Noruff op den Auteur Georges Hausemer (1957-2018)

„also: lass!“

Georges Hausemer
Photo: Georges Hausemer
d'Lëtzebuerger Land du 17.08.2018

Fir e Gespréich hat de Georges Hausemer e Rendez-Vous am Haff virum Groussen Theater proposéiert, Enn Juli 2015, um Weekend, „wann et där näischt ausmécht, och sonndes fir d’literatur an d’bicher am asaz ze sinn“. Bei dësem Saz aus senger Mail vun deemools héiert een et eraus: Hei war keen Hobby-Auteur um Wierk, dee mol en passant eppes op d’Blat geschriwwen huet. Nee, och am Héichsummer, wann d’Leit op de Findel hetzen, fir an d’Vakanz ze düsen, kann a soll ee sech der Literatur widmen. Leider hat sech kee vun eis informéiert, datt d’Brasserie Schuman guer net op hat. Ma e puer eise Still stoungen am Haff, a während der nächster Stonn hunn de Georges Hausemer an d’Susanne Jaspers begeeschtert vun hirem neiste Buch geschwat, dat si an hirem Editiounshaus erausginn haten: e literaresche Reesführer vu San Sebastián, där Stad, an där den Hausemer nieft engem Dierfchen an der Eifel a Lëtzebuerg gelieft huet.

Wéi hien um Enn vum Gespréich opstoe wollt, hat hien dunn de Stull um Hënner hänken. Eent vun de gebéiten Deco-Elementer hat sech a sengem Rimm verfaang. Hien huet sech am Krees gedréit, de Stull och, därbaants ech op mengem sëtze blouf, deels faszinéiert, deels iwwerfuerdert vun där Zeen. Sollt ech dem véierzéngfache Laureat vum Concours littéraire national un den Hënner goen, fir him ze hëllefen? Oder géif dat alles just nach méi schlëmm maachen? Während ech iwwerluecht an natierlech näischt ënnerholl hunn, huet d’Susanne Jaspers hie befreit. Nodeems mir eis Äddi gesot hunn, sinn ech d’Iddi net méi lass ginn, datt sech der hei zwee fonnt hunn, egal ob et ëm d’Befreien aus onméigleche Stullkonstruktiounen oder ëm d’Editéiere vu schéinen a gudde Bicher geet. 2012 haten déi zwee hiren eegene Verlag gegrënnt, capybarabooks, benannt no dem resolute Waasserschwäin.

Manner wéi ee Joer no der Stull-Affär, am Abrëll 2016, huet de Georges Hausemer de Blog Ich und mein Tumor ugefaang, op deem hien an essayistisch-biographesche Bäiträg seng Kriibskrankheet dokumentéiert huet. An dësem journal extime huet hie bis zum 75. Chronik-Text vum 9. Juni 2018 mol lakonesch, mol technesch, ma ëmmer am Vertrauen op d’Kraaft vun der literarescher Transformatioun vun Therapien a Klinike geschriwwen, vu klengen a grousse Réckschléi a groussen a klengen Hoffnungen. Um Blog ass dacks Rieds vun engem neie Schreifprojet gaang, dovunner, datt een ale Roman sollt iwwerschafft ginn. D’Loscht, een zäitrelevant an ambitiéist Wierk ze hannerloossen, huet dësen Auteur bis zum Schluss ugedriwwen, och no méi wéi siwwenzeg Publikatiounen (inklusiv senge villen a wichtegen Iwwersetzungen), mee dëse leschte Projet wäert leider Fragment bleiwe mussen.

Duerch d’Literaturzeen gewibbelt

Och wann den Hausemer dacks ënnerwee war, war hien am Hierscht pünktlech fir d’Bicherdeeg zu Walfer. 2016 huet hien direkt bei der Entrée vun der Hal 1 op d’Leit gewaart, mat engem turquoise-groe Stoffhittchen um Kapp, an et war net wierklech kloer, ob hien en aus Marokko, Georgien oder Indonesien matbruecht hat, esou vill war hien an de leschte Joeren ënnerwee, fir Fudder fir seng Reesreportagen ze fannen. Nieft den neie Programm vu capybarabooks hat hien eng Këscht mat ale Bicher vu sech opgestallt: Ramschware, déi kee Ramsch war. Mir hu kuerz gefeilscht, manner per force, éischter als Farce, dunn hat ech ee Koup Bicher am Grapp, fir déi ech lamentabel wéineg bezuelt hat. Ma jiddweree war zefridde mat dësem Deal.

Ech hu se elo viru mir leien, all déi Bicher, déi schonns duerch hire Sound an hire Cover verroden, a wéi engem Joerzéngt se geschriwwe goufen: Situationen (1975), Schill oder die Entfernungen (1982), Iwwer Waasser (1998), Und abends ein Giraffenbier (2006), Fuchs im Aufzug (2017). Dës Lëscht weist, wéi laang a produktiv dës Carrière war: Méi wéi véierzeg Joer laang ass hei een duerch d’Literaturzeen am In- an Ausland gewibbelt, mat Gedichter, Romaner, Kritiken an Erzielungen, mat Iwwersetzungen, Editiounen an intermediale Projeten, mam gewerkschaftlechen Engagement fir de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV), kuerz: mat alle Formater, déi him an de Grapp an an de Kapp gefall sinn. Fir säin extensiivt Liewenswierk gouf hien dunn och 2017 mam wichtegste Literaturpräis, dem Prix Batty Weber, ausgezeechent.

Ee Bréckebauer

An hirer Begrënnung huet d’Jury besonnesch dem Hausemer seng Leeschtungen als Bréckebauer an Initiator ervirgehuewen. A wéi Recht se domadder hat: Wéi d’lescht Joer eng Debatt iwwer d’lëtzebuergesch Literatur ugefaang gouf, déi wéi ee futtisse Knuppert net sou richteg zünde wollt, gouf ee Facebook-Grupp zesummegestallt, an där sech d’Akteuren austausche sollten. Ma déi eng haten de Grupp séier verlooss, déi aner hu matgelies, awer net reagéiert. Ee vun de leschte Messagë koum vum Georges Hausemer; d’Noriicht war duerchsat mat sengem typesch spruddelegen Idealismus, mat där Loscht, d’Schreiwen an d’Liesen ëmmer nees an ëmmer weider unzestëppelen: „also loosst eis op dësem wee weidermaachen, vläicht kritt jo no an no och deen een oder aneren dovun eppes mat, deen net souwisou zum ‚insider‘-krees zielt, dat wär schonn e gehéierege schrack an d’zukunft. also: lass!“

E Méinden ass de Georges Hausemer am Alter vun nëmmen 61 Joer gestuerwen. D’Literaturzeen anno 2018 wier ouni dësen onermiddleche Literaturschaffert a -schreiwert eng aner gewiescht: manner divers, manner international a manner wibbeleg.

Samuel Hamen
© 2018 d’Lëtzebuerger Land