Wéi eng Zukunft fir Lëtzebuerg?

Kapitalismus ouni Wuesstum?

d'Lëtzebuerger Land du 14.10.2016

„La croissance n’est que le nom ‘vulgaire’ de ce que Marx a analysé comme accumulation illimitée de capital, source de toutes les impasses et injustices du capitalisme », schreift de Serge Latouche, ee vun dene bekannte franséische Wuesstumskritiker. Kënne mer also de Wuesstum an de Grëff kréien, ouni erunzegoen un d’Mechanisme vum dominante Wirtschaftssystem: Konkurrenz, Herrschaft vum Maart, Akkumulatioun a Konzentratioun vum Kapital? D’Fro stellt sech esou och fir dat klengt Lëtzebuerg – dat natiirlech keng „Insel der Vernunft in einem Meer von Unsinn“ ass a wuel och ni wäert ginn.

Ech gleewen net un eng Zort „Grand soir“, wou mer de Kapitalismus an enger kuerzer revolutionärer Aktiou géifen ofschafen – a scho guer net an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg. Ech gleewen awer drun, datt et méiglech as, der kapitalistescher Logik eng aner Logik vu gesellschaftlecher Entwécklung entgéintzesetzen. Woufir et an der Vergaangenheet jo och schons Usätz gouf, zum Beispill déi ganz Enwécklung vum Sozialstaat mat engem sozialen Eegentum a Form vun der Sécurité sociale.

Hei zu Lëtzebuerg d’Fro vum Wuesstum enk mat der Demographie ze verbannen, wéi d’Madame Pascale Junker (nieft aneren) dat am Land vum 30. September mécht, sch¢ngt mer engersäits zevill einfach, anerersäits awer och geféierlech.

Mer misste manner Aarbechtsplaze schafen, manner Leit op Lëtzebuerg zéien, an domat de Wuesstum ofbremsen, also och manner Ressource verbrauchen, manner Flächen notzen, manner Emissiounen erausschleideren, eisen ekologesche Foussofdrock reduzéieren. Wéi mer dat solle maachen, ass net klor. Awer huele mer un, dat wär esou einfach, d’Zuel vun den Zouwanderer wéi och déi vun de Grenzgänger ze reduzéieren.

Da weess ech awer nach net, wat mer do fir d’Problematik vum Wuesstum gewonnen hun. Well déi Leit, déi manner zu Lëtzebuerg ukommen oder heihinner schaffe kommen, si jo iirgendwou nach ëmmer do. Also hu se am beschte Fall enzwousch anescht, zum Beispill déisäit der Grenz, eng Aarbecht (et wär jo ze wënschen), wou se zwar wuel manner verdéngen oder se falen an d’Aarbechtslosegkeet. Ech ka mer jo net viirstellen, dat Lescht géife mer eis wënschen als Alternativ zur Wuesstumsfal.

Also entweder féiert déi Verlagerung vun der Populatioun och zu engem massive Réckgank vun Akommes an also Konsum – oder awer et as nëmmen eng Verlagerung vum Ressourceverbrauch a vum Footprint op déi aner Säit vun de Grenzen. Einfach gesot: Bei eis geet de Wuesstum zréck, an der Lorraine geet en erop.

Natiirlech bräichte mer e besseren regionalen Equiliber, dat hun ech och schons ëmmer gesot. E bëssen iwwerspëtzt: E floréierende Ballungszentrum mat sinistéierten alen Industieregiounen rondrëm as sécher net wënschenswäert. Awer esou e bessert Gläichgewiicht ännert näischt un der gesamter Problematik vum Wuesstum, fir de „Planéit“ a fir d’Ressource vun dene künftege Generatiounen hu mer näischt gemaach.

Och geféierlech, hunn ech gesot. D’Madame Junker schreiwt zwar: „Dobäi geet et net em Ween, mee em Wéivill, Wéi séier“. Awer wa mer net der Lëtzebuerger Populatioun eng streng Gebuertsbegrenzung wëllen imposéiren – da kënne mat der Begrenzung vum Zouwuess jo nëmmen Immigranten a Grenzgänger gemengt sin. Eng Zort nationalen Malthusianismus? Da landen mer awer schnell an engem Eck, wou mer net wëllen hikommen, och d’Madame Junker net.

D’Hypothes vum grenzelose Wuesstum halen och ech fir absurd. An och zu Lëtzebuerg muss déi Fixéierung op d’Wuesse vum PIB als Universalrezept a Fro gestallt gin. Jo, ech sinn och skeptesch par rapport zu der Hoffnung vu munchen – och net neoliberalen – Ekonomisten, méi Wuesstum wär déi eenzeg richteg Äntwert op d’Europäesch Kris, op Aarmutt a sozial Ongläichheet an esou weider.

