Bildlech Bedeitunge

Knuppert a Kraachert, Krappert a Krottert

d'Lëtzebuerger Land vom 13.05.2010

Bekanntlech ginn d’Sproochen, wéi d’Mënsche mat hire Gesellschaften, a Gruppen agedeelt. Do ass da Rieds vun den indo-europäesche Sproochen, vu kelteschen, laténgeschen a germanesche Stammbeem, vu Kulturinselen a -mëschungen, vun allerlee Relatiounen a speziell vu Familljen: klenger a grousser, echt Stackfamilljen oder modern Patchworkgemeinschaften. Besonnesch heefeg gëtt de Begrëff och an der Beschreiwung vun de Wierder (Lexikologie) gebraucht, sief et an hirer Geschicht oder an hirer Systematik vun haut. Wat awer genee mam Begrëff Famill gemengt ass, ass net ëmmer klor.

Déi véier Wierder aus der Iwwerschrëft gehéieren offensichtlech an eng Serie mat gemeinsame formelle Charakteristiken. Si fänken alle véier mam Buschtaf ‚K‘ un, mä dat ass hei Niewesaach, well ech mir jo och hätt kéinte Beispiller aussiche mat engem aneren Ufanksbuschtaf: zum Beispill Lakert, Lappert, Latzert, Lausert, Lutschert, Luussert oder mat verschiddenen Initialen: Fatzert, Granzert, Motzert, Pinschert, Seechert, Trëllert.

Guer net onwichteg ass dogéint d’Tatsaach, datt déi véier Elementer deeselwechte Suffix -ert hunn, deen iwwregens och verantwortlech ass fir de Genus Maskulin: dee klenge Lausert; wat ass dat fir en Driipsert! D’Folleg -ert ass hei keng grammatesch Endung, wéi an e bessert Liewen, mä en Deel vun engem Derivat. Fir Beispiller ze sammelen, kéint ee mengen, et géif duergoen, wann ee mat engem spezielle Computerprogramm aus Wierderlëschten all Elementer mat engem groussen Ufanks­buschtaf a mat der Ennsequenz -ert géif selektionéieren1. Mä esou einfach ass dat net, well fir all Eenzelbeispill och op d’mannst eng syntaktesch-semantesch Interpreta­tioun néideg ass. Net all Substantiven op -ert sinn nämlech Derivaten. Bert zum Beispill ass eng Ofkierzung vu Nimm (Hubertus, Robertus, Lambertus). Wéngert an Houfert hunn zwar -ert als Finall, mä ursprénglech gehéiert d’Sequenz zum zweeten Term vun engem Composé (‚Wein-gärten‘, ‚Hof-fahrt‘).

Ënnert den Ofleedunge mam Suffix -ert mussen dann och nach, an enger méi geschichtlech-semantescher Perspektiv, verschidden Interpretatiounen an Nuancen ënnerscheet ginn. An der Fachliteratur gëtt de Suffix-ert meescht mam ale germaneschen Adjektiv -hart oder -hard verbonnen. Dat fënnt een um Enn vu villen Nimm. Als -ard war et och am Alfranséischen an Alenglesche ganz produktiv. Bernhart ass wuertwiertlech aus Beringhart (= staark/kéng/hardi wéi e Bier) entstan, Richard aus Reich + hardt (de Staarken am Keeserräich), Leonhard aus Leo + hard (staark wéi e Léiw), Eberhardt aus Ebur / Eber + hardt (staark a kéng wéi e Béier). Dës Nimm gëtt et haut nach am Franséischen: Bernard, Richard, Léonard, Everard.

