzeegend an detailleiert ausgeschafften Letzebuergertum ze staark, de soss esou demonstrativ an de Fokus gestalt gëtt. Dat léisst d’Nostalgiekarussell ëmkippen, dass d’Päifen am Stëpps jiipsend queesch dinn.

Jean-Marc Lantz: Magnetosaurus. Nostalgodon. capybarabooks 374 Säiten 25 Euo.

Claire Schmartz
© 2020 d’Lëtzebuerger Land