D’Ëmweltproblematik as net méi d’Fro vum Bësch niewendrun oder vun enger lokaler Pollutioun, déi och am Kader vu méi Wuesstum kënnt geléist gin. Et geet haut ëm weltwäit strukturell Krisen – typescht Beispill d’Klimakris – mat grad esou weltwäiten des­truktive Konsequenzen. Ob déi Krise bewältegt kënne ginn, ouni den ekonomesche Wuesstum drastesch ofzebremsen, ass op d’manst diskutabel.

Ma aanrersäits mussen mer awer och op d’Fro kënnen äntweren, wéi mer mat manner oder réckleefegem Wuesstum de Sozialstaat erhalen, d’Aarmutt an d’sozial Ongläichheet ofbauen, wéi mer de Gruef tëschent räichen an aarme Länner zouschëdden et cetera. D’Fro vum Wuesstum oder Netwuesstum as eng komplex Fro, déi mat villen aanre Froen zesemmenhänkt, an där ee mat einfachen Äntwerten kaum gerecht ka gin.

Net ze vergiessen, datt et ënner de Kritiker vum Wuesstum ganz ënnerschiddlech, souguer entgéintgesate Motivatioune wéi Objektiver gët. Do geet de Spektrum vun engem lénken solidaresche „Post­wuesstum“ fir méi sozial Gerechtegkeet bis zu den wirtschaftsliberalen Propagandisten vun der enker Ceinture fir déi kleng Leit. (Iwwregens gëlt déiselwecht Pluralitéit och bei de Verteideger vum Wuesstum.)

Jo, richteg a wichteg as de kollektiven Engagement, d’Sensibiliséierung fir méi e schounenden Ëmgank mat natiirlechen Ressourcen, grad zu Lëtzebuerg, ewech vun de fossilen zu den erneierbaren Energien, Emissiounen erofsetzen, ekologesch Steierreform, méi Rücksicht op Natur an Déieren, manner iwweerflëssege Konsum, Qualitéit statt Quantitéit, Solidaritéit statt Individualismus – an esou weider. An natiirlech entspriechend politesch Decisiounen. All dat ass schons oft gesot gin. Aviën a Recommandatiounen gëtt ët der genuch. Vun Ëmweltorganisatiounen, dem Nohaltegkeetsrot an esouguer (wann och nach onbefriddegend) vun der Regierung hirem eegenen Nohaltegkeetsplang. Awer un der konsequenter politescher Ëmsetzung happert et effektiv. D’Excusë si séier bei Hand: Ëmmer erëm, do huet d’Madame Junker recht: „d’Leit wëllen et net“ – awer virun allem: Et geet net, d’Wirftschaft an hir „Sachzwäng“, d’Kompetitivitéit erlaben et net.

D’Kompetitivitéit as net nëmmen zu Lëtzebuerg de groussen Zaubersproch. Konkurrenz, net Kooperatioun as jo och als groussen iwwergräifende Prinzip an den EU-Verträg ageschriwwen. De Minister Bausch huet also emol guer net esou onrecht, hie géif net un eng Steierung vum Wuesstum gleewen, virun allem an engem Land, wat esou op Export ugewisen as (Forum, Abrëll 2015). Anescht gesot: An engem Land, dat esou staark sech dem Mechanismus vun der Konkurrenz ausliwwert.

Jo, mer mussen eis Liewensweis a Fro stellen. Awer éischtens: Weem séng? An zweetens: Liewensweis hänkt mat Produktiounsweis, hänkt mat gesellschaftleche Verhältnisser zesummen, op déi een individuell net keen, awer och kee riesegen Afloss huet.

De Kapitalismus produzéiert ëmmer nei, zum groussen Deel künstlech Bedürfnisser, en as drop ugewisen. Dee leschten Smartphone muss et sin, dee virleschte get ewechgehäit. Ëmmer nei Akaafs­tempelen. D’Entfriemung op der Aarbecht verlängert sech an d’Fräizäit, hu mer emol gesot. De Konsum get zum Ersatz fir wierklech Autonomie. Aanrersäits get et awer och – an och zu Lëtzebuerg – nach Bedierfnisser, déi ee wuel kaum als iwwerflësseg oder künstlech ka betruechten: Wunneng, Bildung, et cetera. A weltwäit gesäit et jo nach ganz anescht aus. Emol den Honger hu mer net aus der Welt geschaf – eise Wirtschaftsmodell produzéiert esouguer den Honger, wa mer mat eisen Handelsbezéiungen an Afrika déi lokal Landwirtschaft futti maachen.

Wéi also déi real Bedierfnisser ouni Wuesstum solle befriddegt gin, as keng einfach Fro. D’Thema Verdeelung gëtt ëmsou méi akut. An natiirlech net nëmmen ënnerhalb eisen oder aanre Gesellschaften, ma och tëschent de räichen Industrielänner an de sougenannten Enwécklungslänner. Béides ver­laangt en anere Wirtschafts- an Handelsmodell.