De germanesch-fränkesche Suffix-hard/-hart, den engleschen a franséi­schen -ard an de lëtzebuergeschen -ert sinn net nëmme keng Raritéiten, mä se hunn och semantesch, a méi abstrakten Uwennungen, eng Parallelentwécklung duerchgemat. Reinhart (= de Staarken am Krees, de kluge Beroder) ass am Franséischen de schlaue ‚renard‘ a bei eis den hannerlëschtege ‚Renert‘ ginn. Eisem Baaschtert entsprécht op Franséisch ‚bâtard‘, op Englesch an Däitsch ‚bastard‘. Dofir bleift dem Suffix -art/-ard/-ert an de Sprooche vun haut meescht nëmmen nach d’Roll vun engem verschwommene Verstäerkungszeechen, vun enger Zort Intensitéitssuffix mat enger dacks familiär-populärer Konnota­tioun iwwreg (cf. Englesch: drunkard, laggard; Franséisch: soûlard, soiffard, traînard, flicard, nullard, pétochard, snobinard). A villen Ofleedunge vun haut hunn d’Suffixen -ard (bei heefegen Adjektiven a Substantiven am franséi­schen Argot2) an -ert (bei de Substantiven an der lëtzebuergescher Ëmgankssprooch) och eng sozial ofschätzend Niewebedeitung.

De lëtzebuergesche Suffix -ert fënnt een net nëmmen a Wierder, déi op ‚Tätigkeiten und Eigenschaften‘3 hiweisen. Mam Suffix, deen dem Stamm vu Verben, Substantiven oder Adjektiven ugehaange gëtt, bezeechent den Derivat meescht Persounen oder Liewewiesen (cf. zum Beispill de Fësch Blénkert), mä och Géigestänn (wéi de Schruppert) oder Resultater vun der Verbhandlung (de Räpsert als Erop­stoussen, de Späizert als Rotz). Sujeten, déi sech duerch déi am Verbestamm markéiert Handlung oder déi am Adjektivstamm mentionnéiert Eegeschaft definéieren, sinn zum Beispill e Béchsert (béchst fläisseg), e Schaffert (schafft vill), e Murksert (murkst), en Tozert (tozt), e Sténkert (sténkt), e Seechert (ass e klenge Bettpisser oder -pissert). E Schnëssert schnësst vill, ass awer net onbedéngt e Maulert (dee mault a grangelt). De Feminin huet dann dacks d’Endung -esch (wéi de Feminin vum méi neutralen Derivat op -er: Schnëssesch, Fusches). Bei den Ofleedunge vun engem Adjektiv ass den Adjektivstamm dacks e Prädikativ: en Topert ass topeg, e Knaschtert ass (moralesch) knaschteg, also en Drecksak, e Fatzert ass och e Fatzbeidel oder eng Lomp. E Plakert (cf. LWB: en aarme geplote Mënsch oder ‚pauvre type‘) ass net onbedéngt e Nudist! Bildlech Bedeitunge sinn am familiäre Gebrauch vun den Ofleedunge mat -ert ganz geleefeg.

Den nominale Suffix -ert an de ‚kräfteg-säftege‘ Persounebezeechnungen a -beleidegungen: (Bretzert, Flappert, Gaschtert, Gäizert, Mätschert, Pinschert, Stiichtert, Trëllert) gëllt dacks als Originalitéit vum Lëtzebuergeschen an als Musterbeispill vun der aktueller Créativité lexicale4. Dat stëmmt jo och deelweis, däerf awer net iwwerspëtzt ginn. Pechert ass bestëmmt e Wuert vun haut (a bezitt sech och op eng Aktivitéit, déi den Automobiliste leider un de Portmonni geet). Knuppert a Kraachert referéieren op en haart Knuppen a Kraachen, dann awer och op spezifesch ‚Knaller‘ (‚pétard‘). D’Dictionnairë vun 1847 an 1906 beweisen, datt vill Substantiven op -ert haut vereelzt sinn (dat ass de Fall fir Krottert, vum Franséi­sche crotte = Knirps). Trotzdeem bleift d’Ofleedungsstruktur mam markéi­erte Suffix -ert, niewent der Struktur mat dem méi neutrale Suffix -er, nach relativ produktiv.

1Dës Method ass fir d’éischt fir d’ Lëtzebuergescht vum J. Lulling: La créativité lexicale (Montpellier, 2002, Tapuskript, S. 40-41, 168-169) agefouert ginn.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land