Och zu Lëtzebuerg ass, wéi quasi an allen OCDE­Länner, den Undeel vun de Léin um gesamten neigeschafenen Räichtum (valeur ajoutée) däit­lech erofgaang – am meeschten deen vun ënneschten a mëttlere Léin. Lounverzicht vum Gros vum Gros vum Salariat heescht näischt anescht wéi Erhéigung vum Akommes a Ver­méigen vu Kapitaleegner an Spëtzeposten. A wat geschitt mat deem Akommes a Verméigen? Geet et an Investitiounen? A wéi eng? Fléisst et an déi sougnannte Finanzindustrie? A wat fir en Afloss huet dat op de Wuesstumszwang, wann ee weess, datt grad op de Finanzmäert d’Course no héige Renditen gelaf gëtt? Héich Renditen ouni Wuesstum, wéi geet dat?

Den däitschen Ekonomist Heiner Flassbeck sot dofir, d’Verdeelungsfro kéim virun der Wuesstumsfro. Ech mengen awer, déi zwou Froen misste gläichzäiteg gestallt, an hiren Zesummenhank beliicht gin. Ma da musse se awer och gestallt gin. Leider ass et esou, datt oft déi eng Fro déi aner verdrängt. Déi eng kritiséieren de Wuesstum, an der Regel aus ekologesche Grënn, da réckelt d’Fro vun der Gläichheet an den Hannergrond. Dat erschéngt dann heiandso als eng abstrakt, ondifferenzéiert Verzichts-Philosophie, déi sozial Verwerfungen ignoréiert oder verno­léissegt. Fir déi aner ass Wuesstum en Instrument fir méi sozial Gläichhheet, si vernoléissegen d’Fro vun de begrenzte Resourcen.

Den Thomas Picketty huet a séngem Buch iwwert d’Kapital am 21. Joerhonnert déi heiten Thes opgestallt: Wann d’Rendite vum Kapital méi wiisst wéi de PIB (an dat as d’allgemeng Tendenz vum Kapitalismus), da kënnt et noutgedrongenerweis zu enger Konzentratioun vum Räichtum bei den ieweschte Schichten vun der Popula­tioun, de Kapitaleegner. Genau dat wär an deene leschte Joerzéngten geschitt an hätt zu engem Ausmooss vu sozialer Ongläichheet gefouert, wéi se net méi do war zenter der schlecht genannter Belle Époque. Wa mer dat net wëllen, da kënne mer net no manner Wuesstum froen, ouni un d’Renditen erunzegoen. Dat kann een op zwou Manéire maachen: Den Undeel vun der Léin erhéigen (wann net esouguer vun engem Grond­akommes) par rapport zu de Benefisser – awer dat féiert jo wuel net zu manner Wuesstum? Oder vill méi eng drastesch Besteierung vun denen héigen Akommessen a Verméigen. Et ass och dat, wat de Picketty virschléit.

Wa mer un d’Renditen erugin, si mer am Kär vum Kapitalismus vun haut, nämlech am Finanzsecteur. Wann déi ganz Finanzgeschäfter nëmme géifen drop erauslafen, datt deen een an der Spekulation gewënnt, wat deen aanre verléiert, da kënnt engem dat jo egal sin. Esou as et awer net. Déi sougenannte Finanzindustrie laascht awer mat hiren Rendite-Erwaardungen op déi real Wirtschaft, ob Aarbechtsplazen, Léin et cetera. A verlaangt gläichzäiteg Wuesstum – well och den Ofbau vu Léin an Aarbechtsplazen huet jo finanziell nëmmen e Sënn, wann doduerch d’Produktioun op d’mannst erhalen, wann net erhéicht get, de Maartundeel vergréissert, de Benefiss an de Wäert op der Bourse also gesteigert ginn. Dofir, mengen ech, as d’Roll vun eiser Finanzplaz an der Wuesstumsfro méi relevant wéi d’Entwécklung vun eiser Populatioun.

Grad déi villfälteg Krisesituatioun, mat där mer konfrontéiert sinn, wär d’Chance, och zu Lëtze­buerg ganz eescht d’Fro vun der Zukunft esou ze diskutéieren, wéi de Serge Latouche se zum Beispill opwerft: „Les réactions face à la crise sont un bon révélateur du dilemme qui s’ouvre à nous: relancer la machine à détruire la planète ou inventer une autre société.“ (Revue du MAUSS, 2009/2)

Den André Hoffmann ass pensionéierte Lycéesprof (Philosophie, Däitsch) a fréieren Deputéierte vun déi Lénk.
André Hoffmann
© 2017 d’Lëtzebuerger Land